LuxFilmFest"Mappamundi", de Film vum Bady Minck

E puer Joer Recherche a bal 2 Joer am Montage huet et gebraucht, fir dass d'Bady Minck hire neiste Film "Mappamundi" konnt finaliséieren.

Mappamundi vun der Bady Minck (07.03.2017)
Mar den Owend left de neitste Film vun der Bady Minck am Kader vum Luxfilmfest.

Bady Minck-Mappamundi/Reportage Annick Goerens



E ganz spezielle Film, dee souguer schonn um renomméierte Sundance Festival an den USA gewise gouf. De „Mappamundi“ ass e ganz extrae Film, deen de Public duerch 950 Millioune Joer Entwécklung vun eiser Welt mathëlt an dat mat Hëllef vu fiktive kosmesche Kartographinnen, erkläert d'Bady Minck. Si entdecken ee bloe Planéit. Da gesäit ee d'Evolutioun vun der Äerd 750 Millioune Joer virun haut. Da gesitt een d'Migratioun vun de Mënschen. An da kommen d'Kaarten an d'Spill, duerch déi gewisen gëtt, wéi sech eis Welt kontinuéierlech verännert. Déi eelst ass 15.000 Joer al an ass op der Schank vun engem Mammut an der Ukrain ageritzt. Dann eng Indianerkaart an eng Kaart aus der Tierkei.

D'Bady Minck huet sech fir d'Recherche och eng eegen Datebank mat iwwer 1.500 interessante Weltkaarten ugeluecht an do daucht och Lëtzebuerg dran op.  Fir d'Zesummenhäng an d'Entstoe vun eiser Welt besser ze verstoen, huet d'Bady Minck de Film "Mappamundi" realiséiert. Vum Entstoe vun der Iddi, iwwer d'Recherche bis bei dat endgülteg Produkt sinn dunn am Ganzen 7 Joer vergaangen.

Um Mëttwoch den Owend leeft de Film fir d'éischte Kéier am Kader vum Filmfestival zu Lëtzebuerg an zwar um 20.45 Auer am Utopolis.