Film vun der WochMAUDIE vum Aisling Walsh

D’Maud Lewis (gespillt vum Sally Hawkins) leid scho vu Kand un un Arthrite an huet Problemer mat hiren Äerm a Been. Trotz grousser Péng an engem Ëmfeld, dat hir net ëmmer gutt gesënnt ass, huet d’Maud awer ni hir Liewensloscht verluer. Nom Doud vun den Elteren huet hire Brudder d’Charles hiert Heemechtshaus verkaf a seng krank Schwëster bei enger Tatta um Land geparkt, wou d’Maud sech iwwerhaapt net wuelfillt, well se oft eleng ass an och kaum e Mënsch mat hir schwätzt. Fir ënnert d’Leit ze kommen, äntwert si op d’Annonce vum kauzege Fëscher Everett (gespillt vum Ethan Hawke), engem granzegen Eenzelgänger, deen en Marge vun der Gesellschaft lieft an eng Déngschtmod sicht. Obwuel dee guer net vun där kleespereger Persoun iwwerzeegt ass, stellt hien d’Maudie an. Am Ufank gesäit et guer net duerno aus, wéi wann di zwee géife mateneen eens ginn…

D’Maud Lewis huet am Kanada gelieft, se gouf 1903 gebuer an ass den 30. Juli 1970 gestuerwen. Si gouf zu enger vun de bekanntsten Naiv-Molerinne vun der Welt, där hir Biller och haut nach zu Honnertdausenden op Postkaarte verkaf ginn. Den herrleche Film vun der Aisling Walsh, deen als iresch-kanadesch Koproduktioun entstanen ass, erzielt wéi déi talentéiert Fra aus der kanadescher Provënz trotz hirer schwéierer Krankheet no an no zu enger regelrechter Ikon vun der folkloristescher Molerei gouf. Wat de Film sou flott mécht, ass datt et der Regisseurin hei net ëm eng typesch Kënschtlerbiografie geet, mä dat si de Werdegang vun der Molerin an eng absolut ontypesch Libesgeschicht tëscht engem granzege Fëscher an enger zerbriechlecher jonker Fra apéckt, déi virun allem op der Sich no enger Grimmel Mënschlechkeet ass.      

De Film, dee ganz sécher eng vun de schéinste Geschichte vum Joer erzielt, gouf am September 2016 zu Toronto gewisen, duerno am Februar 2017 zu Berlin a kënnt elo endlech och bei eis an der Kino. MAUDIE lieft vu sengen zwee Haaptduersteller, der ëmwerfend talentéierter englescher Actrice Sally Hawkins, déi sech an d’Haut vun der kleespereger Fra eralieft, an dem Ethan Hawke, deen hei eng fir hien dach ontypesch Roll spillt a se mat Liewen erfëllt. D’Regisseurin Aisling Walsh versteet et, d’Gefiller, d’Biller an déi rau Natur zu engem Ganzen ze verschmëlzen, bei deem et dem Spectateur ganz waarm ëm d’Häerz gëtt an deen och déi eng oder aner Tréin dierft bonzele loossen, eppes wat e richtege Mann am Kino jo ni géif maachen. (Ma da mengt alt!)

D’Konscht vun der Maud Lewis kënnt natierlech am Film ganz besonnesch zur Geltung, well si net nëmme Biller moolt, mä och hiert ganzt Haus mat hiren naiven Zeenen a knallege Faarwe rëscht. Wann een esou vill Filmer a sengem Liewe gesinn huet, wéi ech, da freet ee sech wéi e Kichelchen iwwer Geschichten, déi een esou nach ni erzielt krut. Hei gëtt et e quasi perfekt Zesummespill tëscht der Story, de Schauspiller, der wëller Natur an dem Talent vun der Regisseurin. An et muss ee schonn en Häerz aus Steen hunn, fir net och emotional vum Film gerëselt ze ginn. MAUDIE ass virun allem Film fir Leit, déi net oft an de Kino ginn … an déi, wa se ginn, eppes Aussergewéinleches wëllen erzielt kréien.



                                                                                                                   Jemp Thilges    

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.