Film vun der WochBEAUTY AND THE BEAST vum Bill Condon

Stelle mer mol eppes vu vir era kloer: Ech kréien d’nächst Woch 64 Joer, sinn also sécher kee “spring chicken” méi, mä ech hunn, an dat ka mäin “Entourage” bestätegen, meng Kannerséil nach ëmmer net verluer. Ech sinn och als Mathusalem nach ëmmer “e grousst Kand.” An ech war nach ëmmer e grousse Frënd vu Walt Disney Filmer, sinn e Fan vu Mäerchen a vu Musicals am Kino. Den Zeechentrickfilm “Beauty and the Beast”, deen de Gary Trousdale an de Kirk Wise 1991 fir Disney gebastelt hunn, gehéiert zu menge Liiblingsfilmer – ëmmerhi war dat och deen eenzegen Animatiounsfilm, dee jee fir den Oscar vum beschte Film vum Joer nominéiert gouf. Wéi ech do virun annerhallwem Joer héieren hunn, datt Disney géif un engem Remake mat richtegen Acteure schaffen, sinn ech fir d’éischt erschreckt. Dunn hunn ech mer gesot, firwat net? Wa si et mat “Maleficent”, “Cinderella”, “The Jungle Book” a “Pete’s Dragon” ronn kruten, firwat net och mam “Belle et la Bête”. Vun deenen zwee « Alice in Wonderland » Filmer schwätze mer léiwer net.

De leschte Sonndeg Moie war ech dann och ee vun den iwwer 3.000 Leit, déi hei zu Lëtzebuerg bei der Rotary Club-Première vu “Beauty and the Beast” dobäi waren. An ech kann iech eppes soen, obwuel mäi Sall (wou d’Originalversioun gelaf ass) bis op de lëschte Sëtz strubbelvoll war, huet während 130 Minutte kee Mënsch gemuckst, keen huet säin Handy erausgeholl oder mat Popcorn ëm sech geschmass – et war bal wéi an der Mass (ech soen dat, obwuel ech scho laang net méi an enger Mass war). A mat Momenter si souguer Tréine gebonzelt, bei menger Madame, déi nieft mer souz, an och bei aneren am Sall. Ech fir mäin Deel hunn éischter vu Freed gepinscht, well Disney alt nees eng Kéier gewisen hunn, wat si kënnen an datt et kee bessere gëtt, fir gudde Family-Entertainment ze liwweren. Woubäi allerdéngs gesot muss ginn, dat kleng Kanner awer vläicht fäerte kënnen, well e puer Zeenen am Film sinn, wou een et scho mat der Angscht ze di kritt.

Mat Hëllef vun enger Rei vu ganz gudde Schauspiller (brillante Casting: Emma Watson, Dan Stevens, Luke Evans, Josh Gad, Kevin Kline, Emma Thompson, Stanley Tucci, Ian McKellen, Ewan McGregor) a vu wierklech genialen digitalen Tricktechniken hunn de Bill Condon a seng Equipe e Film ofgeliwwert, deen am Box-Office direkt duerch de Plafong goung an deen zimlech séier wäert eng Milliard Dollar Recetten an der Welt maachen. An all Cent dovun ass verdéngt.

BEAUTY AND THE BEAST ass e Musical, e Mäerchefilm, e Grujelfilm, eng romantesch Komedie an awer och eng Lektioun iwwer Toleranz an Ignoranz - et gi gläich e puer gemëschte Koppelen an der Geschicht: de Personnage vum Le Fou ass homosexuell, d’Libesgeschicht tëscht der schéiner jonker Fra an engem gräissleche Monster ass och net grad “ouni” a – Trump léisst gréissen - d’Belle gëtt quasi a sengem Duerf verstouss, well hatt Bicher liest a keng domm Toz wëll sinn, wéi déi aner Kettien, déi just de Männer nolafen. Eng vun de schéinsten Zeenen am Film ass dann och déi, wou d’Béischt dem Belle seng gigantesch Bibliothéik weist an déi Zwee iwwer de Shakespeare schwätzen. Iwwerhaapt sinn d’Personnagen am Remake vill méi ausgeschafft wéi am Zeechentrickfilm – et gesäit een direkt am Ufank wéi et derzou koum, datt de Prënz an d’Béischt verwandelt gouf, da léiert een dem Belle säi Papp besser kennen, an enger Réckblend gesäit een och, wat mam Belle senger Mamm geschitt ass – iwwerhaapt ass dat Ganz vill méi “etofféiert” wéi de Film vun 1991. 

Den Alan Menken huet och e puer nei Lidder komponéiert, d’Emma Watson séngt wéi eng Nuechtegailchen a souguer d’Béischt dierf sange – en enger Zeen, déi wierklech un ee geet. Et gesäit een och, datt de Regisseur Bill Condon e richtege Cinephile ass – am Ufank denkt een un “The Sound of Music” a wann de Gaston a seng Matbierger bei d’Schlass vum Béischt zéien, fir et ze killen, ass de “Frankenstein” och net wäit ewech. De Condon hatt 1998 e Film gedréint, dee “Gods and Monsters” heescht, an deem et em de Regisseur James Whale goung, deen de “Frankenstein” gedréit huet. 

Och wann et bestëmmt Leit ginn, déi allergesch op dëse Cocktail reagéiere wäerten, ass fir mech dëse BEAUTY AND THE BEAST schonn ee vun de ganz grousse Filmer vun 2017. Disney huet et fäerdeg bruecht, aus Gold en Diamant ze maachen!


                                                                        Jemp Thilges

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.