007Den Daniel Craig spillt eng 5. Kéier den James Bond

Et ass laang driwwer spekuléiert ginn. An der US-Late-Night-Show beim Stephen Colbert huet den Daniel Craig lo bestätegt, dass hien nees den 007 spillt.

De Stephen Colbert hat hien drop ugeschwat, ob hien nach emol d'Roll vum Geheimagent 007 géif iwwerhuelen, den Daniel Craig huet kuerz a knapp mat "Jo" geäntwert. Domat bestätegt hien d'Rumeuren, déi scho méi laang zirkuléiert hunn.
Den nächsten James Bond Film ass dann de 25t. an domat de 5. vum Daniel Craig. D'Premiere an den USA ass fir den 8. November 2019 ugesat. De Kinostart a Groussbritannien an am Recht vun der Welt, ass wéi gewinnt en Tick méi fréi.

Den Daniel Craig kritt eng Gage vun 90 Milliounen Dollar.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.