Nei um BichermaartD'Legend vum hellegen Niklos

Wie war den hellegen Niklos? De bekannten däitsche Pater Anselm Grün stellt deen historesche Personnage vir.

Flott a lieweg geet hien op déi Legenden an, déi vum hellegen Niklos erzielt ginn: d'Geschicht vun den dräi Goldstécker, d'Kärewonner vu Myra, d'Rettung vun de Matrousen a vun engem Jong, deen, esou gouf geduecht, erdronk war.

Déi jonk Lieser léieren dat spannend Liewe vum hellegen Niklos kennen a ginn och gewuer, wéi hien als Zinniklos respektiv als Kleeschen op Lëtzebuerg komm ass a bis haut hei de 6. Dezember gefeiert a veréiert gëtt.

D'Legend vum hellegen Niklos
Text: Anselm Grün
Zeechnungen: Giuliano Ferri
Iwwersetzung: Christine Marx-Heck
Lëtzebuergeschen Deel: Luc Marteling
ISBN 978-99959-39-78-6, 32 Säiten, 14,99 Euro