Néi Finanzéierungshëllef fir VideoclippeD'Visibilitéit vun de Lëtzebuerger Kënschtler verbesseren

Eng néi Finanzéierungshëllef, fir d’Produktioun Videoclippe ze fërderen, ass um Donneschdeg de Moien virgestallt ginn.

De Xavier Bettel hat et während dem Festival de Cannes ugekënnegt: d’Realisatioun vu méi elaboréierte Videoclippe soll ënnerstëtzt ginn. Dofir ass eng speziell Hëllef vum Film Fund Luxembourg, mat der Rockhal a Music:LX, an d’Liewen geruff ginn.

Se besteet aus enger Zomme vun 10.000 Euroe pro Projet, déi dozou bäidroen soll, de Kënschtler eng besser international Visibilitéit ze ginn an d’Verbreedung vu hire Wierker verbessere soll. Den éischte Kënschtler dee vun dëser Hëllef profitéieren däerf, gëtt den 18. November während dem Sonic Visions Festival presentéiert.

Dës Hëllef entsprécht dem Fonds sengem Wëllen, méi mat aner Kreativitéitspolen a kulturell Institutiounen ze schaffen, an eng transversal  Kulturpolitik ze féieren. Den Direkter vum Fonds, de Guy Daleiden, huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir d’Organisatioun vu “Rencontres de coproduction francophones” z’annoncéieren. Si sollen 2019 am Kader vum Sonic Vision stattfannen an d'Filmmusek als Thema hunn.

Une nouvelle aide pour les clips musicaux (14.09.2017)

Communiqué par: Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Conformément à ce que Xavier Bettel, Premier ministre, ministre de la Culture et ministre des Communications et des Médias, avait annoncé en mai dernier dans le cadre du Festival de Cannes, un nouveau mécanisme de soutien pour le financement de clips musicaux a été lancé ce jeudi 14 septembre 2017 par Guy Daleiden, directeur du Fonds national de soutien à la production audiovisuelle, Olivier Toth, directeur général de la Rockhal et Patrice Hourbette, directeur de Music:LX.

Ce soutien permettra la réalisation de vidéoclips ambitieux nécessitant un travail d’écriture du contenu audiovisuel élaboré ou une équipe et du matériel de production audiovisuelle d’envergure.

L’aide est mise en place par le Film Fund Luxembourg en collaboration avec la Rockhal et Music:LX.

Il s’agira d’un soutien limité à 10.000 euros par projet qui permettra de renforcer le potentiel de distribution et la visibilité à la fois des interprètes musicaux et des professionnels du secteur audiovisuel nationaux.

Cette aide s’inscrit pleinement dans la volonté du Fonds de nouer des liens avec d’autres industries créatives et institutions culturelles et de mener une politique culturelle transversale.

Le premier lauréat sera annoncé dans le cadre du festival Sonic Visions le 18 novembre prochain.

Dans ce contexte de rapprochement avec le monde de la musique, Guy Daleiden a également annoncé que les Rencontres de coproduction francophones se tiendront en 2019 à Luxembourg lors du Sonic Visions, dont le thème principal sera la musique de film.