Eis Sprooch mam Lex RothStroossen- a Flouernimm

Wa mir gutt nodenken, da versti mir, wat am Fong gehol dat Eelst vu mënschleche ‚Monumenter‘ hei an der Géigend ass: Déi Nimm, déi d’Mënschen enger Plaz an deer Géigend ginn, an deer si ‚doheem‘ waren. Sou konnten si sech an hirer Landschaft erëmfannen, an anere soen „wéi,wou,wat“.  Et besteet och keen Zweiwel, datt et der ënnert eisen Zéngdausende Flouernimm an och Uertschaftsnimm gëtt, déi äis aus der Keltenzäit erhale si bliwwen; vläicht och nach vu virdrun. De Problem: Mir hu Krämpes, dat nach ze kontolléieren oder ze verstoen.

Wa mir am Akt liesen, deen am Joer 963 Vum Sigfried mat de Patere vu bei Tréier fir den Tosch vum Bockfiels gemaach guff, da steet dodran eppes vu „Viulna‘. Dat ass eist „Feelen“, dat mir haut kennen. Wie geet ower erausfannen, wou dann dee laténgeschen Numm hierkënnt. Natierlech sinn do d’Réimer am Spill; et schéngt jo och keen Zoufall ze sinn, datt just an deer Géigend ee vun deene schéinste Réimer-Mosaïke fonnt guff, déi et am Norde vun Europa bis elo gëtt. Déi allerneist Entdeckung vu Wandmolerei (Fresken), déi zu Schieren am Sënn vum Ausdrock ‚un d’Liicht‘ komm sinn, loossen äis drun denken, datt déi Géigend ‚do uewen‘ (cf. Mosaïk zu Dikrech) de Réimer net esou egal schéngt gewiescht ze sinn. Firwat? Et wier net vu Muttwëll, wann emol een sech deemno méi genee mat de Flouernimm (lieux-dits) an deem ganze Streech giff auserneesetzen. Et kann een sech denken, datt do nach munneches net bekannt an och net ‚opgeschafft‘ ass.

Schued ass et och, datt mir nach esou vill deer Uertschaften hunn, wou d’Leit zwar en Numm fir d’Strooss/de Wee gebrauchen, wou Haiser stin an ewell Generatioune vu Mënschen hirt Liewe laang gewunnt hunn…ower am Tëlephonsbuch nach ëmmer nëmme mat ‚Maison 17/ Haus 23/Maison 7‘ ze fanne  sinn. Dat ass eng Saach fir de Schefferot aus deene Gemengen…ower och eisen ‚Inneministère‘ däerft sech (zesumme mam Kulturministère an dem ‚Conseil permanent de la langue luxembourgeoise‘) an deen Zoustand eraschalten. Kloer: Et kann een net vu jidfer Gemengerot verlaaangen, datt si sech do mat deer néideger ‚Kennschaft‘ an déi Saach knéien…mä d’Actioun-Lëtzebuergesch bidd ewell zënter Joeren hir Hëllef fir Stroossennimm un; den CPLL wier sech och bestëmmt net ze schued dofir. Do muss dach ‚eppes ze maache sinn‘.

An dësem Kontext dann nach en anere wichtege Gedanken: Bei deenen Honnerte vu Familljen- an Appartementshaiser, déi uechter d’Land gebaut ginn, ass et normal, datt Nimm fir Strossen an deenen neie Lotissementer gesicht ginn…mä do ginn der och schrecklech vill vun eise Flouernimm wierklech am Sënn vum Ausdrock ‚zoubetonnéiert‘! Fassaden a Gemaier vun ‚ale‘ Gebaier gi klasséiert a gesetzlech ‚festgeneelt‘; eng gitt Saach, ower wéi steet et dann do mat eise ‚gewuessene‘ Stroossen- a Flouernimm. Hei wier et un de Gemengen, bei der Bau-Erlabnes aus dem Erhale vun historesch intressanten/wichtegen Nimm eng ‚Musse-Saach‘ ze maachen…och dat eng Initiativ, déi den ‚Intérieur‘ misst huelen.

Ass et net och zimlech schaufel, datt mir nach ëmmer deer koppeger verdäitschter Flouernimm an der Annonce fir eng notariell Stee musse liesen. Dobäi ass de Kadaster an deem Sënn zënter Joeren um neiste Stand, d.h. datt d’lieux-dits aus dem ganze Land hirt lëtzebuergescht ‚Gesiicht‘ an d’Rei gemaach kritt hunn…an déi sinn och all numeriséiert, also ‚um Computer‘!

Vläicht ass dee ganze Spadséiergank hei villen net esou wichteg…mä da solle mir äis och net iwwer e puer Beem an d’Sträng geheien, déi iergentwou an de Féiss gestanen hunn. Knadder.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.