Fiilm vun der WochKINGSMAN: THE GOLDEN CIRCLE vum Matthew Vaughn

Direkt eng Warnung fir unzefänken : Wann Dir zu deene Leit gehéiert, déi sech ze schued sinn oder sech genéiere fir am Kino richteg gutt haart ze laachen, dann ass KINGSMAN: THE GOLDEN CIRCLE op kee Fall de richtege Film fir Iech – vläicht sollt der da léiwer dem Andréi Zviagintsev säi LOVELESS an den Utopia kucke goen. Leit déi sech nach un dem Kubrick säin 2001, A SPACE ODYSSEY erënneren, wësse vläicht och nach dat déi psychedelesch Sequenz vun der Rees duerch Stäre fir vill Leit deemools besser erofgoung, wann ee virdrun d’Moquette gefëmmt hat. Och de méi rezente BABY DRIVER war eng verstoppten Invitatioun fir sech virum Film gutt voll ze kiffen. Ech maachen natierlech de Geck, mä wann ech elo awer drun denken, wat de Regisseur Matthew Vaughn mir a senger Fortsetzung vu KINGSMAN während 141 Minutten un totaler Verrécktheet an duerchgeknallter Logik ugedoen huet, da muss ech zouginn dat sämtlech Leit, déi un dësem Film matgeschafft hunn - vum Regisseur an dem Produzent iwwer d’Schauspiller bis hin zum leschten Techniker während den Dréiaarbechten an der Postproduktioun (de Spellchecker mengt et wier "Uebstproduktioun") zolidd gedämpt mussen hunn, fir déi geckeg Ratatouille do ze brauen.

Mat Hëllef vu bekannte Männer a Frae wéi Taron Egerton, Mark Strong, Julianne Moore, Colin Firth, Michael Gambon, Channing Tatum, Halle Berry, Jeff Bridges, Pedro Pascal, Bruce Greenwood, Emily Watson an Elton John (frot léiwer net wat deen do verluer huet) huet de Matthew Vaughn während bal 2 an enger hallwer Stonn d’Sau eraus an d’Päerd wëll drop lass galoppéiere gelooss, sou dat den intellektuel ugehauchte Spectateur ganz séier de Kapp wéi kritt, während deen dee bereet ass, sech op d’Spill vum Cineast anzeloossen, aus dem Laachen net méi erauskënnt. Ech gehéieren trotz mengem héijen Alter a Mengen intellektuell ugehauchte groen Hoer Spaghettismonster sei dank nach ëmmer zur zweeter Kategorie, obwuel ech virum Film eng Grimmel skeptesch war. Stellt Iech elo vir sämtlech Filmer mam James Bond mat all hire “Béisen”, all hire Spezialeffekter, all hiren Autosjuegden an all hire méi geckegen Iddie géifen zesummen an engem eenzege Film optrieden an dat ganzt géif vun engem Regisseur inzenéiert, dee weess wéi ee mat deene Klischeeën den Uz dreift, da kënnt der Iech ongeféier virstellen, wat op Iech zoukënnt.

Ech kann och versichen, Iech e kuerze Resumé vum Film ze ginn, à vos risques et périls : D’Poppy (gespillt vum Julianne Moore, dat och schonn emol Gangster zu Hamburger verschafft) sëtzt am déiwen Dschungel vu Kambodscha an dirigéiert vun do aus e gigantescht Drogekartell, dat an all Land vun der Welt liwwert. Fir d’Welt ze erpressen huet d’Poppy eng Drog an Ëmlaf bruecht, déi d’Leit stieweskrank mécht a si wëll d’Géigemëttel nëmmen duerch erpresseresch Methoden erausginn. Dem amerikanesche President (net den Trump, schlëmmer!) gesäit awer eng Geleeënheet fir de Weltdrogeproblem op ee Coup lasszeginn, an hien ënnerhëlt glat a guer näischt, fir den Junkien ze hëllefen. D’Poppy huet och den Elton John als Geisel geholl. Eigentlech geet et dem Poppy jo drëm, déi englesch Geheimagentur “Kingsman” ee fir allemol ze zerstéieren, mä dat ass net sou einfach, well d’Männer vu Kingsman, genannt Eggsy (Taron Egerton) a Merlin (Mark Strong), mat Hëllef vum Held (Colin Firth) deen am éischte Film duerch e Kappschoss gestuerwe war (frot och do léiwer net no!), zesumme mam Jeff Bridges genannt “Champagne” sengem amerikanesche Geheimdéngscht “Statesman” dem Poppy d’Handwierk leeë wëllen, sollen, mussen, dierfen. Oder sou…iergendwéi an iergendwou spillt och den Channing Tatum mat. 

Wéi schonn dem Steven Spielberg säin total verréckten “1941” ass och de KINGSMAN: THE GOLDEN CIRCLE vläicht net d’Zomm vun all senge geckegen Eenzeldeeler, mä eent ass ganz sécher. Ech hu scho laang net méi sou vill an sou haart an engem Film gelaacht, deen ech eeschte Kritiker (höhö) eigentlech an der Loft zerrappe misst. “There’s always a bit of heaven in a disaster area…” soten se schonn zu Woodstock!  

Jemp Thilges