Filmfong5,2 Milliounen Euro op 13 Projete verdeelt

No 3 Reunioune vum Selektiounscomité vum Filmfong gouf decidéiert, fir selektiv finanziell Hëllefen an Héicht vu knapp 5,2 Milliounen € ze accordéieren.

Vill erwaart am Summer an der lëtzebuerger Filmzeen: D'Decisiounen vum "Film Fund", wéi eng audiovisuell Projeten subventionéiert ginn, nodeems et ewell 2 Mol dëst Joer esou Decisioune vum Sektiounscomité goufen. Vu 25 Projeten, déi fir de Summer beim Comité eragereecht goufen, ginn der 13 fir eng Zomme vu ronn 5,2 Milliounen Euro ënnerstëtzt.

Finanziell Hëllef vum Filmfong / Reportage Roy Grotz

Woubäi deen déckste Batz vun de finanziellen Hëllefen natierlech op d'Produktioun u sech entfält: hei si 4 Projeten zeréckbehalen, fir eng Valeur vun iwwer 4,2 Milliounen Euro, wou den zweeten Deel vum Animatiounsfilm "Ooops!" vun de Realisateuren Richie Conroy a Mark Hodkinson 2,1 Milliounen Euro kritt. Et ass domat d'Suite vum 3D-Animatiounsfilm "de Noa ass fort", wou d'Geschicht vun der Arche vum Noa modern vun Déieren selwer erlieft a gespillt gëtt. De Succès schéngt virprogramméiert. Co-Produktiouns-Firma ass "La Fabrique d'Images" vun Déifferdeng. En anere Filmprojet, woubäi d'Produktiounsfirma vum Paul Thiltges mat 952.000 Euro ënnerstëtzt gëtt, ass Apple Pie Lullaby, woufir de Realisateur de jonken Reinis Kalnaellis aus Lettland ass.

Deen eenzegen Documentaire, dee Sue kritt ass "California City" vum Fabrizio Maltese, dee vu Samsa Film produzéiert gëtt.

An der Kategorie vun den Aiden fir d'Schreiwen an d'Entwécklung vun engem Filmprojet gouf eng hallef Dosen Szenarien nominéiert, dat fir e globale Montant vun 380.000 Euro: esou gëtt d'Buch "Lizardqueen" vum Tulio Forgiarini duerch Amour Fou verfilmt, grad wéi "Läif a Séil" vum Frédéric Zeimet duerch de Loïc Tanson.

Dann ginn et nach ronn 550.000 Euro u Finanzsprëtzen an der Kategorie "Cineworld" fir 3 Produktiounen: e.a. eng 200.000 Euro fir "Son of a very important Man", dee rezente Projet vun der renoméierter palästinensescher Realisatrice Najwa Najjar, déi mat "Eyes of a Thief" 2014 bei den Oscare vertrueden war.

Am Selektiounscomité vum Filmfong sëtzen 6 Leit. D'Presidence huet de Jean-Louis Scheffen. Am Hierscht ginn nach zwee Mol Aiden fir Produktiounen decidéiert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.