LuxFilmFestEt rumouert hannert de Kulissen

De LuxFilmFest ass e Succès, mat méi Leit dës Editioun wéi wahrscheinlech déi virdrun. Hannert de Kulisse schéngt et awer Divergenzen ze ginn.

LuxFilmFest: Onzefriddenheeten hannert de Kulissen (09.03.2017)
De LuxFilmFest ass e Succès, mat méi Leit dës Editioun wéi wahrscheinlech déi virdrun. Hannert de Kulisse schéngt et awer Divergenzen ze ginn.

Onzefriddenheete beim LuxFilmFest / Claudia Kollwelter

Grond dofir ass de Fait, datt d'Lëtzebuerger Produktiounen dëst Joer all Ausser-Kompetitioun lafen. Dobäi ware 5 Lëtzebuerger Filmer op internationale Festivaller dobäi.

Zejoert waren 3 Lëtzebuerger Produktioune beim LuxFilmFest nach an der Kompetitioun fir de beschten Documentaire a fir den internationale Präis. Dëst Joer gesäit et awer ganz anescht aus: déi Lëtzebuerger Filmer lafen all ausser Kompetitioun. De Film "Mappamundi" vum Bady Minck, gouf souguer schonn um renomméierte Sundance Festival an den USA gewisen. Zwee Filmer vun hirer Filmgesellschaft "Amour Fou" goufe gewisen, ma waren net an der Kompetitioun.

Och fir de Vincent Quènault vun der Produktiounsfirma "Red Lion", déi de Film "Barrage" produzéiert hunn, ass de Choix net ze erklären.

D'Filmer gi vun engem onofhängege Comité ausgesicht. Dorënner och déi fir d'Sektioun Films made in/with luxembourg. Den Nico Simon vum Comité artistique iwwert de Choix: De Comité vum Festival vu Lëtzebuerg huet dës Filmer erausgesicht, net fir an d'Kompetitioun mä fir an eng niewe Selektioun, grad sou wéi bei aneren internationale Festivaller, wou déi Filmer vun deene geschwat gëtt net an der Selektioun waren, mä an niewe Selektiounen.       

De Filmfong, deen och e Vertrieder am Comité artistique huet, wollt näischt an de Mikro soen. Et wier hirer Meenung no awer onglécklech, datt kee vun de Lëtzebuerger Filmer an der Kompetitioun wier an et misst een nom Festival vläicht envisagéieren eng Analyse vun der Selektioun ze maachen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.