Film vun der WochELVIS & NIXON vum Liza Johnson

Et ass, wéi een sou seet, eng Geschicht, déi richteg geschitt ass an deemno an déi grouss Geschicht agaangen ass. A wien et net gleeft, dee brauch just d’Foto ze googelen – et ass nämlech eng vun de populäerste Fotoen an der Geschicht vun der Fotografie. Den 21. Dezember 1970 ass e risegrousse Schlitt bei enger vun den Entréeë vum Wäissen Haus zu Washington bäigefuer an erausgeklommen ass keen Anere wéi den Elvis Presley, dee wollt e Rendez-vous mam President Richard Nixon hunn. D’Marines am Wiechterhäischen hunn hiren A net getraut, ma et war tatsächlech den Elvis. Och déi direkt Mataarbechter vum Tricky Dicky wollten et fir d’éischt net gleewen, bis den Elvis hinne soe gelooss huet, datt hien en Autogramm fir dem Nixon seng Duechter schreiwe géif, wann hien mam President kéint schwätzen. Deen huet fir d’éischt geduecht seng Leit hätten de Verstand verluer, wéi déi him gesot hunn, et wier nawell gutt fir d’Popularitéit vum (politesch schonn ugeschloene) President, wann hien dat populäersten Idol vum amerikanesche Showbusiness virun der Kamera vum offizielle Fotograf am Wäissen Haus géif empfänken. Also huet den Nixon jo gesot a kuerz drop ass de King an Audienz beim President empfaange ginn. De Rescht ass Geschicht…an elo och e Film.

Et ass natierlech keen Zoufall dat dëse Film, dee schonn iwwer e Joer um Bockel huet, just dës Woch am Kino ugelaf ass, wou d’ganz Welt sech un de 40. Doudesdag vum Elvis Presley erënnert. Jidderee kennt den Elvis jo als groussaartege Museker a Rocker, deen d’Jugend vun der Welt scho virun de Beatles matgerappt huet wéi kee Sänger virdru – och net de Frank Sinatra. Wat um Film sou flott a lëschteg ass – den Elvis gëtt hei net als dat Idol duergestallt wat een deemools war, mä als e liicht mätsche Macho, dee reegelrecht a seng Waffesammlung verknallt ass an deen dem Nixon ganz am Eescht virschléit, hie sollt en dach zu engem Bundesagent (mat Badge) maachen, well hien duerch seng Filmer zu engem Spezialist a Verkleedunge gi wier. Dat Ganzt ass därmoosse surrealistesch, dat et wuel stëmme muss, och wa mer haut net méi wëssen, wat deemools genee tëscht deenen Zwee diskutéiert gouf. Wéi vill Wourecht am Dréibuch stécht a wéi vill derbäi erfonnt gouf, fir de Film nach méi lëschteg ze maachen, weess ech net, mä ob jidder Fall sinn déi Zwee fir sech ze rullen.

Déi Zwee, dat sinn de Michael Shannon, deen dem Elvis zwar net déi Boun gläicht, deen duerch seng Kierpersprooch a seng Mimik dem King am Laf vum Film awer ëmmer méi no kënnt, a säi Vis-à-vis, de geniale Kevin Spacey, deen de Richard Nixon vun der éischter Sekonn drophuet. Vun deem Moment un wou déi Zwee openeen treffen, gëtt de Film zu engem regelrechten Duell tëscht deem bis dohin onbeléiftste President vun allen Zäiten an der wahrscheinlech gréisster Showbusiness-Vedette vun allen Zäiten. An de Spectateur am Kino muss sech just zeréckleeën an dee verréckten Duell genéissen. Den amerikanesche Kino kritt dacks virgeworf, datt e vergiess huet originell ze sinn. ELVIS & NIXON ass eng Ausnam vun der Reegel. Vläicht och well de Film vun den Amazon Studios koproduzéiert gouf -  enger Firma, déi grad wéi HBO oder Netflix oder Showtime hir Suen a Projekter stiechen, déi net schonn e puer mol ofgelutscht goufen.  

                                                                                 Jemp Thilges