Schläifen a schleefen ...

… heescht am Däitschen nun emol dselwecht : ‘schleifen’; dat ka jiddereen a sougenannte Referenz-Wierderbicher wéi ‘Duden’ oder ‘Wahrig’ fannen. Wien sech de Spaass mécht, fir et am Franséischen oder Engleschen ze sichen, dee fënnt do zwee total verschidde Verben, fir déi zwou Aarbechten.

An der Zäit huet emol ee vun eise Staatsministeren an engem Interview op der däitscher TV gesot, ëm 1870 wier d’Festung Lëtzebuerg ‘geschliffe’ ginn… d’Hénger hu vu Beetebuerg bis op Houfelt gekäckst a gemengt, si missten elo och véiereckeg Gackelcher leeën.

 

Schläifen huet an eiser Sprooch zwou Bedeitungen:

1)      eppes schaarf oder spatz maachen, dat besser schneide soll…

2)      ‘engem et schläifen’, am Sënn vun ‘engem et lafe loossen’, wat iwregens eng oniwwersetzbar lëtzebuergesch Ausdrocksweis ass.

 

Schleefen ass am Lëtzebuergesche grad esou méideiteg (polyvalent):

1)      am Fréijoer ginn d’Wise geschleeft, fir d’Maulëpskéip flaach ze schäeren, deemno also flaach, platt, dem Buedem gläichzemaachen

2)      beim Klapen, Klaatschen hu mir et da mat besch….. Leit ze dinn, déi nawell gär anerer schleefen.

 

An engem Saz zesummegesat, kënnt ee soen, hien hätt engem et gutt geschlaff, deen hien iwwerall geschleeft hätt.

 

Et kënnt ee mengen, op dës Manéier genge mir äis ënner verstännege Leit verstoen, an do hätt kee besonnesch vill ze mëfferen, well et einfach ze kontrolléieren ass… ower: Wéi et dëslescht um Schierm an enger Konferenz geheescht huet, Lëtzebuerg hätt no 1867 seng Festung misse schläifen, hunn ech ferm an d’Frittendëppe getrëppelt, wéi ech (ënner 4 Aen !) da gesot hunn, eis Festung wier net spatz oder schaarf gemaach ginn, well si ni geschlaff gi wier, mä op de meeschte Plaze flaach gemaach guff, well ‘mir’ si hu misse schleefen. Ech hat geduecht, dat wier engem a Germanistik/Geschicht gemasterten an doktoréierten Dozent  séier kloer. Da mengt alt ! D’Äntwert: Dat ass dach egal, d’Sprooch huet sech entwéckelt, si evoluéiert.

Wann esou eng Kueberei ënnert engem Dokterhutt gemautscht huet, dann…loosst mer héiflech bleiwen ; geschleeft gëtt ee souwisou J.

 

D’Entwécklung vun alle Sprooche mécht sech iwwer nei Wierder (entstanen, eriwwergeholl oder ugepasst) an iwwer anerer, déi aus gudde Grënn verblatzen oder verschwannen. Déi Evolutioun leeft ower laanscht den Dill, wann ee mengt, et kënnt een egal watfir en Ausdrock aus enger friemer Sprooch an d’Plaz vun eiser engem setzen, dee gestackt ass a ganz normal gebraucht gëtt (oft/dacks - anstatt/aplaz -zeréck/hannescht,erëm - Maikäfer/ Meedéier - Ameis/Seejomes…). Dann elo natierlech och  schläifen (geschlaff) aplaz schleefen (geschleeft).

 

Aner Äntwerten, déi een dacks ze héiere kritt: D’Leit soen esou… super bëlleg ! Watfir eng Leit ? Woufir elo op eemol ? Zënter wéini soen déi dat dann esou ? Wou hunn si dat hier ?… a wat hunn hir Grousselteren an esouguer hir Mammen a Pappen nach geschwat ? … Al ! Museal ! Normativ !… mat deem ganze ‘Batterklang’ vun Ursaache fir ze gebrauchen!  

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.