Film vun der WochGUTLAND vum Govinda Van Maele

Lëtzebuerg, dëser Deeg. Schandelsmillen ass e klengt a rouegt Bauerenduerf, net wäit vun der däitscher Grenz ewech. Hei ginn et e puer déck Baueren, e Buergermeeschter, eng Duerfmusek an heiansdo och en Dëppefest. Och d’Kanner si – wéi iwwerall am Land – méi oder wéineger gutt gezillt, a wa se mol eng fléie loossen, da wësse se wat hinne blitt. An dat wat hinne blitt, richt net no Rousen. Zu Schandelsmillen wëlle se, wéi quasi iwwerall zu Lëtzebuerg, bleiwe wat se sinn, am Fréijoer, am Summer, am Hierscht an och am Wanter. A wat zu Schandelsmillen geschitt bleift zu Schandelsmillen.


Enges Daags daucht de Jens (Frederick Lau) am Duerf op, ze Fouss a just mat engem Turnsak um Réck. Hie schwätzt Däitsch, huet Buuschte bis op d’Schëlleren an ass net onbedéngt wëllkomm – wéinst de Buuschten a virun allem wéinst der Sprooch. Wou e genee hierkënnt, an ob en eng gestiicht huet, weess och kee Schwäin. Ass och egal, e wäert jo gläich weiderzéien. Mä wéi e schonn um Punkt ass just dat ze maachen, kritt hien op eemol eng saisonal Aarbecht bei engem granzege Bauer (Leo Folschette), deen him och eng wackeleg Roulotte zur Verfügung stellt, wou e schlofe kann. An dem Buergermeeschter seng Duechter, d’Lucy (Vicky Krieps), schéngt och en Af un deem wëlle Frieme gefriess ze hunn, wëll et dauert net laang, bis déi Zwee matenee schlofen. Et schéngt, wéi wann dat mat der Integratioun klappe géif…well och d’Duerfmusek ass um Jens interesséiert, obwuel deen nach ni eng Trompett am Grapp hat…

 

De Faust um Land?

De Govinda Van Maele huet mat sengem éischte Spillfilm e Lëtzebuerger Heimatfilm gedréint, mat allem wat dat Wuert “Heimatfilm” u Connotatioune matbréngt, souwuel positiv wéi negativ. Liewen zu Schandelsmillen gëtt vun de Saisone bestëmmt, déi och de Rhythmus vum Film beaflossen. D’Bauere këmmere sech ëm hir Felder an hir Béischten…an och virun allem ëm hiren Dreck. Wat an de Wunnzëmmer, an de Ställ oder an de Piffkaule geschitt, ass hire Béier…do soll kee vu baussen erakommen a seng Nues a Saache stiechen, déi keen eppes uginn. A wann emol een opgeholl gëtt, da kritt e ganz séier den Dicks geriicht, fir datt e weess, wéi a wou den Hues ze lafen huet. Dat ass de Präis, deen ee fir d’Integratioun an dësem Land bezuele muss.

 

Zu Schandelsmillen lafe sämtlech Fiedem an den Hänn vum Jos Gierens (diabolesch gespillt vum Marco Lorenzini) zesummen. Hien ass et, deen am Duerf den Toun ugëtt fir dat jiddereen no senger Päif danzt, hien ass de Mephisto deen dem Faust (Jens) säi Gréitchen (d’Lucy) an eng geséchert Zukunft offréiert, an dofir eng Séil kasséiert, déi de Jens fir seng Integratioun am Duerf bezuele muss. An d’Duerfmusek spillt d'Nouten derzou…

 

Iwwerleeungen zur aktueller Situatioun?

Dem Govinda Van Maele seng Eltere koumen aus der Belsch an aus Sri Lanka, hien ass deemno och e “Bäigeprafften”, dee bis elo virun allem mat ausgefalene Kuerzfilmer opgefall ass, an deenen hien virrangeg mat netprofessionelle Schauspiller geschafft huet.  Alles dat, wat hien a säi Brudder Narayan (deen d’Kameraaarbecht fir de Film iwwerholl huet) hei zu Lëtzebuerg erlieft huet, ass deemno an de GUTLAND mat agefloss, wat hien och am Pressbook vum Film undeit. Mä och wa sécher autobiographesch Elementer mat agefloss sinn, kann een net behaapten, datt de Film autobiographesch ass. Ëmmerhin handelt et sech an éischter Linn ëm en Thriller, eng Heimat- an Duerfgeschicht wou quasi jiddereen eppes ze verstoppen huet a wou och munch Läich verschärt gouf, vun där een haut einfach net méi schwätzt.

Et ass wuel kaum en Zoufall, datt GUTLAND just elo an d’Kinoe kënnt, wou och an dësem Land Friemefeindlechkeet a Xenophobie sech (virun allem) op de sozialen Netzwierker ausbreeden a fir eng gewëssen Onrou bei Deeler vun der Bevëlkerung suergen. Mir Lëtzebuerger haten dat Friemd nach ni besonnesch gär, mä dat wat momentan hei am Land lass ass, geet op keng Kouhaut méi. An et ass genee déi Kouhaut, ënner déi dem Van Maele säi Film wulle geet, a wat hien dorënner fënnt, dat richt net besonnesch gutt. Sécher, wann ee Scheiklappen op den Aen huet, kann een de Film och einfach als méi oder wéineger sophistiquéierten Episod vun “Tatort” ukucken. Mä d’Aart a Weis, wéi de jonke Regisseur vu senger an eiser Heemecht schwätzt an de Fanger op d’Lëtzebuerger Séil leet (do wou et wéi deet) dierft och fir Diskussioune suergen.

De Govinda Van Maele huet e couragéierten, engagéierten a faszinéierende Genrefilm gedréint, mat deem hie sech net nëmme Frënn dierft maachen. An de “Coup de génie” vu GUTLAND ass, datt do professionell Schauspiller (Frederick Lau, Vicky Krieps, Marco Lorenzini) op Laienduersteller treffen quiont la gueule de l’emploi, wat dem Film eng räich Textur gëtt, déi een an kengem “Tatort” fanne wäert.

Jemp Thilges

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.