Film vun der WochBABY DRIVER vum Edgar Wright

Ech hu virun e puer Deeg eng franséisch Kritik iwwer dem Edgar Wright säi BABY DRIVER am Télérama gelies, wou de Kritiker (ee vun de franséische Granzerten, déi bei Ënnerhalungsfilmer Rout gesinn) sech dach tatsächlech driwwer ausgelooss huet, dat de Film just e Virwand wier, fir ee Song nom aneren erofzespullen an datt doriwwer eraus quasi guer näischt um Ecran geschitt. De gudde Mann huet d’Lidder net gezielt, ma et sinn der anscheinend 35. Dee gudde Mann huet och behaapt, datt hie sech nawell ganz staark un dem Nicolas Winding säin DRIVE aus dem Joer 2011 erënnert gefillt huet, deen de BABY DRIVER géif méi oder wéineg plagiéieren. Wann dee Granzert vläicht eng Grimmel méi wäit an der Filmgeschicht zeréckbliedert hätt, wier e vläicht op THE DRIVER gestouss, deen de Walter Hill 1978 mam Ryan O’Neal, Bruce Dern an Isabelle Adjani gedréit huet an deen eng ähnlech Geschicht erzielt. Den englesche Regisseur berifft sech effektiv op dee Klassiker aus den 1970er Joren an de Walter Hill gëtt souguer am Schlussgenérique ernimmt. Souwäit d’Lektioun a Filmgeschicht. Et hëlleft deemno och als Filmkritiker wann ee seng Klassiker kennt. 

Den Edgar Wright ass zwar Englänner, ma BABY DRIVER ass en amerikanesche Film, dee vun enger englescher Firma (Working Title) produzéiert gouf, déi ënner anerem och schonn eng ganz Rei vu Filmer vun de Coen-Bridder finanzéiert hunn. De Coens hiren  dacks schwaarzen Humor, deen se als Stilmëttel asëtzen, ass weltbekannt a wa seng Filmer och méi rasant a geckeg sinn, kann een den Edgar Wright an dat selwecht Boot wéi d’Bridder an och den Tarantino setzen, deem seng Personnagen allerdéngs heiansdo verbalen Duerchfall hunn. Am BABY DRIVER gëtt un a fir sech relativ wéineg geschwat, well do d’Action a Verbindung mat vill haarder Musek als Stilmëttel agesat ginn. Während an de leschte Joren den amerikaneschen Action-Kino méi a méi duerch déi éiweg Widderhuelunge vu Superhelden terribel ofgeflaacht ass, sinn déi zwee bescht amerikanesch Filmer vum Summer an och vum Joer mat zum Deel englesche Suen entstanen a goufe vun englesche Regisseure gedréit - dem Christopher Nolan fir DUNKIRK an eben dem Edgar Wright fir BABY DRIVER.

D’Story ass séier ëmrass an och zimlech einfach: De bluttjonke Baby, dee säin Numm net gestuel huet (gespillt vun Ansel Elgort) fiert Auto wéi keen zweeten. Dofir gi seng Déngschter dacks an Usproch geholl vu Gauner, déi ganz séier no engem Bankiwwerfall verschwanne mussen. Zënter engem Autosaccident a senger Kandheet, bei deem seng Elteren ëm d’Liewe koumen, läit de Baby ënner ganz staarkem Tinnitus. Fir deen ze iwwerspillen, lauschtert hien de ganzen Dag ganz haart Musek op sengen iPoden - en ass also ganz wéineg uspriechbar an e brauch och d’Musek fir sech op seng “Chauffeursaarbecht” ze konzentréieren. Well hie viru Joren dem Kriminellen Doc (Kevin Spacey) en Auto geklaut hat an erwëscht gouf, steet en an deem senger Schold, déi allerdéngs mat dem leschte “Getaway” bezuelt ass. Mä den Doc wëll säin Driver net goe loossen a versicht hien duerch Erpressung a spéider duerch Morddrohungen um Baby senger Frëndin Deborah (Lily James) bei der Staang ze halen. 

Wéi gesot, d’Handlung ass séier erzielt, mä BABY ass déi Zort Film wou d’Form wäit iwwert dem Inhalt läit – ech hu seelen a sécher scho ganz laang kee Film méi gesinn, dee mech 113 Minutte laang sou matgerappt huet. Dat Ganzt kënnt direkt vun Ufank un an d’Gäng mat engem eenzegen Take, deen iwwer 5 Minutten dauert an deen se ganzer 28 Mol gedréit hunn ier et geklappt huet. Laut Edgar Wright hunn se den Take 21 benotzt. De Film ass eng eenzeg Lektioun u Kino, wou Bild an Toun beim Montage zu enger quasi diabolescher an och brutaler Course-Poursuite vun 113 Minutten zesummewuessen, bei deenen een et kaum op sengem Kinossëtz aushält an am léifste mam Baby matfuere géif. Allerdéngs sollt een de Sécherheetsrimm net vergiessen. De Film gouf iwwregens (wéi den DUNKIRK och) op Pellicule an net digital gedréit an ech kann Iech soen, dat ech an der drëtter Rei virum groussen Ecran vum Cinestar 3 am Sony Center zu Berlin méi wéi eng Kéier nom Sécherheetsrimm gegraff hunn, deen net do war.

Jemp Thilges