Eis Sprooch mam Lex RothMat de Réimer zu…Schieren

Dëser Deeg gesi mir dann an der Press, datt d’Réimer eis Géigend – fir net ze soen: eist Land – ferm am Grëff haten. Dat kann een a Flouernimm z.B. bei de ‚Kiemen‘ an och nach doriwwer eraus héieren, well ‚Kiem‘ jo näischt anescht heescht wéi ‚caminum‘, wouraus dann och de franséische ‚chemin‘ an esouguer ‚chemin, cheminée, Kamäin/Kamin‘ hierkënnt. Et wier net onintressant, wann e ‚Laténger‘ sech deer Saach giff unhuelen a sougenannt ‚etymologesch‘ no weiderem Latäin an eiser Sprooch siche goen. Echt ass z.B. zu Stroossen eng Adress, déi am Fong 3mol deeselwechten Numm huet: Rue du Kiem, Strassen…d’Strooss vun der (Réimer-) Strooss zu Stroossen. Net onintressant wier et, wann eng gutt Séil emol giff kucken, erausfannen an opzielen, wéivill deer ‚Kiemen‘ hei am Land ze begéine sinn.

Datt et zu Nennig, riichteriwwer vu Réimech e ‚Römermosaik‘ gëtt, ass zimlech bekannt, well sech ewell laang‚ ‚déi aner Säit‘ zerguttst dorëm bekëmmert ginn ass. Iwwer de Mosaik zu Dikrech si mir an der Zäit och ewell gewuer ginn. Zu Duelem gëtt schon zënter Joeren um réimesche Gestengs gegruewen…leider ëmmer erëm wéinst Finanzproblemer gestoppt. Am Tossebierg bei Mamer (dee laanscht de Kiem vun Arel op Tréier läit), huet e Veräin, dee sengerzäit vum Nouspelter Paschtouer gegrënnt ginn war, bis elo eng exemplaresch Leeschtung opweises. Et däerf een sech froen, wéi et mat deenen intressante ‚Réimerspuren‘ um Gebitt vun der ‚Zone commerciale‘ zu Bartreng ass. Wéivill wëssen der, datt den ‚Tëttelbierg‘ bei Rolleng (Lamadeleine) an der Réimerzäit en extrem wichtege Site war; do geet et also net nëmmen ëm ‚Zowaasch‘, e sympatheschen Dampzichelchen an de Patt beim ‚Baache Jang‘. An dann: ewell virun de Réimer: d’Kelten! D’Graf, dat bei Kënzeg fonnt ginn ass, guff esouguer op deer weltwichteger Ausstellung „I Celti“ zu Venedeg am Palais „Grassi“ als eent vun den intressansten iwwerhaapt gekuckt a beschriwwen.

Zu Viichten ass virun net zevill laanger Zäit ee vun de schéinste Réimer-Mosaiken aus Nordeuropa fonnt ginn…glécklecherweis och ‚versuergt‘; vläicht ass et och dowäert, hei drun ze denken, datt den Terrain, mat deem de Sigfried (963) säin Tosch fir säi Bockfiels –Schlass gemaach huet, direkt dowidder läit; do ass deemno historesch ‚eppes lass‘ gewiescht. Dann elo déi formidabel Nouvelle vun deem, wat zu Schieren ‚an der Maach‘ ass. Hei dréint et sech ëm eppes ganz ‚Apaartes‘, well ‚Fresken‘ aus der Réimerzäit eng rar Saach sinn; et freet ee sech, wéi déi an deer Zäit un déi Faarwe komm sinn, déi jo ‚frësch‘ op eng naass Mauer gesat ginn…an dat och nach an enger Qualitéit, wou engem de Mond opstoe ka bleiwen. Hei sief eisem Grand-Duc an dem Staatssekretär Guy Arend merci gesot, datt si am Spezialatelier zu Soissons mat bei d’Aarbechte komm sinn, an doduerch deer Saach e besonnescht ‚Gewiicht‘ ginn hunn…

A wat huet dat dann elo mat eiser Sprooch ze dinn? Ganz einfach: Si ass net op engem Terrain gewuess, deen eng historesch Wüst war! D’Lëtzebuergescht – och wann et net esou geheescht huet – huet mat senger Situatioun Wuerzelen an deenen Ëmstänn. Seng Geschicht gehéiert bei d’Geschicht vun eiser ‚Géigend‘. Eng Ursaach weider, datt eisen ‚National Branding‘ och domat ze dinn huet.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.