Eis Sprooch mam Lex RothIch hebe Geld auf …

Dat ass deer typescher Knätzelen eng, déi äis esou liicht an eist Däitsch geroden. Natierlech kann een och op däitsch ‚Geld aufheben‘, ower dat huet dann en anere Sënn, wéi wa mir mat der Kaart beim BANCOMAT stin, well dat ‚AUfheben‘ heescht, datt ee Geld versuergt/spuert. Bei äis wëllt dat ongeféier soen, et giff een e bësse vun deene Sue behalen, déi een huet. Maacht iech ower näischt draus; esou Klengegkeete kommen deene Beschte vun äis am Däitsche vir.

Am Franséische fanne mir bei hinne selwer ewell Eefällegkeete wéi je pars à Paris, wat jo am Fong heescht, datt een ewell zu Paräis ass a vun do éierens anescht hi fiert. Je pars à Paris POUR Marseille wier also richteg; et ass eng Fro vu Sprooch-Logik, déi d’Fransouse selwer plazeweis och net méi besonnesch ze stéiere schéngt. ‚Saachen‘, fir déi mir an der Zäit Ponkten hänke gelooss hunn – an dat war ganz gutt – sinn  haut an der Sprooch vum Camus wéi et schéngt och alt net méi esou schrecklech wichteg; vun engem ‚einfache‘ Subjonctif  emol bal net méi ze schwätzen; mat dem Subjonctf imparfait maacht dir iech esouguer nach just lächerlech. E laténgesche Kreesch: O tempora, o mores (o linguae!). Andere Zeiten andere Sitten, domat kann een och liewen, ower ‚besser?‘. Et kënnt een e bësse vir, wéi wann een um Dräirad fir biergof d’Féiss einfach vun de Pedallen erofgehol huet; dat geet méi schëtzeg…mä onkontroléiert, an et ass d’meescht net grad flott ausgaang: Hei richt et no ‚Sproochmoralpriedegt‘, gelldir. An deem veramerikaniséierten Englesch hu mir jo och en Hank, deen den Dickens an de Shaw oder de Marc Twain lénks leie léisst; bedenkt iech dach nëmmen déi Sproochlomperei an de Rappertexten; eng Grujel an elauter…mä et richt no ‚Fräiheet, gelldir. Watfir eng?

Deeselwechte Phenomän kann een an eiser Sprooch fannen; appaart ower, wann do eppes aus dem Däitschen eraus an d’Lëtzebuergescht soll iwwersat ginn; do bleiwen der vill wéi mat der décker Zéiw an enger Tramsschinn hänken. Dat wier jo alles guer net esou schlëmm, wann et ‚privat‘ giff bleiwen, aplaz datt et iwwer de Mikro oder duerch d’Press och nach an d’grouss Fënster gestallt gëtt. Et wier net vu Muttwëll, wann et eppes wéi en ‚Sprooch-Opnahmsexamen‘ giff ginn, dann e ‘Stage‘ iert een op de Radio, d’TV oder eng Internetzeitung giff lassgelooss ginn…wat ower e schéinen Dram ze bleiwe schéngt.

Viru ronn 20 (!!!) Joer hate mir vun der Actioun-Lëtzebuergesch en Heftche vun 80 Säite mat Beispiller vu bekannte Knätzelen aus eiser Sprooch erausginn (natierlech an der Schreifweis vu virun 1990), an dat mat méigleche Léisungen hannendrun. Et sinn der nach en etlech do, an d’Frënn vun eisem RTL.LU kréien et dëser Deeg esouguer gratis. Wien et nach gär fir sech hätt, soll sech um Tel. 470 612 melden; hie kritt et fir 10€ op seng Adress heemgeschéckt. Et ass dowäert. Hei ass et:


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.