No BelästegungsreprochenSpacey aus "All the Money in the World" erausgeschnidden

Weider Konsequenzen no de Belästegungsreprochen géint de Kevin Spacey. Den Acteur ass elo aus engem Film erausgeschnidden.

© AFP

An "All the money in the world" gëtt de Kevin Spacey duerch de Christopher Plummer ersat. De Film sollt am Dezember an d'US-Kinoe kommen.

En Donneschdeg den Owend huet eng fréier News-Presentatrice dem Oscar-Gewënner reprochéiert d'lescht Joer hire Jong vun 18 Joer sexuell belästegt ze hunn.

© AFP


De Film ass scho komplett gedréit. All d'Zeenen an deenen de Kevin Spacey opdaucht, ginn elo nach emol mat deem anere Schauspiller gefilmt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.