LuxFilmFest-Blog"NEU am KINO" - 7. Dag

De Claude Neu suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

LuxFilmFest (08.03.2017)
"Es war einmal in Deutschland"

Just, well ech mech e Mëttwoch de Moien erëm mat de Lëtzebuerger Co-Produktioune versöhnt hunn, fänke mer dann am siwenten Deel vum Blog, hors compétition, mat enger Lëtzebuergesch-Belsch-Däitscher Co-Produktioun un. "Es war einmal in Deutschland", bei där Samsa Films matzeechent (eng vun den eelste Firmaen, ma och wahrscheinlech déi, déi sech am Mannste beim Choix vun den Dréibicher iert), a bei där de Sam Garbarski Regie féiert, dee mat Samsa schonn op "Le tango des Rashevski" zesumme geschafft huet, an dunn och op engem vun der Samsa hire gréisste Succèsen iwwerhaapt, "Irina Palm", mat där grandioser Marianne Faithfull.  Elo kann ee sech froen, wat de Belsch Garbarski dozou gefouert huet, e Film an däitscher Sprooch ze dréien. Do ass d'Äntwert ganz einfach: de Cineast huet déi 22 éischt Jore vu sengem Liewen a Bayern verbruecht, ier en an d'Belsch schaffe gaangen ass. Formell gesinn ass de Film klassesch a konventionell, wat vläicht erkläert, firwat ee viru kuerzem op der Berlinale ouni grouss Resonanz gewise gouf. Ma op inhaltlechem Plang muss ech soen, dass reng säi Sujet mech verblüfft huet. Well wien huet sech virdrun ewell mat deene 4.000 Judde beschäftegt, déi nom Krich an Däitschland bliwwe sinn? Oder mat deene vun hinnen, déi vläicht oder wahrscheinlech mat den Nazie kollaboréiert haten? A sengem Film zerwéiert den däitsch-belsche Regisseur ons gläich béides. Mat engem excellente Moritz Bleibtreu an der Haaptroll, dee probéiert mat e puer Komplizen, d'Textilfirma vu sengen Elteren erëm un d'rudderen ze bréngen, fir genuch Goss zesummenzeschären, dee si all kéint an d'Land vun den (deemools) onbegrenzte Méiglechkeeten bréngen. Ma um gudde Jong oder "Sonn", wéi de Grand-Duc Jean géif soen, hänkt eng Uklo. Hien ass iergendwou an de Genoss vun engem zweete Pass komm, während hien am KZ souz, a muss sech elo dem amerikanesche Befreier stellen, deen all Ursaach huet, un de gudden Absichte vum Stoffhändler ze zweiwelen. Ganz subtil gräift de Regisseur d'Thema op, léisst déi Gutt net ze gutt, an déi Béiss ni ze béiss erschéngen. Dass de jonke Judd sech am KZ eleng mat senge Witzen derduerch gebaggert huet, ass jo och schwéier ze gleewen.  An dach... Et ass gréisstendeels engem vun den Nazibonzen, wou hie seng privilegiéiert Situatioun verdankt. Dee Béisen gëtt mat ersiichtlechem Genoss vum Christian Kmiotek verkierpert, dee sech, a mat Recht, net ganz esou béiss fënnt, a mat Freed op déi Produktioun zeréck kuckt.

Extrait Christian Kmiotek

Wat besonnesch un "Es war einmal in Deutschland" bestécht, ass de Fait, dass ee sech trotz senger eeschter Thematik ni a Selbstgefällegkeet oder Pathetik, suhlt. Ganz vill Witz an esouguer Poesie haften him un, besonnesch an deene Momenter, wou e behënnerten Terrier mat nëmmen 3 Been an d'Bild kënnt, deen och als Éischten um grousse Schierm ze gesinn ass. E Krichsfilm ouni Pathetik a mat originellem Bléckwénkel op déi éischt Nokrichsméint kritt een net all Dag ze gesinn an dofir wier et wënschenswäert wann der bei der Lëtzebuerger Sortie de 5. Abrëll dat Wierk géift direkt mat der ganzer Famill kucke goen. Et sief dann, der fannt nach Tickete fir d'Avant-Première en Donneschdeg den Owend um 19.00 am Utopolis.

Ier ech mer den Owend um 20.30 an d'Cinemathéik "Dark Night" iwwer d'Schéisserei am Colorado ukucke ginn (méi heiriwwer da muer an dësem Blog), deen och en Donneschdeg den Owend nach eemol um 21.00 am Utopia leeft, soe mer nach, dass mäi leschte Kompetitiounsfilm en Donneschdeg um 20.30 Auer de belsch-franséische "Grave" wäert sinn, an deem Studente-Bizuetagen an hier iwwerdriwwen Mutt-Tester sech hin, bis zum eekelechsten Horrortripp profiléieren. Kollegen, déi e gesinn hunn, sote mer, ech soll mech fir dee ganz waarm undinn an d'Scheiklappe matbréngen.

Betoune mer och nach um Enn, dass en Donneschdeg den Owend dee flott-frëschen "Open Screen" am Quartier Général bei der "Gëlle Fra" um 19.00 eis Film-Amateuren nees invitéiert huet hier eege Wierker eranzeginn. Thema vum Owend ass da logescherweis "Bring your own movie".


DOSSIER: Blog, News, Gewënnspiller a villes méi iwwert de Luxfilmfest 2017.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.