Eis Sprooch mam Lex RothPatrimoine oder Matrimoine?

Dem Wuertsënn no ass dat jo, « wat ee vun deene virdru geierft huet », mä firwat nëmme vun de Pappen ? Do hunn dach d’Mammen och eng Roll gespillt, oder ?

Wat elo vun deem Patri-/Matrimoine wichteg ass a bleift, dat ass net mam Lineal ofgegrenzt; d’meescht dréint et sech ower ëm eppes ‘Kulturelles’ ; mä hei kann een dann erëm froen, wat dann elo dat ‘Kulturellt’ soll sinn. Et wier jo net richteg dorënner nëmme ‘Konscht’ ze verstoen an zwar an all hire Facetten (Bauen ; Skulptur a Molerei ; Musek ; Schrëftstellerei…). Och ‚banal‘ Saache wéi traditionell Gebräicher, Gastronomie… an natierlech Sproochen hunn e Recht, als Ierwe vun eise Virgänger (ganz rar och nach ‚Unhäercher genannt) gekuckt ze ginn.

Loosst mer emol e bësse bei der ‚Namminamm‘ bleiwen: Hei kënnt ee jo eng intressant Lëscht vun allen Elementer opstellen, déi speziell fir eng bestëmmte Gesellschaft oder esouguer fir eng ganz Natioun giffe gëllen. Et kann ower och zimlech iwwerdriwwe ginn. D’Preparatioun vun enger Zalot oder eng e bësse méi extra Fassong fir Gromperen ze broden oder e Poulet ze ‚maachen‘… muss een dat ënner ‚Patrimonium klasséieren?  Mir kennen d’Pizza vrun allem aus Italien an d’Paella aus Spuenien, oder och z.B. déi ‚klassesch‘ ‚Choucroûte alsacienne‘… ower rondrëm d’ganzt Mëttelmier fanne mir Variante vun deem ‚Deegdeckel‘ mat dees Genëssegem drop verdeelt; fir e säftegt Sauermous mat zerguttstertem Gesolperten, Mettwurschten, Wirschtercher a Liewerkniddele brauche mir dach net op Stroossbuerg ze fueren… dat mat engem e bësse méi ‚spatze‘ Muselwäin an engem giedelege ‚Pinot Gris/Rulänner‘ donieft kritt een hei zu Lëtzebuerg vläicht esouguer net schlechter… mat eisen onverwiesselbare ‚Wirschtercher. Patrimoine?

Huet dir ewell e bëssere gebakene Fësch éierens anescht giess wéi hei um ‚Mäertchen‘ oder op der Fouer? ‚Eis‘ Mullen an der Wäin- a Ramzëppche kënnen sech roueg nieft all deene weisen, déi ee beim ‚Léon‘ zu Bréissel fënnt. Fir e kruppseg-panéierte ‚Wiener-Schnitzel‘ musse mir och net laanscht déi ‚Blaue Donau‘ fueren; datselwecht fir en ‚Tafelspitz‘, deen als e bësse méi digelech/ feierlech gekachtent Stéck Rëndfleesch(‚paleron‘) hei bei äis mat ‚eises‘ Fleesch an enger immenser ‚Bomisbritt‘  gär mat den Éisträicher hirer Spezialitéit ophëlt.  Wann déi  aus Ostdäitschland/Thüringen sech eng Exklusivitéit fir hir gegrillten Zossisse verbruet patentéiere gelooss hunn (zugudderlescht jo praktesch nëmme wéinst dem ‚Kümmel‘/ Gimmerchen!), da sollte mir äis am Fong och e Patent op eis Wäinzoossiss huelen… déi ech iwregens och nach ni éierens esou wéi bei äis, mat hirer Moschterzoos fonnt hunn! Matrimoine?  Eng ‚Soupe aux haricots /Bohnensuppe‘ ass beileiwe keng Lëtzebuerger Bouneschlupp!… an deer Beispiller wieren nach maandele-dëppe-weis ze bréngen. Mir kënnte fir den Iessekascht eng Lëscht ‚wéi en 8-Auer-Zuch‘ als Iess-Matrimoine opstellen an dat als eises ‚Patrimoine  gastronomique‘  an d’Fënster stellen… ower, gelldir, mir si jo ‚deer‘ keng! Äis feelt och an deem Sënn d’Nuesfir ‚Geschäfts dichtegkeet‘.

Mir hunn ower ee Patrimoine, dee keen aneren heirëmmer opweises huet: Eis SPROOCHSITUATIOUN! Déi Fassong, wéi hei am Land mat de Sprooche jongléiert gëtt, gitt dir a ganz Europa an esouguer uechter d’Welt net méi sichen (d’Schwäiz? Do huet dat sech ganz anescht!). Eis eege Sprooch dréint op der Kräizung tëscht der ‚Germania‘ an der ‚Romania‘ a féiert zimlech ‚labber‘ an d’Englescht eran. D’Lëtzebuergescht ass eng ideal ‚Dréinplack‘, déi äis et méiglech mécht, zimlech liicht an all Sproochen eran ze kommen, déi op eisem Aascht vun den indo-europäesche Sprooche gewuess sinn. Eise klenge Sprass vun deem Aascht solle mir, als absolut spezifesche Patrimoine dofir an Éiere propper a festhalen! Firwat net esouguer d’Lëtzebuerger ‚Polyglossie‘ op UNESCO-Plang? Si ass nun emol eemoleg!...a kritt duerch d’Awanderung/Immigration vun zeg anere Sprochfongen esouguer nach méi eng intressant Nues.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.