Eis Sprooch mam Lex Roth"LUXEMBOURG RESISTS" …

Dat stong viru 75 Joer an alle groussen Zeitungen an englescher Sprooch. Och wa knapps een an der grousser Welt gewosst huet, wouderdäiwel dat ‚Luxembourg‘ geng leien (esou op d’Manéier: somewhere on the way to the States…), mir haten op eng ultradramatesch Fassong den Nazipreise mat dem Streik uechter d’Land definitiv d’Stier gebueden!

Datselwecht haten d’Lëtzebuerger ewell e Joer virdrun iwwer den ‚“dräimol-Neen“ gemaach..a mat deenen zwou Resistenz-Actiounen haten eist butzegt Land a säi klengt Vollek sech ee fir allemol den Adelsbréif ënnert de fräien Natioune (batter!) kaaft. Vun do un ass et, bis haut, an deem Sënn ‚biergop‘ gaang. Datt net jiddereen de ‚Luxoen‘ hirem STAAT säi Bekanntheetsgrad a säi Wuelstand vergonne kann/wëllt – Wauquiez: Juncker et son Grand-Duché de m… / Marini+Montebourg: …des patelins comme le Luxembourg devraient disparître – dorop nëmmen eng Äntwert: Fir den Näid muss ee sech ‚druginn‘; d‘Matleed kritt ee gratis. Mir sinn op jidfer Fall houfreg drop, datt mir alt emol sou ville franséischen an aneren Nopere fir eng Aarbechtsplaz hëlefe kënnen. Passons sans appuyer.

Dëst klengt Schreiwes läit elo just tëscht deenen Erënnerungsfeiere vun deem, wou et hei uewe geet. Dat kann net dacks genuch gesot ginn, well soss gemengt gëtt, eis NATIONAL Eegestännegkeet an eis Chancë vun haut wieren esou aus enger ‚Cloud‘, enger virtueller Wollek, op déi 2560 Quadratkilometercher erofgereent. Am selwechten Zesummenhank wier et garantéiert net vu Muttwëll, wann eis Geschichts-Enseignanten op d’mannst e resuméierten Text giffen zesummestellen, deen och eise jonke Leit géng kloermaachen, watfir engen historesche Glécks- an Onglécksfäll mir eis Plaz an der Welt vun haut ze verdanken hunn…fir äis vläicht grad esou wichteg wéi sech mat deer egyptescher, griechescher, réimescher, germanesch/fränkescher Period ze beschäftegen…woumat natierlech näischt géint deenen hir welthistoresch a kulturell Wichtegkeet soll gesot sinn, déi de Fong vun eiser Geschicht verständlech maachen.

Apaart déi lescht ronn 200 Joer huet eis Sprooch op deem Gebitt eng Roll gespillt, déi een iwwer psychologescht Nodenkes net kann iwwergoen! Firwat mengt ee wuel, datt den Tunn Meyer – 1805   gebuer, héichgebilten Intellektuellen an ausgerechent Mathematiks(net Sprooch-)professer – sech esou ‚ommelzeg‘ mam Lëtzebuergeschen ‚hat‘? De Michel Rodange huet, och nom kompetenten Uertel vum Top-Germanist Cornel Meder, en excellent Däitsch an der Fieder gehat… an äis ower de lëtzebuergesche  Reenert an ‚dem Léiweckerche säi Lidd‘ geschenkt. Den Dicks war e Jurist, deen an Däitschland wéi an der Belsch stodéiert hat; hien ass net aus eiser lëtzebuergescher Literatur ewechzedenken. De Michel Lentz war ee vun den héchste Staatsbeamten, deen a sengem Beruff nëmme mat Franséisch an Däitsch ze dinn hat…an ower fanne mir bei him deer beschter ‚Saachen‘ an eiser Heemechtssprooch. Firwat? Firwat? Firwat? Deene Männer hiren Instinkt an hirt Wëssen driwwer, wou d’Kromm an der Heck geng leien; si sti mat eiser Sprooch bei de Wuerzele vun eisem Heemechtsdenken!

Leider ginn esou Gedankespiller ze dacks am Motzeck vun Nationalismus, Fanatismus, enger Zort vu Rassismus an esou engem ‚Schmecksert‘ vu Faschismus gekuckt. Dobäi ass och nach net richteg bewosst, datt d’Lëtzebuergescht, natierlech e germaneschen Idiom, och säi ganz eegent klengt Liewe féiert… an zugudderlescht den Driff fir eis Sproochsituatioun ass. Fir déi mir jo vun iwwerall hier wierklech beneit ginn. Also dann, bonjour „Luxemborg Branding“.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.