Film vun der WochVICTORIA AND ABDUL vum Stephen Frears

Am Joer 1887 huet den Abdul Karim an Indien an engem Prisong geschafft, wou hien d’Nimm vun de Gefaangenen an e grousst Buch ageschriwwen huet. Well hien eng gewësse Gréisst hat, gouf e vun den englesche Kolonialhären ausgewielt, fir an England ze reesen an do der Kinnigin Victoria fir hire gëllenen Trounjubiläum eng kommemorativ Mënz ze iwwerreechen. Mat him gouf och de granzege Mohammed an England geschéckt, dee vill manner gutt op d’Englänner ze sprieche war wéi den Abdul. Am Palais vun der Kinnigin goufen déi zwee vum Rescht vum Personal vun uewen erof behandelt, mä der Victoria selwer, déi al a krank ass an déck d’Flemm mam monotone Liewen um Haff huet, fält dee schmocke Borscht aus hirer Kolonie direkt op, ënner anerem och well hien am Ëmgang mat hir net sou steif an devot ass wéi de Rescht vum Personal. Tëscht dem Victoria an dem Abdul entsteet fir d’éischt eng Komplizitéit, déi dozou féiert, datt si hien zu hirem enkste Beroder mécht a souguer Sproochlektiounen an Hindi an Urdu vun hirem “Munshi” (spirituelle Leeder, Schoulmeeschter, Professer) kritt. Natierlech gesäit de Rescht vun der kinneklecher Famill, déi englesch Politik an d’Personal vum Palais dat net gär an et ginn Intrige géint den Abdul gesponnen …

Laang Zäit nodeems d’Kinnigin Victoria gestuerwe war, wousste ganz wéineg Leit eppes vun där gelungener Relatioun, well der Victoria hiren Nofolger, de Kinnek Edward VII genannt “Bertie”, nom Doud vu senger Mamm sämtlech Spuere vun der onorthodoxer Frëndschaft zerstéiere gelooss hat. Allerdéngs hunn der Victoria hir Tagebicher, déi se op Hindi an Urdu geschriwwen huet, iwwerlieft an och dem Abdul Karim seng Notizbicher goufe spéider fonnt. Et ass opgrond vun deenen Nidderschrëften, wou d’Buch vum Shrabani Basu entstanen ass, op dat dem Stephen Frears säi Film VICTORIA AND ABDUL sech berifft. “Based on true events – well mostly” steet am Virspann vum Film, et soll een also net grad alles fir bor Mënz huelen, wat een hei gesäit.

D’Judi Dench, déi di al, krank, muffeg, granzeg an och vill ze déck Kinnigin spillt, ass en nationale Schatz vum englesche Kino an et ass och si, déi de ganze Film op hire Schëlleren dréit. Se hat d’Victoria scho virun zwanzeg Joer am Film HER MAJESTY, MRS BROWN gespillt, wou et ëm eng aner speziell Relatioun zu engem Mann goung. Dësen Episod gëtt och am VICTORIA AN ABDUL ernimmt. An Amerika an och an England hu verschidde Kritiker d’Fro gestalt, firwat den englesche Kino a sou seriö Regisseure wéi de Stephen Frears sech ëmmer nees mat kolonialistesch-pittoresken Themen, déi net méi zäitgeméiss sinn, beschäftegen? Datt dës Relatioun laang Zäit net bekannt a sécher derwäert ass, erzielt ze ginn, spillt bei deene Leit keng Roll. Si gesi just déi reaktionär Säit vun den englesche Kolonialhären, déi am Film omnipresent ass, well d’Humiliatioun vum Abdul a vum Mohammad sech duerch de ganze Film zitt – et kann een deemno op kee Fall behaapten, de Film géif déi englesch Liewensweis subliméieren an d’Kolonialherrschaft erofspillen – dat Pittoreskt gëtt duerch dem Frears säi subtille Sarkasmus ausbalancéiert.

Egal wéi ass de VICTORIA AND ABDUL e flotte Film mat spektakuläre Biller, herrlechen Dialogen, grousse Schauspillerleeschtungen an enger Inzenéierung, déi engem grousse Publikum gefalen dierft. A wéi gesot, d’Judi Dench ass eemoleg an der Haaptroll. Am Kino ginn et mëttlerweil vill ze wéineg originell Geschichte wéi dës…déi der op jidder Fall genéisse sollt!

 

Jemp Thilges