Film vun der WochCOCO vum Lee Unkrich an Adrian Molina

COCO ass den 19. Film vum Pixar-Animatiounsstudio, an et ass, zesumme mat TOY STORY 3, WALL-E an UP! ee vun de beschten, deen d’Zauberer ënnert dem John Lasseter bis elo an d’Kinoe bruecht hunn. Wéi sou oft an der Vergaangenheet, huet Pixar et alt nees fäerdeg bruecht, aus enger u sech alldeeglecher Geschicht, eppes ze maachen, dat de Spectateur net nëmmen ameséiert, mä hien och an Zauberwelten entféiert, déi an aneren Hänn éischter erschreckend wieren, während se hei witzeg, traureg, spannend, nodenklech an och emouvant sinn. Et muss een et schonn hikréien, fir e Film iwwer Allerhellegen ze dréien, deen am Räich vun den Doudege spillt, an de Mënschen, déi aus dem Kino erauskommen, ass et ganz waarm ëm d’Häerz. Natierlech ginn et och Zyniker, déi alles wat aus Richtung Disney, Pixar oder iwwerhaapt aus dem Animatiounsberäich kënnt, fir kannereg “Micky Mausen” halen, déi een net eescht huele soll … an déi beschtefalls derzou déngen, Petzien an aner Spillsaachen ze verkafen. Loosse mer deene Leit einfach hire Glawen, dat si intellektuell iwwer deene “Micky Mause” stinn. Ganz niewebäi gesot, huet Lëtzebuerg sech mëttlerweil och e ganz gudden Numm an der Animatiounsbranche gemaach, et ass deen Deel vun “eiser” Filmzeen, an där et reegelrecht “boomt”. Wann der THE BREADWINNER deemnächst gesitt, verstitt der, wouvun ech schwätzen. Mä zeréck bei de COCO …

Den 12 Joer ale Miguel Rivera dreemt dervun, Gittar ze spillen an et sengem Idol Ernesto de la Cruz nozemaachen, deen ee vun de populäerste Sänger a Mexiko war, ier e scho mat 25 Joer vun enger Klack erschloe gouf, déi vun engem Kierchtuerm erofgetrollt koum. Dem Miguel seng Famill, déi alleguer Schouster sinn, hunn allerdéngs verbueden, dat am Haus iergendeng Musek gespillt gëtt, well hiren Ur-Ur-Grousspapp viru laange Joren hir Ur-Ur-Groussmamm an där hir Duechter sëtze gelooss hat, fir och Museker ze ginn. De Miguel spillt zwar igeheim Gittar, mä wéi seng Bom dat gesäit, mécht se dem Bouf säin Instrument futti. Doropshi klaut de Miguel dem Ernesto de la Cruz seng mythesch Gittar aus deem sengem Graf, a léist doduerch en ale Fluch aus, duerch deen de Miguel sech op eemol – kuerz virum Dia de Muertos/Allerhellegen am Räich vun den Doudegen erëmfënnt, wou hie sech op d’Sich nom Geescht vum Ernesto de la Cruz mécht. Op senger abenteuerlecher Rees, duerch eng faarweg Welt, déi vu Skeletter a vu mythesche Kreature bevëlkert ass, gëtt de Miguel vu engem Stroossenhond, dem Dante, begleet a bewaacht …

Obwuel am Ufank vum COCO-Projet a Mexiko nawell vill gemeckert gouf, wat Disney/Pixar géif ugoen, sech um mexikanesche Folklor a sengem héichhellegen Dia de Muertos ze vergräifen, wor et awer séier kloer, dat de Lee Unkrich a säin Team hir Hausaufgabe gemaach hunn an – trotz oder grad wéinst dem Trump – den ultimative Film iwwer mexikanesch Gebräicher gemaach hunn. COCO ass bannent dräi Wochen a Mexiko zu engem reegelrechte Phänomen ginn, huet eleng do 50 Milliounen Dollar agespillt a gouf zum erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten.

Et sinn esou vill kleng a grouss Detailer iwwer d’mexikanesch Kultur an de Film agefloss, datt een de Film sécher muss méi wéi eemol kucke goen, fir alles ze entdecken. Well souguer iwwer d’Rass vum Hond Miguel goufen intensiv Recherchë gemaach, et ass en Xoloitzcuintli-Stroossenhond, deen extrem verbreet ass a Mexiko a quasi keng Buuschten huet.  Mä all dës akribesch zesummegedroen Detailer halen een ni dervun of, sech an der Story vum Film tëscht all deene meescht sympathesche Skeletter erëmzefannen – se si just do fir den Hannergrond sou realistesch an ethnesch korrekt wéi méiglech ze maachen. Ganz kleng Kanner hu vläicht Problemer, mat der enger oder anerer Zeen, mä vun 8 Joer un dierft kee Problem sinn. An d’Eltere kommen och mol nees op hir Käschte bei engem Animatiounsfilm, well de Film funktionéiert op enger ganzer Rei Niveauen an ass alles anescht wéi just platt Ënnerhalung. An d’Musek sollt een dobäi och net vergiessen, well an enger Story wou, Musek jo eigentlech verbueden ass, spillt se eng eminent Roll.


Jemp Thilges

NB: Vläicht sollt ech jo léiwer näischt soen, mä am Virprogramm leeft de Kuerzfilm OLAF’S FROZEN ADVENTURE, wou déi besonnesch bei klenge Meedercher populär Personnagen aus dem Film FROZEN nees opdauchen. Just wou d’Eltere gemengt haten, hir Kanner hätten d’Elsa an d’Anna vergiess, geet dat Ganzt nees vu vir un. Dann hunn och Spogen a Biver nees eppes ze meckeren!  

                                            

 

    

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.