Eis Sprooch mam Lex RothLanguage Blending

Natierlech ass et eng gutt Saach, wann eist Land soll iwwer eng „Reklamm-Actioun“ uechter d’Welt bekannt gemaach ginn. Mir hunn en eegent „Gesiicht‘; da solle mir et och weisen! Viru ronn 30 Joer hate mir vum ‚Service Information et Presse‘ mat der Publicatioun VOILÀ an deem Sënn eng Initiative  gehol : eng Zäitschrëft an 3 Sproochen, déi an zeg-Dausende vun Exemplären iwwer d’ganz Welt geschéckt ginn ass… mat engem Bomme-Succès! No 5 Nummeren, huet dee klengkarréierte Geescht vun engem bestëmmte Minister deer Saach den Hals ëmgedréint… an de grousse Chef wollt ‚kee Kaméidi‘. Trauereg, leider 100% wouer!

E klenge ‚Branding‘ fir eis Sprooch‘ gëtt ewell Dosende vu Joeren an eiser Haapt-Press gemaach. Et ka knapps ee soen, dat hätt näischt gedéngt. Wéi sténg et da mam Lëtzebuergeschen, wann zënter 1971 net dofir gewuddert a gewullt gi wier?! Grad an deem Streech gëtt fir den Ament un engem Bichelche geschafft, an deem bewise gëtt, watfir en eegent klengt Liewen eis klinzeg Sprooch bannent eiser ‚gelungener‘ Sproochsituatioun vis-à-vis vun allen anere féiert. Dir kritt an den nächste Wochen, esou wéi hei ënnendrënner,  nach méi ewéi eng Kéier e Wutz dovu mat, fir iech eng Iddi driwwer ze maachen:



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.