Eis Sprooch mam Lex RothAll Guddes fir 11111100010

Um Ufank vun de fofzeger Joeren huet de ‘Gummi’, eisen e bësse gelungenen, ower am Fong léiwe Mathematiksprof äis mat eppes ‘noneegemaach’, vun deem deemools knapps ee sech konnt denken, watfir eng Wichtegkeet et eng Kéier kënnt kréien. D’Fach war ‘Arithmologie’, hei de ‘Sytème binaire’… fir äre Schreiwert ‘zidderdäischter‘ Nuecht : Et huet sech drëm gedréint, eleng mat 0 an 1 (2 Zifferen=Binaire) eng Multiplikatioun/Divisioun oder soss e Gerechens fäerdegzebréngen. Wéi och soss a Klassen, hunn eis Mathés-Bosserten sech wierklech e Spaass draus gemaach, fir domat ze jongléieren; mir aner ‚Sproochereider, Nullerten‘ hunn alt nëmme gekuckt, fir engegermoossen ‚duerch d‘Getraisch‘ ze kommen.

Wat huet dat kauzegt ‚Genulls mat Eenten‘ dann elo hei an der KLACK verluer? Mä ouni dat, wat draus entstanen ass, misst äre Schreiwert sech nach ëmmer – esou wéi et joerelaang de Fall war –  d’Fanger ‚arthroseg‘ mat Artikelen op der Hand kropelen. De Genie-Streech, vun deem soll rieds goen,war deen, dat System ‚1 an0‘ op de ‚Plus an de Minus‘ vum Elektreschen eriwwer ze denken…eng Zort ‚Quantespronk‘, ouni deen ee sech d’Welt vun haut dausendfach net ka virstellen! Och wann ‚deen Honnersten‘ net bekäppt‘, wat do eigentlech mat deem Geziffers geschitt…mir klabberen all drop lass wéi déi ‚Grouss‘; ouni dee System praktesch näischt, wat mir ënnert dem Sammelbegrëff ‚Elektronik‘ brauchen a gebrauchen. Mä, gelldir, mir fuere jo och Auto, ouni eng blatzeg Iddi dovun ze hunn, wéi déi Karettaë fonktionnéieren.

Firwat dann elo dat ganzt ‚Gefiederméchels‘ hei an der Iwwerschrëft! Mä fir dem gudde Lieser kloerzemaachen,datt een och op déi Manéier kann e gutt neit Joer wënschen…well 11111100010 ass am ‚Binaire‘ ganz einfach 2018! An eis Sprooch verdréit dee ‚BIT‘, deen näischt anescht ass, wéi (alt erëm) eng weider Ofkierzung aus dem Engleschen, an zwar „Binary digIT ! , sou wéi dann och Kilo-/Mega-/Giga-/Téra-Bit enststan ass. Mir brauchen äis de Kapp net ze zerbriechen, fir ze sichen, wéi dat dann op Lëtzebuergesch soll heeschen. Wéi bei Meter/Kilo/Photo/Tële asw. geet ‚eist‘ (onbewosst) Griechesch déck duer; et sief dann d’Latäin giff och nach seng Roll spillen (Spektiv/Video/Terrain asw.); woubäi een nach däerf ënnersträichen, datt mir den däitsche ‚Fernseh‘ absolut net brauchen, well jo bal jidfer Sprooch sech hei mat deer intressanter Kombinatioun vu Griechesch+Latäin zefridde gëtt, an zwar TELE-VISIOUN, wat am Fong soss näischt heescht wéi ‚Wäitsiicht‘. Mir hunn dach och de ‚Fernsprech(er)‘ net adoptéiert, mä Tëlephon gehol; kee ‚Fernschreiben‘ mä Tëlegramm; och kee ‚Fernglas‘ mä eis Spectiv. Op déiselwecht Fassong kënnt ee sech seng Gedanken esouguer mat ‚Motor, Auto, Mikro an nach enger ganzer Schwadrull Wierder maachen, déi hir Wuerzelen am Griecheschen oder dem Laténgeschen hunn…an domat wierklech Weltsproochstécker gi sinn!

Eng aner Saach, déi engem bei dësen Iwwerleeungen an de Kapp kënnt: Ouni dat ganzt Getëlters a Gemëlters, Genulls a Gëeenters vun hei uewen, wier et och net zu eisem léifste Këndchen, deem ‚Binnert‘ vun Handy a senge verréckte Méiglechkeete komm! Wann een haut rondrëm sech kuckt, da kënnt dat Handy-Gefiederméchels ee vir, wéi d’Kanner, déi ouni hir ‚Sicki‘ bal verluer sinn. Wat geet dann nach bei deene meeschte vun äis ouni SMS (déi Ofkierzung fir ‚short message‘), ouni Photo aus deene Wonnerbéchserchen…oder ouni ‚Selfi‘?…virun deem englesche ‚self‘ hunn esouguer d’Fransousen sech ergin. A wat giff eis geschriwe lëtzebuergesch Sprooch ‚dersonner‘nach ëmmer sou rar dorëmmer schlaufen, fir déi de ‚Mail‘ an den SMS dee wichtegste Cadeau vun de leschten 20 Joer gi sinn!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.