Eis Sprooch mam Lex RothKnippercher a Knätzelen…

Spargele sinn, op all Manéier gemaach, eng super-genësseg Saach… loosst mer dat blöd ‚lecker‘ vergiessen, dat ewell zevill TV-méisseg doruechter geeschtert… well mir nun emol ze dacks net vun eisem häerzgepuppelten Houdäitsch ewechkommen! Leider gëtt dann och nawell gär gemengt, dat wier elo esou, well ‚am Radio‘ giff och esou gesot. Mä, mä, mä… Dat kann deelweis stëmmen, well ee fir ‚an de Radio‘ jo (leider) nun emol net brauch ze beweisen, datt een d’Lëtzebuergescht zerguttst am Grëff huet… wat ower elo eng aner Fro wier: Ech kënnt mir virstellen, datt am neie Sprooch-Gesetz eppes doriwwer geng stoen, vrun allem eng speziell Offert, fir „Lëtzebuergesch an der Ausbildung fir Sozialmedien“. Dat wier d’Praxis vun deem Artikel, wou rieds vum ‚Erhalen a Weiderkommen‘ vun eiser Sprooch geet; schéi gesot, ower esou zimlech wéi eng Wollek, déi laanschtschwieft. Mir hunn dach dee gudden a wichtegen ‚INL‘, den Institut fir Sprooch(en); do giff eng eege Sektioun fir d’Lëtzebuergescht op professionellem Plang an der Press eng gutt Saach; et kënnt souzesoen ‚automatesch‘ mat an d’Gesetz erafléissen.

………………………………………………………………………………………………………………………………………………

Hei 2 Beispiller vun de leschten Deeg, déi een da vläicht net méi extra bräicht op de Leescht – oder d’Schëpp – ze huelen: Do gëtt gesot, et giffen och z.B. Spargelen hei am Land UGEBAUT… dat ass sproochlech ganz kloer laanscht den Dill! Mir bauen och ‚un‘, mä nëmmen Haiser uneneen (…Webesch hu bei Müllesch ugebaut); bei Planzen ‚zille‘ mir; also ‚zille‘ mir Spargelen.

 Iwregens soe mir och vu Kanner, déi gutt gewinnt sinn, si wieren éierbar ‚gezillt‘.  ‚Zillen‘ ass eiser stackeegener Ausdréck een, deen op eng Maandel voll Manéieren an d’Lëtzebuer-gescht passt. Dofir kënne mir dat „neimoudescht“ ‚ziichten‘ och vergiessen, dat guer net „nei“, mä just aus dem Däitsche eragerutscht ass… mir huelen déi Saache ‚blannemännches‘ eran. Och Déieren (Hénger, Schwäin, Schof, Beien…) gi bei äis gezillt. Dat hei huet näischt mat iwwerflëssegem Geknadders ze din; entweder huet een en Hank, fir eis Sprooch ze ‚versuergen‘, oder et soll een zougin, datt et engem egal ass… well dat ass, ee Gléck! jo  jidderengem erlaabt, och wa mir domat all Kéier e Stéckelche vun eisem ‚Gesiicht‘ opgin.

En anert klengt Beispill: Op engem flotte Concert huet dëser Deeg e ‚Speaker‘ gemengt, déi flott Musek wier sécher ‚erhuelsam‘ gewiescht… firwat esou spruddeleg-feierlech, wann ee vrun engem Mikro steet. Ower: Iwwerleet emol, wéi dir dat gesot hättJ

Datt den Här Bëschof zwéi jonk Männer geweit huet, ass fir de Bistum natierlech eng (rar) gutt Saach. Si sinn ower elo keng ‚Neipriester‘; dat liest een héchstens am Däitschen, mä et guff nach ni esou hei gesot! Entweder et ass ëmschriwwe ginn, oder et guff vun ‚Neopresbyter‘ geschwat. Gemenkerhand schwätze mir vu ‚Geeschtlechen‘. Den Ausdrock ‚Priester‘ ass net esou wäit vun der Hand ze weisen, well et de ‚prêtre/prestre‘ jo och am Franséischen an de ‚priest‘ am Englesche gëtt. En ‚Neipriester‘ guff a gëtt et am Lëtzebuergeschen ower net! Do geet ‚Geeschtlechen, Abbé oder Paschtouer‘ vu Fall zu Fall am Saz duer… Domat wieren dann en etlech Froen op mengem ‚e-mail’och beäntwert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.