Film vun der WochWAR FOR THE PLANET OF THE APES vum Matt Reeves

Et gehéiert zum gudden Toun – an et ass och ganz oft berechtegt – fir sech iwwer d’Lidderegkeet vum amerikaneschen Ënnerhalungskino opzereegen. Wann d’Kreativitéit systematesch vu Produzenten ënnerdréckt gëtt,  déi hirem Publikum ëmmer an ëmmer nees de selwechte Schrott zerwéiere wëllen, dann dierf ee sech net wonneren, wann esou onméiglech Saachen derbäi eraus komme wéi Baywatch oder Despicable Me 3, wou ee sech als Spectateur schumme muss, iwwerhaapt am Kino ze sëtzen, well et wahrscheinlech méi spannend wier, doheem d’Telefonsbuch ze liesen.   

Gott oder wiem och ëmmer säi dank, dat et awer nach Dréibuchschreiwer, Produzenten a Regisseure ginn, déi nach wëssen wat e gudde Film ausmécht a wéi ee säi Publikum net fir blöd hellt, souguer wann ee mat recycléiertem Material schaffe muss. Ënnert all deene Fortsetzungen a Remaken, déi eis Kinoen ëmmer méi dacks iwwerschwemmen, goufen et dëst Joer e puer Filmer, déi bewisen hunn, datt et och anescht geet – zum Beispill dem Bill Condon säin Beauty and the Beast, deen d’Original net verroden an souguer subliméiert huet, oder Kong Skull Island vum Jordan Vogt-Roberts, deen dem gudden alen Af neit Liewen agehaucht huet. Anscheinend ass och de Spiderman Homecoming net vu schlechten Elteren, ma deen hunn ech nach net gesinn. 

Gorillaen, Schimpansen an Orang-Utane spillen an eisem Film vun der Woch och eng ganz grouss Roll: War for the Planet of the Apes vum Matt Reeves ass den drëtten a virleefeg leschten Deel vun enger Trilogie, déi 2011 mat Rise of the Planet of the Apes (vum Rupert Wyatt inzenéiert) ugefaangen hat, duerno koum 2014 Dawn of the Planet of the Apes (och scho vum Matt Reeves) a, wéi gesot, gëtt elo mat War de Krees geschloss. Zwee Joer nom Dout vum Koba, deen de Krich mat der Mënschheet ugefaangen hat, sinn den Caesar a seng Afen nach ëmmer op der Sich no engem “gelobte Land” wou d’Afen an hir Familljen a Fridde liewe kënnen.  Ma se kommen einfach net zur Rou, well en duerchgeknallte Colonelle vun der amerikanescher Arméi, deem d’Uerdere vu senger Hierarchie pupegal sinn, sech geschwuer huet, de Caesar ëmzebréngen an all d’Afen entweder ausrotten oder op mannst versklave wëll. Den Caesar ass éischter e Pazifist, ma wéi d’Zaldoten seng Fra, säin eelste Bouf an e puer Dosen aner Afe massakréieren, beschléisst en, sech um Colonelle ze rächen. Dat wëll hien eleng maachen, ma zwee vu senge Frënn begleeden hie bei senger Sich no de feindlechen Truppen…

Soe mer et direkt vu vir eran – déi zwee éischt Filmer hu mer ganz gutt gefall, ma hei leet de Matt Reeves nach eng Schëpp drop – souwuel a punkto Inzenéierung wéi och bei der Originalitéit vun der Geschicht, déi d’Trilogie op eng ganz credibel Manéier op en Ënn bréngt. Zesumme mat sengem director of photography Michael Seresin huet de Regisseur eng faszinéierend Billerwelt erschaaft, wéi een se seelen an engem Actionfilm gesäit – d’Opnamen erënnere méi wéi ee Mol um Emmanuel Lubezki seng Biller an The Revenant – méi ästhetesch kann en Actionfilm kaum sinn.

D’Iwwerraschungen (an där ginn et eng ganz Hickecht) fänke scho beim Logo vun der 20th Century Fox un, wou de musikaleschen Indicatif mech scho schmunzele gedoen huet. An duerno geet et Schlag op Schlag, well de Matt Reeves a säin Dréibuchauteur hu sech e ganz grousse Pleséier draus gemaach, fir esou vill wéi méiglech Referenzen u grouss Filmer aus der Vergaangenheet an hirem “Afentheater” ënner ze bréngen. De Spectateur, de seng Klassiker op de Fangerspëtze kennt, dierft sech ënner anerem erënnert fillen un Apocalypse Now vum Francis Coppola, Schindlers List vum Steven Spielberg, Triumph des Willens vum Leni Riefenstahl, The Great Escape vum John Sturges, an The Ten Commandments vum Cecil B. De Mille. War for the Planet of the Apes ass effektiv e bibleschen Epos, deen trotz allem Spektakel och eng ganz Rei déif mënschlech a sentimental Momenter huet. A wann ee kuckt wat momentan an der amerikanescher Politik lass ass, kann een dëser Allegorie iwwer de Krich vun den Afe géint eng Mënschheet, déi all Schimmt verluer huet, och eng gewëssen Aktualitéit ofgewannen.

Wa kommerzielle Kino sou faszinéierend ass wéi bei dësem Film kann een sech wierklech net bekloen. Allerdéngs sollt een déi zwee éischt Filmer gesinn hunn, fir déi ganz Zesummenhäng ze verstoen.

 

                                                                                          Jemp Thilges