Film vun der WochA UNITED KINGDOM vum Amma Asante

Obwuel et an de Pionéierjoere vum Kino eng reegelrecht Hickecht vu Regisseurinne gouf, déi haut leider zum gréissten Deel a Vergiessenheet gerode sinn, well och de Gros vun hire Filmer net iwwerlieft huet, ass et hautdesdaags ëmmer nach immens schwéier fir Frae sech am "Männerdomaine" Kino duerchzesetzen, besonnesch da wann et ëm Filmer geet, déi no engem grousse Budget verlaangen. Ëmsou méi flott ass et, wann eng Fra - wat soen ech - eng net wäiss Fra wéi d’Englännerin Amma Asante et fäerdeg bréngt, gläich zwee mol hannereneen de Budget zesumme kritt, fir zwee opwänneg a sozialpolitesch an historesch relevant Filmer wéi "Belle" (2013) an elo "A United Kingdom" (2016) dréien ze kënnen. Am "Belle" goung et ëm déi illegitim schwaarz Duechter vun engem engleschen Aristokrat, déi zwar an der Famill opgeholl gëtt, sech awer net an der feiner Gesellschaft weisen dierf.  Och ee Film deen, wéi "A United Kingdom", op enger reeller Geschicht baséiert, déi an England derzou bäigedroen huet, dat d’Sklaverei ofgeschaaft gouf.

D’Geschicht vun "A United Kingdom", déi deemno och "richteg geschitt ass", war op mannst grad sou politesch relevant. 1947 huet de Seretse Khama (gespillt vum  David Oyelowo), den zukünftege Kinnek vu Bechuanaland (haut Botswana), engem britesche Protektorat dat u Südafrika an u Rhodesien gegrenzt huet, zu Oxford Droit studéiert. Do huet en op enger Party déi englesch (wäiss) Ruth Williams (Rosamund Pike) kennegeléiert – an déi zwee hu sech direkt anenee verléift. Natierlech ware se direkt mat Problemer konfrontéiert – d’englesch Gesellschaft huet gemëschte Koppelen net akzeptéiert an och beim Khama doheem war et absolut ondenkbar, dass de Kinnek eng wäiss Fra u senger Säit huet. Zemools wou just an deem Moment am Nopeschland Südafrika d’Apartheid-Gesetzer gestëmmt goufen, déi eng Liaisoun oder eng Hochzäit tëscht Wäiss a Schwaarz verbueden hunn. Well England deemools enk mat Südafrika liéiert war, huet déi britesch Diplomatie alles versicht, fir d’Liaisoun tëscht dem Seretse Khama an der Ruth Williams ze sabotéieren. Och dem Ruth säi Papp huet seng Duechter verstouss, ma déi zwee bestuede sech trotzdem. Am Handlungsland ass d’Opreegung grad esou grouss wéi an England, wann d’Koppel heem kënnt, an et kënnt zum oppene Broch tëscht dem Khama a sengem Vollek, och well d’Englänner alles manipuléiere wat se kënnen an de Khama souguer fir 5 Joer an den Exil schécke wëllen, wäit ewech vu senger Fra a sengem klenge Meedchen...

Wann dat och elo vläicht eng Grimmel kitscheg kléngt, et ass et net wierklech! "A United Kingdom" ass e schéine Film, deen eng schéi Geschicht erzielt, déi och wouer ass an déi en historescht Happy End krut, dat politesch a soziologesch op mannst grad sou relevant war, wéi d’Enn vun der Apartheid an de Presidenteposte vum Nelson Mandela a Südafrika. Wat direkt opfält ass, dat d’Amma Asante sech net vun der Postkaarteromantik (à la "Out of Africa") vum Bechuanaland a vum eventuell schwülsteg-romantesche Bäigeschmaach vun der Liebesgeschicht iwwerwältege léisst. Hir Inzenéierung läit iergendwou tëscht David Lean a Richard Attenborough, hir Geschicht gëtt knapp an ouni vill Chichi erzielt an déi historesch Fakte gi filmgerecht verschafft, sou dat de Spectateur am Kino och nach déi eng oder aner flott verpaakte Geschichtslektioun offréiert kritt a léiert, mat wat fir perfide Mëttelen déi englesch Politiker (souwuel Labour wéi d’Tories) deemools geschafft hunn, fir Bechuanaland no hirer Päif danzen ze loossen.

Ech kann Iech de Film nëmme recommandéieren – an engem Moment, wou am Kino bal nëmmen nach geballert, gestuerwen oder geblödelt gëtt, deet et richteg gutt, enger Cinéastin nozekucken, déi nach weess, wéi een eng Geschicht richteg a spannend inzenéiere kann. Net "Out of Africa" mä "Into Africa".

Jemp Thilges



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.