E galaktescht Joer fir Disney"The Last Jedi": 3 Wochen, iwwer 1 Milliard Euro

Nodeems Disney Lucasfilm am Joer 2012 kaaft huet, fänkt et sech elo un ze rechnen. Disney hat dëst Joer den zweethéchsten Ëmsaz a senger Geschicht.

© afp

Mat "The Last Jedi" huet Disney mam rezenteste Film aus der epescher Sci-Fi Saga "Star Wars" nëmmen 3 Wochen no sengem Start schonns weltwäit knapps eng Milliard Euro ageholl. Dëst huet de Film an Nordamerika zum lukratiivste Film vum Joer gemaach. Mat "The Beauty and the Beast" steet och op der zweeter Plaz an dëser Lëscht en Disney-Film.

Disney huet um Dënschdeg matgedeelt, datt d'Firma dëst Joer ronn 5.5 Milliarden Dollar weltwäit ageholl huet an domat dat zweetbescht Joer a senger Geschicht hat.

Während "Beauty and the Beast" weltwäit Nummer 1 war, hunn aner Filmer wéi "The Last Jedi", "Guardians of the Galaxy Vol. 2", "Thor: Ragnarok" a "Pirates of the Caribbean: Dead Men Tell No Tales" e gudde Krack zum Box-Office Erfolleg vun Disney bäigedroen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.