Film vun der WochKONG: SKULL ISLAND vum Jordan Vogt-Roberts

Frot mech net, wien den Jordan Vogt-Roberts ass, säin éischte Film THE KINGS OF SUMMER hunn ech net gesinn. Mä wat ech zënter e Mëttwoch definitiv weess, ass datt de Jordan Vogt-Roberts mat KONG: SKULL ISLAND e Film gedréint huet, deen 2017 ee vun de gréissten Erfolleger am Box-Office wäert sinn. An dat ass absolut berechtegt…


Zënter 1933 ass de Personnage vum risege Gorilla “Kong”, dee mer all aus dem Film KING KONG vum Ernest B. Schoedsack a Merian C. Cooper (no enger Iddi vum Edgar Wallace) kennen, an deen de wuel bekanntste “Monster” aus der Kinogeschicht ass. Mat fir 1930er Jore genialen Trickopnahme vum Willis O’ Brien an enger “scream queen” (Fay Wray), déi et a sech hat, war den original KING KONG net nëmmen e fantasteschen Abenteuerfilm, deen d’Zensoren op de Plang geruff huet (am Ufank goufen e puer Zeene geschnidden), ma et war och eng onorthodox Liebesgeschicht, déi villen net an de sakrosankte Krom gepasst huet.


Kee Film, weder deen deiersten nach deen technesch perfektsten, kann den Zauber vum éischte KING KONG reproduzéieren, a mer wëssen alleguer, wéi oft dat offiziell oder inoffiziell ronderëm d’Welt versicht gouf. Dem John Guillermin säi “Kong” vun 1976 mam Jessica Lange war – bis op eng schéin erotesch Zeen – absolut lächerlech, an dem Peter Jackson säi Remake vun 2005 war technesch perfekt, mä iwwerlaang an iwwerlueden, obwuel e mir – als absolute Kong-Fan – deemools vill Freed gemaach huet. A Japan hu riseg Afe sech och oft mam Godzilla zerklappt, an ech ka mech och nach vague un e Maachwierk erënneren, dat KONGA geheescht huet. Et sief, “mäi” Gorilla vun 1933 ass a bleift dee beschten.


KONG: SKULL ISLAND vum absolut onbekannte Jordan Vogt-Roberts versteet sech dann och net als Hommage un oder Remake vum Original, mä als “Monsterwell” fir dat 21. Joerhonnert. Vergiesst JURASSIC PARK 1, 2 an 3, vun dëser Woch un ass de KONG Här a Meeschter an der Bud, well hie weist hei souguer dem amerikaneschen G.I. wou de Bock d’Lach an de Kong d’Fauscht huet.


D’Geschicht spillt 1973, just dee Moment wou d’Amerikaner am Vietnam de Schwanz bäizéien an heem fléien. Ier se allerdéngs heem dierfen, sollen de Leutnant Packard a seng Helikopterpiloten eng Fuerschungs-Expeditioun op eng geheimnisvoll Insel encadréieren, wou anscheinend eiser Här seng Schëpfung nach net ganz ofgeschloss huet. Kee Mënsch weess wat se do erwaart, ma et dauert net laang, bis de Kong d’Helikoptere vum Himmel pléckt, wéi wann et Mécke wieren. Well dee groussen Af huet net gär, wa Leit op senger Insel optauchen, an do mir näischt dir näischt Bommen erofgeheien. Fir d’éischt schéissen an dann iwwerleeën, schéngt jo nach ëmmer de Motto an Amerika ze sinn, mä hei geet de Schoss no hanne lass. Déi puer Iwwerliewend mussen elo also an engem immens geféierlechen Ëmfeld (de Kong ass net deen eenzege Béischt deen op der Insel haust) e Wee fannen, fir aus dem Schlamassel eraus an nees heem ze kommen …


Samuel L. Jackson, Bree Larson, Tom Hiddleston, John C.Riley a John Goodman sinn d’Acteuren, déi sech mam Af erëmklappe mussen. A verschiddener vun hinne ginn dann och fir hire krankhafte Virwëtz bestrooft, heiansdo op eng zimlech rabiat Aart a Weis, ma dann hunn se et och verdéngt. Dir hutt deemno verstanen, datt d’Schauspiller am KONG: SKULL ISLAND eigentlech alleguer Niewerolle spillen, well d’Stare vun deenen zwou Stonnen Actionspektakel sinn den Af an déi sëllech aner Kreaturen (mat laangen Zänn), déi an den Hielen ënnert der Insel hausen.

Dat eenzegt wat mech dës Kéier ganz besonnesch gestéiert huet, ass den onnéidegen 3D, well vill Zeenen am Däischtere spillen, huet ee méi wéi eng Kéier d’Gefill, dass dat Ganzt an engem Tunnel gefilmt gi wier, dee just mat enger 50-Watt-Bir ausgeliicht gouf. Ech freeë mech elo schonn op de BluRay an 2D!

Jemp Thilges

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.