Film vun der WochLA VILLA vum Robert Guédiguian

Ech hätt Iech dës Woch kéinte vu MURDER ON THE ORIENT EXPRESS vum Kenneth Branagh oder SUBURBICON vum George Clooney erzielen, déi och an eise Kino ugelaf sinn an et sécher verdéngt hätten, hei ernimmt ze ginn. Mä et mussen net ëmmer déi grouss amerikanesch oder englesch Produktioune sinn – zemools wann de franséische Kino och mol nees eppes ze soen an ze erzielen huet. Och wann den Numm vum Regisseur Robert Guédiguian Iech net sou geleefeg ass, kann ech Iech nëmme roden, dës Woch säi LA VILLA net ze verpassen. Et ass nämlech ee vun deene Filmer, déi net nëmmen eng Geschicht erzielen, mä déi och ganz no un der Aktualitéit dru sinn an ënnert d’Haut ginn.

De Robert Guédiguian ass ee vun de franséische Cineasten, déi net alles un déi grouss Klack hänken, déi reegelméisseg ee Film nom aneren dréien an hir Geschichten ëmmer am selwechten Eck vu Frankräich usidelen. Dem Guédiguian seng Filmer spillen a senger Heemechtsstad Marseille an zwar meeschtens souguer am selwechte Quartier, dem “L’Estaque”. Hien huet och ëmmer déi selwecht Schauspiller…d’Ariane Ascaride, de Gérard Meylan, de Jean-Pierre Darroussin, de Jacques Boudet, bei déi an LA VILLA d’Anaïs Demoustier an de Robinson Stévenin derbäi kommen. D’Awunner vum Quartier spillen och nawell oft mat, fir nach eng Grimmel méi “Couleur locale” an dat Ganzt eranzebréngen. Dem Guédiguian seng Filmer maache ganz wéineg Gedäisch an handelen ëmmer vu Mënschen, normale Mënsche wéi Dir an ech, deenen hirem Alldag an hire Problemer, déi net ëmmer weltbeweegend sinn, mä awer ënner Ëmstänn hëllefen, d’Welt besser ze verstoen. Ech géif de Guédiguian an déi selwecht Kategorie Cineasten areien wéi d’Agnès Varda (Visages Villages) oder de Raymond Depardon.

Well hire Papp schwéier krank a kaum nach uspriechbar ass, komme seng dräi Kanner – d’Angèle (Ariane Ascaride), de Joseph (Jean-Pierre Darroussin) an den Armand zu Marseille zesummen, fir hien am Papp senger Villa ze versuergen. D’Villa ass op enger wonnerschéiner Plaz, mä ronderëm geet alles d’Bach an – d’Wirtschaftskris, de Chômage an de Verfall vun der franséischer Mëttelschicht si Schold, dat deen idyllesche Quartier méi a méi verfält an alles riskéiert, vun Immobiliespekulanten opkaf ze ginn. D'Angèle war scho laang net méi an der Villa, well hatt der Meenung ass, säi Papp wier deemools Schold um Dout vu senger klenger Duechter gewiescht, an d’Atmosphär tëscht den dräi Geschwëster ass vergëft. Den Armand versicht de Fëschrestaurant vun hirem Papp um Liewen ze erhalen, mä och dat rullt net méi sou richteg. An de Joseph, dee viru kuerzem seng Aarbecht verluer huet an dee seng vill ze jonk Frëndin matgeschleeft huet, ass en granzege lénksintellektuelle Post-Aachtasiechzeger, dee jidderengem op de Geescht geet. Alles schéngt op e Verkaf vun der Villa hinzesteieren, bis deen Dag, wou Zaldoten am Quartier opdauchen, déi no Flüchtlinge sichen, déi iergendwou am Maquis gelant solle sinn…

LA VILLA ass op de Festivalle vu Venedeg an Toronto gelaf an ass zënter e Mëttwoch och bei eis am Utopia ze gesinn. Et ass déi Zort Kino, déi net déi grouss Mass vu Leit unzitt, well et kee gängegen Ënnerhalungsfilm ass, wéi se tonneweis um Kierchbierg lafen. Mä et ass och kee Film bei deem een sech d’Gehir zermartere muss fir erauszefannen, wat de Regisseur engem dann elo soe wëll – nee, dat Ganzt ass éischter wéi eng relax Rees an déi gutt waarm Provence, wou ee ganz niewelaanscht Mënsche kenneléiert a gesäit, mat wat fir enge Problemer si konfrontéiert sinn a wéi se domat ëmginn – zemools wann nach eng aner Realitéit (hei déi vun de Flüchtlingen) sech mat hirem Alldag vermëscht.

Wat also op den éischte Bléck ausgesäit, wéi wann et zimlech einfach gestréckt wier, erweist sech no a no als eng déif mënschlech, jo humanistesch Geschicht, déi formidabel geschriwwen, gespillt an inzeenéiert ass an engem wierklech mat Momenter ganz no geet. Eppes, wat an dëser dach méi nodenklecher Joreszäit, wou op anere Plazen an der Welt déi geféierlechst Brandstëfter zënter laangem um Wierk sinn, dach ganz gutt passt.

                                                                                          Jemp Thilges

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.