VIDEO a FOTOEN: Buerg ClierfDocumentaire "1000 Joer Buerg Clierf"

Viru 37 Joer gouf een éischte Film iwwert d'Buerg vu Clierf gedréit.

Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra Stéphanie hunn zwar net am Film matgespillt. Si droen awer zum méiglechen Erfolleg bäi. D’Grand-Duchesse héritière huet de Produzente vum Film Zougang zu den Archiven iwwert d’Dynastie De Lannoy ginn. Mat villen Informatiounen iwwert Lëtzebuerg an d’Grouss-Regioun.

1000 Joer Buerg Clierf (04.10.2017)
De neie Film vum Marc Thoma erzielt d'Geschicht vu Lëtzebuerg am Mëttelalter.


Déi lescht 1000 Joer goufen duerch Kricher, Streidereien an Awerglawe markéiert. De Gaalgen war laang Zäit als üblech Bestrofung ugesinn. Fraen, déi als Hexe beschëllegt goufen, si verbrannt ginn. Clerus an Adel hu sech Suen a Muecht gedeelt.

Iwwert 700 Leit hu matgeschafft. Dorënner Acteuren, Statisten a Fachleit. Gedréint gouf iwwer 2 Joer an dat op 260 verschiddene Plazen. A fir verschidden Zeene wor den Opwand besonnesch grouss.

D’Kostümer kommen ënner anerem vu Paräis, Bréissel, Düsseldorf a Köln. Wat méi chic, wat méi deier. Am Ganze war et fir knapp 60.000 Euro.

De Film erzielt d’Geschicht esou wéi se och wierklech geschitt ass. Aus der Vue vun engem ale Schlass zu Klierf.

"800 Joer Buerg Clierf" huet et 1980 geheescht. Um Dënschdeg war d'Avant-Première vum Documentaire "1000 Joer Buerg Clierf". Ee Film, deen de Marc Thoma realiséiert huet.

D'Buerg Clierf huet vill Héich- an Déifpunkten erlieft. Si steet stellvertriedend fir vill aner Plazen am Land, wou ähnlech Tëschefäll, awer och schéi Momenter passéiert sinn.

Zäitrees duerch 10 Jorhonnerten (02.10.2017)
Muer ass Avant Première vum Documentaire "1000 Joer Buerg Clierf". Ee Film deen de Marc Thoma realiseiert huet.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.