Film vun der WochTHE NILE HILTON INCIDENT vum Tarik Saleh

Kairo, am Januar 2011, e puer Deeg ier d’Revolutioun op der Tahrir Plaz de korrupte Regimm vum Hosni Mubarak ewechbléist an d’Egypter der Meenung sinn, hir Zukunft géif elo besser ginn. An engem Hotelszëmmer gëtt eng jonk Fra dout opfonnt, eng Botzfra aus dem Somalia huet zwee Männer gesinn, déi kuerz Zäit hannereneen d’Zëmmer verlooss hunn. Ee vun de Männer war eng héichgestallte politesch Perséinlechkeet, en Immobilienspekulant, deen och e Sëtz am Parlament huet an dem Mubarak zimlech nosteet. Déi somalesch Fra taucht ënner, well se Angscht huet, se géif eliminéiert ginn. De Chefinspekter Noureddine vun der Kairoer Police gëtt mat der Enquête beoptraagt, e kritt allerdéngs och ganz séier gesot, dat hien sech d’Fangeren net soll verbrennen. D’Police-Hierarchie wëll d’Affär begruewen a behaapt, d’Fra hätt sech d’Liewe geholl. De Noureddine allerdéngs wëll net opginn a mécht sech op d’Sich no der Fra aus Somalia, mä de Mäerder ass hir och op der Spur. An de Noureddine versenkt ëmmer méi déif an engem Sumpf vu Korruptioun, wou jiddereen d’Hand ophält a keen d’Responsabilitéit fir dat wat geschitt wëll iwwerhuelen… 


En dänesch-schwedesch-däitsche Kriminalfilm, deen zu Kairo spillt, am Marokko gefilmt gouf a wou quasi nëmmen Arabesch geschwat gëtt, ouni Staren, ouni grouss Actionzeenen a wou déi eng batter aarm sinn, déi aner schwäiräich an d’Flicken an de politesche System korrupt bis an d’Muerch vun de Schanke si – verkaaft mol engem sou eppes matten an der Summervakanz. An dach rentéiert et sech fir mol e g Kéier de kommerziellen amerikanesche Kino op der Säit ze loossen an sech en déifschwaarze Krimi eranzezéien, dee virum Hannergrond vu groussem politeschen Ëmschwong spillt a wou et keng genretypesch Helde ginn – schlussendlech ass et dee Flic, deen am mannste korrupt ass, deen herno d’Pan klake muss. 

Well och de Noureddine hellt, grad sou wéi all seng Kollegen, bei all Geleeënheet d’Hand op, hie rackettéiert déi kleng Geschäftsleit um Nuetsmaart a léisst sech och schonn emol vu Kriminelle bezuelen, fir en A zouzedrécken. Hien ass just e kleng Rad an enger riseger Organisatioun wou jiddereen, vum klenge Polizist bis zum décke Beamten sech eng gëllen Nues verdéngt, déi et gëllt a Sécherheet ze bréngen, wann d’Lompen ufänke mat sténken.

 

Dir dierft Iech deemno keen hekteschen Actionfilm erwaarden, wou Detektiven a flotten Autoen mat 180 à l’heure duerch Stroosseschluchte jauwen, hei ass alles knaschteg, dreckeg, schmuddeleg, schmiereg a schläimeg – an deen eenzege positive Personnage ass d’Somalierin Salwa, déi sou onscheinbar ass, dat se am Hilton, wou se schafft, mol net wësse wou se wunnt a wéi se mat Familljennumm heescht.

THE NILE HILTON INCIDENT ass deemno en déifschwaarze Kriminalfilm wéi am Fong geholl just d’Skandinavier se an de leschte Jore ronn krute – och de Regisseur an Dréibuchauteur Tarik Saleh wunnt a Skandinavien a huet vun de grousse Meeschtere ronderëm hie geléiert!     

 

                                                                                 Jemp Thilges