Film vun der Woch120 BATTEMENTS PAR MINUTE vum Robin Campillo

1992, zu Paräis. Zënter bal 10 Joer stierwe weltwäit ëmmer méi Mënschen un AIDS an et sinn net nëmmen Homosexueller vun der Epidemie betraff, mä och Heterosexueller. Trotzdeem schéngt d’Krankheet der grousser Ëffentlechkeet weiderhin egal ze si – déi eng schwätze beschtefalls vun enger « Homosexuellen-Krankheet » an déi aner, déi besonnesch Clever, halen dat d’Ganzt fir eng Strof vum Herrgott géint di Schwul. An Amerika kämpft d’Act Up – Beweegung schonn zënter e puer Joer fir dat d’Autoritéiten an och d’Ëffentlechkeet endlech d’Importenz vun der AIDS-Krankheet agesinn a mat Campagnen op d’Gefore vum ongeschützte Sex opmierksam maachen. Act Up mécht och er Pharmaindustrie Damp ënner den Hënner, dat déi sech méi a méi intensiv fir di AIDSKrank engagéieren. Zu Paräis gëtt et dee Moment och e Grupp vu Leit, déi sech fir Act Up asetzen an déi mat zum Deel spektakulären Aktiounen op sech an op d’Problematik opmierksam maachen…


Den éischten Deel vum Robin Campillo sengem grad sou laangen (140 Minutten) wéi intensiven Drama 120 BATTEMENTS PAR MINUTE beschäftegt sech virun allem mat den Diskussiounen an de Versammlunge vun Act Up Paräis, wou d’Krankheet, hir Suitten an och d’Aktiounen am ëffentleche Raum an zum Deel heftegen a kontroversen Ausenanersetzungen diskutéiert ginn. Hei léiert de Spectateur dann och lues a lues eng Grupp vu gutt Leit kennen, déi sech zur Liewensaufgab gemaach hunn, de grousse Publikum an virun allem déi franséisch Regierung wakereg ze rëselen, fir dat endlech eppes ënnerholl gëtt. Aus dësem grousse Krees vu Leit eraus léiere mer lues a lues den Nathan (Arnaud Valois) an de Sean (Nahuel Pérez Biscayart) kennen, déi allen zwee HIV-Infizéiert sinn an déi sech anenee verléiwen. Hir Libes- a Leidensgeschicht trëtt méi a méi an de Mëttelpunkt vun der Handlung, mä och d’Aktioune géint d’Pharmaindustrie gi virun…

120 BATTEMENT PAR MINUTE war dëst Joer ee vun de meeschtdiskutéierte Filmer um Festival vu Cannes, wou ganz vill Leit der Meenung waren, de Robin Castillo sollt d’Gëlle Palm kréie – och de Jurypresident Pedro Almodvar huet sech als grousse Fan vum Film geout. Schlussendlech gouf et “just” de Grand-Prix, wat ëmmerhin den zweetwichtegste Präis ass. Wichteg ass awer virun allem, dat d’Thema AIDS nees ganz grouss an d’Ëffentlechkeet koum, well ëmmer nach stierwe Leit un der Krankheet an a verschiddene Länner (och zu Lëtzebuerg, wéi mer dës Woch héieren hunn) ass d’Zuel vun den Nei-Infizéierten nees an d’Luucht gaangen. D’Gefor besteet also weiderhin.

Verschidde Kritiker hunn sech beklot, dat de Film a senger éischter Halschent vill ze disparat ass, fir dat een sech mat enger oder zwou Gestalten identifizéiere kéint. Fir mech ass dat allerdéngs eng vun de grousse Qualitéite vum Campillo senger Aarbecht, well hien esou weist, dat d’AIDS Epidemie eis alleguer concernéiert – net nëmmen d’Communautéit vun de Schwulen an de Lesben. A wann de Film sech dann a sengem zweeten a vill méi dramateschen Deel op d’Schicksal vum Nathan a vum Sean konzentréiert, da bleift engem méi wéi eng Kéier den Otem stoe – sou intensiv huet kee Film méi sech mat AIDS beschäftegt zënter dem Jonathan Demme sengem PHILADELPHIA (mam Tom Hanks an Antonio Banderas), deen 1993 als éischte Mainstream-Film sech mat der Problematik beschäftegt huet.

120 BATTEMENTS PAR MINUTE ass sécher keen einfache Film (zemools an der grousser Vakanz), mä et ass e wichtegt a soziologesch relevant Wierk, dat een soubal net vergësst an deen am Fong geholl och deenen eelere Klassen an de Schoule sollt zougänglech gemaach ginn. Fir dat mer endlech eis Scheiklappen ausdinn!

 

                                                                        Jemp Thilges