Onbemannt MissiounNeie Film vum Kënschtlerkollektiv Richtung22
Den 27. Dezember ass am Ciné Sura d'Première vum Lëtzebuerger Sci-Fi Film "Onbemannt Missioun".
Richtung22
Trailer: Onbemannt Missioun from Richtung22 on Vimeo.
De Communiqué vu Richtung22
Inhalt:
D’Gallabu 4 ass op enger Missioun fir de Planéit2 auszebeuten an a Besëtz ze huelen. Mä kuerz nodeems d’Raumschëff d’Ëmlafbunn vu P2 erreecht huet, brécht am Kontrollraum Panik aus: Et ka kee Kontakt méi zu den Astronauten hiergestallt ginn… Wäert d’Missioun geléngen? Wien huet d’Kontroll? A wou bleiwt dem Chef säi Kaffi? Fannt et raus an deem spannensten a progressivste Sci-Fi, dee je zu Reisdorf gedréit gouf!
Kontext:
Nodeems Richtung22 zulescht mat engem Theaterstéck iwwert de Nationbranding ze gesi wor, gräift de jonke Kënschtler*innekollektiv a sengem neie Film op eng Weltraummetapher zeréck, fir, mat däer typescher Portioun schwaarzen Humor, op gesellschaftlech Mëssstänn hinzeweisen.
Daten:
Titel: "Onbemannt Missioun"
Première: 27.12.2015 um 15:00, 17:00, 19:00 an um 21:30 Auer am Ciné Sura / Iechternach.
Produktion: Richtung22; Lëtzebuerg 2015
Dauer: ca. 75 min
Sprooch: Letzebuergesch
Alter: Ab 12
Ticketen reservéieren: http://richtung22.org/om_tickets-premiere/
