Film vun der WochVISAGES, VILLAGES … en Dokumentarfilm vum Agnès Varda a JR

D’Regisseurin Agnès Varda gouf zwar an der Belsch gebuer, ma si ass eng vun de bekanntste Gestalte vun der « nouvelle vague » am franséische Kino, wou si eng vun de wéinege Frae war, déi deemools an de 1950er a 1960er Joren de Kino vun ënne bis uewen nei erfonnt hunn. Hir Spillfilmer goufe weltbekannt, zum Beispill de « Cléo de 5 à 7 », « Le bonheur » oder, méi spéit « L’une chante, l’autre pas », « Sans toit ni loi » oder « Jacquot de Nantes », dee se als Hommage un hire verstuerwene Mann, de Jacques Demy gedréint huet, dee mat Filmer wéi « Les parapluies de Cherbourg » oder « Les Demoiselles de Rochefort » och de klassesche Musical nei erfonnt huet. D’Agnès Varda war och eng gutt Frëndin vum Jean-Luc Godard, deen an engem vun hire Kuerzfilmer souguer säi legendäre Brëll ofgedoen huet, wat e soss ni gemaach huet. De Godard spillt och am VISAGES, VILLAGES eng wichteg Roll, allerdéngs keng ganz agreabel. Hautdesdaags dréint déi mëttlerweil 88 Joer al Regisseurin nëmmen nach Dokumentarfilmer a këmmert sech ëm d’Editioun vun hiren an dem Jacques Demy senge Filmer op DVD.

Den zweete “Regisseur” vum Film ass de Fotograf JR, deen dofir bekannt ass, datt hie gigantesch Fotocollagë mécht, déi hien op Schëffer, Zich, Haiser, Monumenter, Ruinen an e ganze Koup aner Sitten “oppecht”.  D’Agnès Varda an de JR hunn 2015 decidéiert, zesummen en Dokumentarfilm ze dréien. Do si se mam JR sengem “Photocamion” méi oder wéineger “aufs Geratewohl” an d’franséisch Provënz gegondelt, wou se Leit an hirem ganz normalen Alldag oder bei hirer Schaff fotograféiert hunn, an hinnen da mat zum Deel haushéije Collagen e Monument gesat.  De “Photocamion” ass eppes wéi e Photomaton op d’Rieder, wou no e puer Sekonnen op der Säit risegrouss Biller erauskommen, déi de JR da mat sengen Assistenten op Fassaden oder aner Saachen drop pecht.

Zu Cannes ass de VISAGES VILLAGES dëst Joer “hors concours” gewise ginn an huet bei der Kritik fir vill Luef an och fir vill Tréinen an den Ae gesuergt. En onofhängege Jury huet dem Film dann och e Präis fir de beschten Documentaire ginn, wat méi wéi verdéngt ass. Well de Film ass net nëmmen en herrlechen “hommage aux petites gens de la France profonde”, déi am Kino sou gutt wéi ni zu Wuert kommen, mä en erënnert sech un d’« Nouvelle Vague » an de Jean-Luc Godard, mat zum Beispill enger formidabeler Zeen am Louvre, wou mer un dem JLG säi mythesche Film « Bande à part » erënnert ginn. Leider ass de Godard mëttlerweil zu engem granzegen ale Pätter ginn, deen deemno op der enger Säit fir vläicht déi schéinsten Zeen am Film responsabel ass, op der anerer Säit awer och fir eng Sequenz, wou ee Loscht hätt, dee « griesgrämege » Schwäizer Pätter op d’Panz ze fachen.

De VISAGES VILLAGES ass fir mech de beschte Film, deen ech an den éischte sechs Méint vun 2017 gesinn hunn. Obwuel natierlech villes vun der Rees am Viraus logistesch geplangt war, huet een d’Gefill, de Film wier improviséiert, souzesoen « vun der Long op d’Zong » gefilmt, well vill Sequenzen eigentlech eréischt an der Interaktioun mat de Léit, déi d’Agnès an den JR begéint hunn, entstane sinn a Form kruten. Op der Tounspur ënnerhalen déi zwee sech ënnerwee, loosse Wuertspiller fléien an diskutéieren net iwwer Gott an d’Welt mä iwwer déi sëllech Mënschen, déi hinnen iwwer de Wee, virun d’Kamera a virun de Fotoapparat lafen … an déi sech dann, e puer Deeg méi spéit, als Risen op Maueren erëmfannen.   

Souwuel plastesch wéi och akustesch an och op mënschlechem Plang ass VISAGES VILLAGES en eemolegt Erliefnes, gesat de Fall et ass ee bereet, Mënschen an hirem Alldag ze begéinen an hire Geschichten nozelauschteren, déi soss vläicht banal géife kléngen, mä duerch d’Kamera an den Talent vum Agnès Varda subliméiert ginn. Ech fir mäin Deel (a vill vu menge Kritikerkollegen) hunn de Kino op jidder Fall no der Virstellung op enger rosa Wollek verlooss, well VISAGES VILLAGES ass net nëmmen eng Reklamm fir de franséische Kino ma och de Beweis, dat ee mat ganz wéineg Suen absolut Meeschterwierker schafe kann. Wat déi butzeg Fra hei geleescht huet, geet net op eng Kouhaut - dofir brauch ee schonn d’Fassad vun e puer Haiser.

                                                                                                                                                                                  Jemp Thilges

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.