LuxFilmFest-Blog"NEU am KINO" - 8. Dag

De Claude Neu suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

Dat flott um Internet ass, am Géigendeel zu Radio, Tëlee oder esouguer Printmedien, dass ee kann online goen, wann et engem dono ass an net zu diktéierter Stonn. Den Nodeel bei engem Filmfestival dogéint ass, dass ee Leit a Filmer hannendru leeft a ni esou richteg weess, wat wou elo wierklech ka passéieren, nodeems ee säi Planning méi oder wéineger gutt am Grëff hat. Dëst, fir Iech ze erklären, firwat dëse Blog elo op eemol scho viru Mëtteg erschéngt. Et gëtt keng Press-Screeninge méi, de Festival geet sengem leschten Drëttel entgéint, an haut hunn ech nach just ee Selektiounsfilm um Programm, dee bluddegen "Grave" aus Frankräich (Cinemathéik um 20.30). E puer Kollegen hu mech gewarnt, dass d'Ambiance vum Film genee sengem Titel entsprécht, an esouguer nach vill méi (ech ka mer net verknäifen, ze lästeren an ze behaapten, dësen Titel wier och an totalem Aklang mat der politescher Situatioun vum Ablack a Frankräich, ma dat ass e ganz anert Thema).

Bluddeg Ambiance hat ech mer och e Mëttwoch den Owend erwaart vum amerikaneschen "Dark night", deen di lescht Stonnen aus dem Liewe vun e puer Amerikaner beschreift, just ier si 2012 an engem Kino am Colorado am Mëttelpunkt vun enger Masse-Schéisserei stoungen. An och do koum et aneschters, wéi ech geduecht hat. "Dark night" as kee story telling, ma gëtt just Ambiancen erëm. Hëtzt, Langweil, Zillosegkeet vun der Jugend an amerikaneschen Mëttel-oder Klengstied. Alles dréit ronderëm de Shopping Mall, soss gëtt et, ausser dem schéine Pool bei all Haus, näischt ze räissen a näischt ze bäissen. Dem Tim Sutton säin éischte Laangfilm ass en atmosphäresche Genoss. Lues zitt d'Kamera iwwer d'Haiser, sträift e Meedchen, wat sech enger richteger Selfie-Orgie ausliwwert, e jonke Familljepapp deen de Mond doheem net opkritt a sech dofir wahrscheinlech am Schéiss-Club defouléiert. Oder eng Mamm, déi sech Suerge mécht iwwer hire kulturell talentéierte Fils, deen nieft hir sëtzt mam Gesiichtsausdrock vun engem Fësch, deen ee grad aus dem Waasser gezunn huet. D'Langweil aus där Stad klëmmt engem no a no och an d'Glidder, mä net onbedéngt gekoppelt mat Langweil virum Film. Op alle Fall net wann een Interesse u schéine Biller an enger super Tounqualitéit huet. Wien dem Larry Clark seng "no future" Jugendfilmer gären huet, kënnt hei op seng Käschten, well dëse Film ass sichtlech vun him, a vläicht och eng Grimmel vum Gus van Sant sengem "Elephant" inspiréiert, deen 2003 zu Cannes d'Palme d'or ewechgedroen huet, net grad zum Gefale vun der Majoritéit.

Et kënnt am "Dark night" net emol zur Schéisserei. Eleng duerch di Ambiance, di eng immens Einsamkeet an där Stad erëmspigelt, soll dem Zuschauer bewosst ginn, firwat et zu esou extreme Situatiounen an enger Stad ka kommen, an där di meescht sech um Näischt festbäissen, fir sech e minimum Liewenskraaft ze ginn. An dat geléngt dem Cineast ouni Weideres, deen hei eng immens atmosphäresch Aarbecht ofliwwert, zum Leidwiesen vun deenen di komm waren, fir eng Geschicht ze gesinn.

A genee nieft mir sëtzt an der Cinemathéik de Killer. Stolblo An, déi ee mat Momenter um Schierm vu Keelt erstarre loossen. Net esou am Sall. Hie schéngt e bësschen onmotivéiert wéi déi Jonk um Ecran, geet de Film presentéieren, mat e puer knappen, scheie Wieder, kënnt erëm a grinst mech un, ier e sech a säi Sëtz fale léisst: " I did great, did'nt I?"



Nom Film schéngt en erliichtert, witzelt e bësschen an äntwert konzentréiert op Froen. Engem jonke Mann seet hie mat Grinsen, hie wier geneesou e Psychopat wéi de Killer, deen en am Film interpretéiert. Mir, op meng Fro, ob di amerikanesch Jugend dann effektiv generell esou ouni Loscht an Zil wier, wéi an dësem oder iergend engem Larry-Clark-Film, seet en, dat géing an esou Stied net ausbleiwen, wou jiddereen dat selwecht Haus, dee selwechten Auto an dee selwechte langweilege Beruff huet. Hien extrapoléiert dann op Europa a seet eis, hei um Festival wier en erstaunt ze gesinn, wéi vill Erwaardung an de Leit stécht. A wéi vill Aktiounsfräiheet a kulturellt Behuelen an Amerika op Veto géing stoussen. Hei bei ons begréisst hien et, ze gesinn, dass och Männer am Schlo-Reen e Prabbeli iwwer sech halen. Dohanne géing dat duer goen, fir dass all Mënsch sech op der Strooss géing ëmdréien.

Et ass engem sou muenches bewosst ginn, an dësem Film an deem net vill Wierder awer ëmsou méi Gesten a Behuelen d'Onwuelsi vun den opkommende Generatiounen erkläert.

Ob de Jury dat e Freideg den Owend ze wierdege weess, ass nach onsécher. Ma just virdru resuméieren ech Iech e Freideg meng Favoritten. An e Samschdeg gi mer dann duerch de "Luxfilm-Palmarès". Deenen, déi e Freideg net bei der Präis-Iwwerreechung an dem  Filmhommage un de Museker Django Reinhardt kënnen derbäi sinn (Utopolis 19.00), leeën ech nach eemol dee flotten a witzegen "Glory" aus Bulgarien un d'Häerz, mat engem Eisebunn-Mechaniker, engem Sak voller Geld an enger Auer, déi dem éischten nëmme Misär bréngen (Cinemathéik 20.30). Och hie kéint mat enger Auszeechnung heem goen.

DOSSIER: Blog, News, Gewënnspiller a villes méi iwwert de Luxfilmfest 2017.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.