Eis Sprooch mam Lex RothSteigen ?...hu mir net!

Den neien Tram ass eng gutt Saach, och wann dësen oder dee Knadderpitti alt erëm driwwer ze knouteren a kregéilen huet…dat si jo gewéinlech déi, déi nach ni eppes opweises oder gemaach hunn…mä dat maachen se ower gutt! Wéinst den Nimm vun den ‚Halten‘ op deer neier Streck hate mir vun der Actiun-Lëtzebuergesch aus och Kontakt mat der Firma, déi dat Ganzt am Grëff hat a koordinéiert huet. Hir Reaktioun war ganz fein a verstänneg. Do, wou eppes ze maache war a wäert sinn, geet et fir Nimm an eiser Sprooch an d’Rei.

Elo ower nach eppes, dat guer net misst sinn: Bei äis ass nach ni een an en Zuch ‚gestiegen‘, net aus- an och net ëm-gestiegen, héchstens erageklomm oder eraus; deemno ass ëmsteigen natierlech och alt net dat Gielt vum Gackelchen. D’Fro stellt sech natierlech, wéi mir dofir sollte/kënnte soen. Dat Verstännegst wier hei vläicht dee franséischen Ausdrock ‚changer‘, also giff dann zu Kautebaach ‚changéiert‘ fir op Wolz ze fueren. Et sinn der ower elo, fir déi ass dee franséischen Ausdrock e Blatz an den Aen…mä et däerf e jo och froen, firwat mir dann zu 100% vun engem Trottoir an ni vun engem ‚Biergerstäig‘ geschwat hunn an och nach ëmmer schwätzen. Iwregens ass dat Ëm-, Eran- oder Erausklammen eiser typescher Sproochgebräicher een; et huet jo näischt mam Sënn vu ‚Klimmen‘ ze dinn, dat et alt och erëm am Däitschen net esou gëtt, well mir et do jst mat ‚Er-klimmen‘ ze dinn hunn; ‚Klotere‘ kënnt hei souwisou net a Fro.

Eng aner Léisung fir ‚changéiere‘ wier vläicht ‚wiesselen‘, well mir dat Verb ganz natierlech am Gebrauch hunn. Also: Zu Kautebaach ‚changéieren‘ oder ‚wiessele‘ mir den Zuch fir op Wolz; mä mir haten an hu ‚steigen‘ op keng Manéier an eiser Sproochgewunnecht!

Wat dat Gegrommels géint ‚zevill‘ Franséisch am Lëtzebuergeschen ugeet, do kann ee bal nëmmen de Kapp rëselen. Mir mussen dach éierlecherweis bal zouginn, datt wäit iwwer 80% vun de Lëtzebuerger ee vun deene sëllechen däitschsproochegen Tëlevisounsprogramme kucken. Just doduerch huet d’Däitscht hei e Virspronk/ eng Avance, déi d’Franséischt knapps oder guer net kann erëmkréien. Hei verpassen och vill Elteren eng Geleeënheet, fir hire Kanner emol heinsdo e franséische Kannerprogramm ze erlaben, souzesoe ‚bausst der Rei‘, wann si emol eng Kéier aus dëser oder deer Ursaach mussen op e ‚Kinderprogramm‘ verzichten…en ‚Trick‘ wéi en anere fir d’Butzen eng Grimmel un d’Franséischt ze kréien.

Also, dann nach eng Kéier: Mir hu bei deer Tramsgeschicht kee ‚Steigen‘, héchstens ‚Klammen‘; vlächt och nach ‚changéieren‘…dat iwregens net esou schrecklech franséisch ass, mä ganz kloer aus deem Sprooch-Eck kënnt, wou mir och d’Italiéinescht, d’Spuenescht an d’Portugisescht fannen (cambiare, cambio asw.), dem ‚Romaneschen‘. Vun do aus ass ‚changer‘ och an d’Englescht geroden (to change), also weltsproochméisseg! Dann däerf ee sech hei och alt erëm, wéi bei Honnerte vu Beispiller froen, firwat mir muttwëlles esou um Däitsche puddelen?

Dann och nach fir d’xte Kéier: Kee verstännege Lëtzebuerger huet eppes géint dem Goethe, dem Thomas Mann oder dem Günter Grass hir schéi Sprooch…mä mir hunn dees Däitschen esou masseg am Lëtzebuergeschen, datt dat kleespert ‚Sproochkand‘ villzevill vun deer Dampwalz (och hei keen anert Wuert wéi en däitscht!) ermëlzt gëtt. Gitt/Loosst him och eng Chance op senger franséischer Säit.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.