Vum 5. bis den 22. Oktober100 Projektiounen an 10 Käerzen fir de Festival CinEast

Et ass déi 10. Editioun vum "CinEast". Während 18 Deeg dréit sech alles ronderëm Mëttel- an Ost-Europa, haaptsächlech ëm de Kino, mä net nëmmen.

Vum 5. bis den 22. Oktober ginn um Festival 100 Projektioune gewisen, dorënner 60 Filmer a Courts-Metragen. E Programm fir Kanner, eng Fotosausstellung an och speziell gastronomesch oder musikalesch Owender si virgesinn. D'Seancë sinn haaptsächlech an der Cinemathèque, am Neimënster an am Utopia.

De Claude Bertemes vun der Cinemathèque hat sech fir d'Presentatioun vum Programm eng speziell Iddi afale gelooss. 10 Joer CinEast war mol e Grond, fir e Kuch matzebréngen, mee och 10 Käerze fir déi en 10 Grënn genannt huet, wisou hien de Festival gären huet. Hei een dovun: "Vum Ufank un ass CinEast duerch seng exigent artistesch Linn opgefall. Politik reimt fir eis mat Ästhetik an ëmgedréint."

Claude Bertemes - CinEast

De komplette Programm vum Festival: PDF: De komplette Programm