Film vun der WochDETROIT vum Kathryn Bigelow

Den 23. Juli 1967 huet d’Police an der amerikanescher Stad Detroit, am Staat Michigan eng Descente op e sougenannte “Speakeasy” gemaach, eng net autoriséiert Bar, an e ganze Koup Männer a Frae verhaft, déi doropshi mat groussem Tamtam a Polizeicamionetten ofgefouert goufen. Well d’Flicke wéi quasi ëmmer an deene Fäll (an Amerika) net grad zimperlech mat de Leit ëmgaange sinn, koum et an deem Véierel zu engem Opstand, dee fënnef Deeg gedauert huet, an deen zu deene gréissten a brutaalsten “Emeuten” zielt, déi et jee an Amerika gouf: 43 Doudeger, 467 Verletzter, 7200 Leit déi agespaart goufen an 2.000 Gebaier, déi zerstéiert goufen. De Gouverneur vum Staat Michigan huet deemools d’Nationalgarde geruff, fir dem Opstand Här a Meeschter ze ginn.


Et ass mëttlerweil 50 Joer hier, dat Deeler vun Detroit a Flamen opgaange sinn, mä an Amerika schéngen se ëmmer nach näischt bäigeléiert ze hunn, well wann e kuckt wéi d’Polizisten hir schwaarz respektiv afro-amerikanesch Matbierger nach ëmmer behandelen a wéi den Trump och nach bei all gudder Geleeënheet Ueleg op d’Feier schëtt, kann et nëmmen eng Saach vun Zäit sinn, ier d’Polverfaass nees explodéiert. Déi amerikanesch Regisseurin Kathryn Bigelow, Ex-Fra vum James Cameron, huet 2009 als éischt Fra iwwerhaapt den Oscar fir déi bescht Regie a fir de beschte Film Krut, mat THE HURT LOCKER iwwer d’Aarbecht vun den amerikaneschen Demineuren. 2012 huet si och e Film (ZERO DARK THIRTY) iwwert d’amerikanesch Arméi gedréint, déi de Bin Laden am Pakistan erwëscht hunn. Et ass deemno net vun der Hand ze weisen dat Kathryn Bigelow weess, wéi een och haart Themen am Kino behandelt.

Mat dokumentarescher Akribie (de Film dauert 143 Minutten) erzielt si, wéi den Opstand ugefaangen huet, wéi eng jonk Grupp vu Sänger an de Konflikt eragezu goufen a wéi brutal, onmënschlech a souguer mäerderesch e puer rassistesch Detroiter Poliziste mat de (schwaarzen a wäissen) Leit ëmgespronge sinn, déi se an engem Motel festgehalen hunn, nodeems behaapt gi war, vun do aus wier op si geschoss ginn…DETROIT ass e Film, dee säi Spectateur gefaangen hëlt, well een zesumme mat de Protagonisten am Hotel agespaart ass – an engem sou genannte “huis clos” – wo een Zeie gëtt vun alle deene Sauereien, déi d’Flicken hiren Affer zoumudde – vun Aschüchterung iwwer Brutalitéiten, Folter a kalbliddegem Mord. An duerno gëtt och nach versicht, dat Ganzt ze vertuschen an déi schëlleg Poliziste ginn dann och nach vun engem integral wäisse Jury fräigesprach. Et huet scho laang kee Film mech sou rose gemaach wéi dësen, zemools well ee weess dat et och 50 Joer duerno net vill besser ginn ass.

Fir hire Schauspiller sou vill Fräiheet wéi méiglech ze loossen, huet d’Kathryn Bigelow alles mat véier Kamerae gedréint, wat dat Dokumentarescht nach ënnersträicht, et huet een effektiv d’Gefill, et wier ee mattendran. An Amerika koum de Film allerdéngs net gutt un – dat afroamerikanescht Publikum huet gemengt, dat wier keen Thema mat deem eng wäiss Regisseurin sech sollt ofginn, an déi Wäiss hu sech natierlech verrode gefillt! Wéi een et mécht, mécht een et falsch – oder? Op jidder Fall ass den DETROIT e Film fir d’Trump-Ära…vläicht souguer eng Prophezeiung fir dat, wat nach kënnt.

Momentan knéien d’Athlete just virun de Football-Spiller…

 

                                                                                 Jemp Thilges