VIDEOEN: HollywoodAlles iwwer déi 90. Editioun vun der Oscar-Zeremonie!

Fir déi 90. Kéier sinn zu Los Angeles d'Oscare verdeelt ginn. Et war déi 90. Editioun, moderéiert gouf se fir d'zweete Kéier vum Jimmy Kimmel.

Oscar-Night 2018: Déi beschte Momenter (05.03.2018)
E Réckbléck op déi beschte Momenter vun der Oscar-Nuecht

"Shape of Water" gouf als beschte Film ausgezeechent. Am ganze war de Film 13 mol nominéiert a krut um Enn 4 Oscaren. De Regisseur vum Film Guillermo del Toro gouf geéiert a "Shape of Water" krut och eng gëlle Statu fir déi bescht Filmmusek.

Den Guillermo del Toro



D'Frances McDormand gouf fir hir Roll am Film "Three Billboards Outside Ebbing, Missouri" als bescht Actrice ausgezeechent an de Gary Oldman fir seng Performance als britesche Premier Winston Churchill am Film "Darkest Hour".



Déi amerikanesch Actrice Allison Janney gouf fir déi bescht weiblech Nieweroll ausgezeechent. Si krut di gëlle Statu fir hir Roll am Film "I, Tonya" an den Oscar fir déi bescht männlech Nieweroll goung un de Sam Rockwell fir seng Prestatioun am Film "Three Billboards Outside Ebbing, Missouri".

Als éischten Afroamerikaner huet den Jordan Peel den Oscar fir dat bescht Original-Dréibuch gewonnen. Hie gouf fir seng Aarbecht un der Horror-Komedie "Get Out" ausgezeechent.

Als beschten auslännesche Film gouf déi chilenesch Produktioun "A Fantastic Woman" ausgezeechent. An dësem Film geet et ëm eng Transgender-Fra, déi permanent erniddregt a beleidegt gëtt.

De Lee Unkrich an d'Darla K. Anderson fir den Animatiounsfilm "Coco".


Beschten Animatiounsfilm ass "Coco" aus de Pixar Studioen. Nominéiert war an där Kategorie och déi Lëtzebuerger Co-Produktioun "The Breadwinner". Si goung allerdéngs eidel aus. Ma nawell war et fir déi ganz Equipe, déi hannert der Lëtzebuerger Co-Productioun stoung eng opreegend Aventure bei de 90. Academy-Awards dobäi kënnen ze sinn, wéi si eis kuerz virun der Oscar-Zeremonie zu Los Angeles verroden hunn.

Oscaren: Reaktioune vun LA (05.03.2018)
Et ass net duergaangen, fir déi Lëtzebuerger Co-Produktioun "The Breadwinner", fir en Oscar ze gewannen.

An awer war et fir d'Equipe hannert der Co-Produktioun eng Aventure bei den 90. Academy Awards.



De Film "Phantom Thread" mat der Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps, gouf direkt zum Optakt vun der Zeremonie an der Kategorie Costume Design mam Oscar ausgezeechent. De Film war am ganze 6 Mol nominéiert. Ënnert anerem den Daniel Day-Lewis fir bescht männlech Haaptroll. Hien huet sech dem Gary Oldman musse geschloe ginn.

No der Oscar-Pann vum leschte Joer, wou d'Enveloppe mam beschte Film vertosch gi waren, hunn dëst Joer d'Faye Dunaway an de Warren Beatty nach eemol duerfen de beschte Film bekannt ginn. Déi Kéier ass et ouni Pann iwwert d'Bühn gaangen.

Fir d'Ambiance op den Oscaren huet den US-Lats-Show-Master Jimmy Kimmel gesuergt, deen eng zweete Kéier hannerteneen d'Oscar-Nuecht presentéiert huet.

Politesch Statements

Präisiwwerreechungen gi gär mol als Plattform benotzt fir politesch Statements ze maachen, d'Oscars waren do keng Ausnam. Am Mëttelpunkt stoungen d'Me Too Kampagne, d'Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer an der Filmbranche an generell d'Inklusioun.

Fir déi witzegst Momenter bei der 90. Editioun vun den Oscars huet den Presentateur Jimmy Kimmel gesuergt. Direkt um Ufank vun der Zeremonie huet hien eng Uspillung op de Skandal ronderëm sexuell Belästegungen an der Filmbranche gemaach. Den Oscar wier den beléiftsten Mann an Hollywood, sou den Jimmy Kimmel. Hien géing seng Hänn ëmmer bei sech halen, kee beleidegen an dat wichtegst: hien huet kee Penis. Och den Faux-Pas vum leschte Joer, wou duerch e Feeler déi falsch Gewënner an der Kategorie "Beschte Film" opgeruff gi sinn, huet den Presentateur op d'Schëpp geholl: d'Leit sollten net direkt opstoen soubal se hiren Numm héieren an léiwer nach eng Minutte waarden.

Ma et goufen och méi emouvant Momenter. Als Zeechen géint d'Ënnerdréckung vun Fraen am Filmgeschäft, huet d'Gewënnerin vun der beschter weiblecher Haaptroll, d'Frances McDormand, all déi nominéiert Fraen am Sall dozou opgefuerdert opzestoen. Sie all hätten eng Geschicht ze erzielen an bräichten Ënnerstëtzung bei hire Projeten.

Nieft all de witzegen an emotionale Momenter, gouf et awer och eng besonnesch skuril Situatioun. Den Jimmy Kimmel huet décidéiert déi Persoun ze belounen déi die kierzt Ried hält - an zwar mat engem Jet Ski! An de Gewënner ass den Mark Bridges. Säin Oscar fir déi bescht Kostümer kann hien vun elo un op sengem neien Jet Ski ronderëm kutschéieren!

D'Ambiance op den Oscaren (05.03.2018)
Fir déi witzegst Momenter bei der 90. Editioun vun den Oscars huet den Présentateur Jimmy Kimmel gesuergt.


"The Breadwinner": Lëtzebuerger Co-Produktioun vs Disney Giganten

Lëtzebuerger Co-Produktioun fir Oscar nominéiert (04.03.2018)
An der Nuecht op e Méindeg kéint d'Lëtzebuerger Co-Produktioun "The Breadwinner" en Oscar an der Kategorie Animatiounsfilm gewannen.

Och déi Lëtzebuerger Koproduktioun ''The Breadwinner'' war an der Kategorie Animatiounsfilm fir en Oscar nominéiert. Kee Wonner also, dass de Lëtzebuerger Filmsecteur dëse Weekend staark zu Los Angeles representéiert war. "The Breadwinner" erzielt d'Geschicht vum Padvana. Dat jonkt Meedche wiisst am Afghanistan während dem Taliban-Regime op. Et léist sech seng laang Hoer ofschneiden. Mat enger Bouwe-Coupe wëll et fir seng Famill suergen.

Mat der irescher Regisseurin Nora Twomey ass et eng kanadesch-iresch-lëtzebuergesch Koproduktioun. Den Animatiounsfilm baséiert um Buch vun der kanadescher Schrëftstellerin a Feministin Deborah Ellis. 2001 koum d'Wierk an d'Librairien. Fir de Film huet d'Story missen aktualiséiert ginn. An der Tëschenzäit ass jo vill am Afghanistan geschitt, seet d’Regisseurin. Dofir wollt ee sécher goen, dass de Film dës Changementer uschwätzt an op d'Komplexitéiten hiweist.

Lëtzebuerger Koproduktioun "The Breadwinner" / Pit Biwer



The Breadwinner war ee vu fënnef nominéierten Animatiounsfilmer. Et war awer net déi éischt Produktioun mat Lëtzebuerger Bedeelegung, déi an där Kategorie eng Chance op en Oscar hat. D'Konkurrenz ass ëmmer grouss, weess och den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden. Schonn zwee Mol hat ee géint Disney-Filmer de Kierzeren gezunn. Vun der Qualitéit vun The Breadwinner wär hien awer absolutt iwwerzeegt, esou de Guy Daleiden nach.



VIDEO: Top Thema Magazin - Mir hu bei "Melusine" hannert d’Kulisse gekuckt.



RTL.lu: Raspberry-Awards - "The Emoji-Movie" ass schlechste Film vum Joer

NOMINATIOUNEN AN DEN HAAPTKATEGORIEN:

Best picture:

"Call Me By Your Name"

"Darkest Hour"

"Dunkirk"

"Get Out"

"Lady Bird"

"Phantom Thread"

"The Post"

"The Shape of Water"

"Three Billboards Outside Ebbing, Missouri"

Best director:

Christopher Nolan, "Dunkirk"

Jordan Peele, "Get Out"

Greta Gerwig, "Lady Bird"

Paul Thomas Anderson, "Phantom Thread"

Guillermo del Toro, "The Shape of Water"

Best actor:

Timothee Chalamet, "Call Me by Your Name"

Daniel Day-Lewis, "Phantom Thread"

Daniel Kaluuya, "Get Out"

Gary Oldman, "Darkest Hour"

Denzel Washington, "Roman J. Israel, Esq."

Best actress:

Sally Hawkins, "The Shape of Water"

Frances McDormand, "Three Billboards Outside Ebbing, Missouri"

Margot Robbie, "I, Tonya"

Saoirse Ronan, "Lady Bird"

Meryl Streep, "The Post"

Best supporting actor:

Willem Dafoe, "The Florida Project"

Woody Harrelson, "Three Billboards Outside Ebbing, Missouri"

Richard Jenkins, "The Shape of Water"

Christopher Plummer, "All the Money in the World"

Sam Rockwell, "Three Billboards Outside Ebbing, Missouri"

Best supporting actress:

Mary J. Blige, "Mudbound"

Allison Janney, "I, Tonya"

Lesley Manville, "Phantom Thread"

Laurie Metcalf, "Lady Bird"

Octavia Spencer, "The Shape of Water"

Best foreign language film:

"A Fantastic Woman" (Chile)

"The Insult" (Lebanon)

"Loveless" (Russia)

"On Body and Soul" (Hungary)

"The Square" (Sweden)

Best animated feature:

"The Boss Baby"

"The Breadwinner"

"Coco"

"Ferdinand"

"Loving Vincent"

Best documentary feature:

"Abacus: Small Enough to Jail"

"Faces Places"

"Icarus"

"Last Men in Aleppo"

"Strong Island"

Best original screenplay:

"The Big Sick" - Emily V. Gordon and Kumail Nanjiani

"Get Out" - Jordan Peele

"Lady Bird" - Greta Gerwig

"The Shape of Water" - Guillermo del Toro and Vanessa Taylor

"Three Billboards Outside Ebbing, Missouri" - Martin McDonagh

Best adapted screenplay:

"Call Me By Your Name" - James Ivory

"The Disaster Artist" - Scott Neustadter and Michael H. Weber

"Logan" - Scott Frank, James Mangold and Michael Green

"Molly's Game" - Aaron Sorkin

"Mudbound" - Virgil Williams and Dee Rees

Best original score:

"Dunkirk" - Hans Zimmer

"Phantom Thread" - Jonny Greenwood

"The Shape of Water" - Alexandre Desplat

"Star Wars: The Last Jedi" - John Williams

"Three Billboards Outside Ebbing, Missouri" - Carter Burwell

Best original song:

"Mighty River" from "Mudbound"

"Mystery of Love" from "Call Me By Your Name"

"Remember Me" from "Coco"

"Stand Up for Something" from "Marshall"

"This Is Me" from "The Greatest Showman"

De Ranking vun de meeschten Nominatiounen:

"The Shape of Water" - 13

"Dunkirk" - 8

"Three Billboards Outside Ebbing, Missouri" - 7

"Darkest Hour" - 6

"Phantom Thread" - 6

"Lady Bird" - 5

"Blade Runner 2049" - 5

"Call Me By Your Name" - 4

"Get Out" - 4

"Mudbound" - 4

"Star Wars: The Last Jedi" - 4

D'Oscar-Gewënner vum beschte Film aus de leschten 20 Joer

2017 - "Moonlight"

2016 - "Spotlight"

2015 - "Birdman"

2014 - "12 Years A Slave"

2013 - "Argo"

2012 - "The Artist"

2011 - "Le discours d'un roi"

2010 - "Démineurs"

2009 - "Slumdog Millionaire"

2008 - "No Country for Old Men - Non ce pays n'est pas pour le vieil homme"

2007 - "Les infiltrés"

2006 - "Collision"

2005 - "Million Dollar Baby"

2004 - "Le seigneur des anneaux: le retour du roi"

2003 - "Chicago"

2002 - "Un homme d'exception"

2001 - "Gladiator"

2000 - "American Beauty"

1999 - "Shakespeare in Love"

1998 - "Titanic"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.