Eis Sprooch mam Lex RothGebaier versuergen. An eis Sprooch?

An der Stad an uechter d’Land gi masseweis Gebaier elo op d’Lëscht gesat, déi verhënnert, datt mat hinnen ‚egal wat‘ ka gemaach ginn; vun einfach ‚ofrappen‘ ass keng Ried méi. Dat ass natierlech eng gutt Saach, well mir wëssen, datt en etlech Kulturflappessen aus der Immobilien- a Baubranche net laang no deem ‚Kulturjirimiri‘ kucken, wann et ëm de ‚money-money‘ geet. Ech kënnt iech z.B. eng ganz flott Geschicht driweer verzielen, wéi dat Haus um Eck Monterey/Dräikinneksgaass(Chimay) an den allerleschte Minutte vrum Bagger gerett ginn ass…well ech just do laanschtkomm sinn, fir op d’Schaff ze goen…an den Här Pierre Werner mäin direkte Chef gewiescht ass. Grad esou ass et, ënnert dem Jacques Santer mat deer ‚Zillefassad‘ vum BGL-Gebai vis-à-vis vum ‘Pôle Nord’ gaang. Méi kriddeleg ass et ewell an der Zäit mat der ‘Sophie’ gewiescht, déi den deemolege Chef vu ‘Sites et Monuments’ beim Staatsminister als ‘Pavés-Monster’ erofgemaach huet; ee Gléck huet sech d’Madame Werner-Pescatore deemools och mat ageschalt: « Mir kënnen dat Haus dach net ofrappen, an deem déi éischt Lëtzebuerger Meedercher hir Première gemaach hunn ! » Wat Saachen, gelldir…mä si stëmmen op den Dibbelchen ! Ee Gléck ass de Georges Calteux am ‘Sercice SM’ un d’Steierrad komm…deen huet sech den Aarm ni béie gelooss, wann et ëm eise ‘Patrimoine bâti’ gong !

Dir kënnt natierlech elo froen, wat datt déi Saach mat eiser Sprooch ze dinn huet. De Fong dovun ass jo ower, datt mir déi kleng Stéckelcher ‚EISES‘ net muttwëlles solle futti maachen…oder goe loossen. Virun allem net nëmme fir äis, also ‚déi vun elo‘, mä virun allem fir déi Generatiounen no äis, déi och nach grëffeg Stécker vun deem fannen a bedenke sollen, wat hir kleng Heemecht war an ass!

Wa mir äis net engegermoossen ëm eis Sprooch bekëmmeren, dann hunn déi Sprooch-Baggeren‘ d’Lëtzebuergescht och geschwënn an e Koup gehäit, vrun allem déi vun ‚deer anerer Säit‘. Do gëtt jo op e sëlleche Plaze gebaggert. Dat mat Ursaachen, déi mengerwärreg keng  ‚Argumenter‘ sinn: al-museal-bauereg-aarm…apaart fir déi, déi, déi d’Lëtzebuergescht net kennen an net kënnen. ‚Nuts‘!, huet de Generol Mac Auliffe virun 72 Joer an der ‚Offensiv‘ zu Baaschtnech de Preise geäntwert, wéi si gär gehat hätten, hie soll kapituléieren. Mir hätten esouguer eng lëtzebuergesch Iwwersetzung fir deen Ausdrock, an zwar ‚Quetschen och!‘ D’Fransouse soen dofir ‚des clous!‘…an de Preisen hätt hie kënnen ‚Nix da!‘ äntweren.

Genee op déi Fassong loune mir och, wann de Sprooch-Bagger vun alle Säiten erbäi op eis Sprooch lassrullt. Egal, ob elo fooooooooooortschrëttlech Intelligenzbäizercher eis Suerg fir d’Lëtzebuergescht konservativ, réckstänneg, mouerzeg, vläicht och naïv fannen: och, a vrun allem eis Sprooch a besonnesch eis – op ville Plaze bewonnert – Sproochsituatioun ass e Stéck vun eisem, uechter d‘Welt respektéiertem souveräne Staat sengem ‚Gesiicht‘. Schued fir déi, deenen dat zimlech egal ass…mä da bedeit d’Zukunft vun de Generatiounen no hinnen och net watderdäiwel e sëlleche fir si. Da bräichten si vläicht e klengen onkomplizéierten Nohëllef-Cours fir eis Geschicht vun de leschten 200 Joer. Dee kënnen si kréien. All Dag. Hallo TV!

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.