Film vun der WochBEAST vum Michael Pearce

"Beast" vum englesche Regisseur Michael Pearce hat zu Torronto beim prestigiéise Filmfestival Première.

Film vun der Woch: "Beast" (23.06.2018)
Eng Aschätzung vum Danièle Michels

Zanterhier ass de Film, iwwregens Nummer 1 bei den Englänner, op enger Rei Festivallen, zwar ouni Präis, mä mat vill Succès gewise ginn. Elo leeft den Thriller, deen zu Jersey spillt, och bei eis am Kino.

Fir d’Moll, wat mat 27 nach ëmmer bei sengen Eltere lieft, kënnt de Pascal als Retter grad zum richtege Moment. Déi jonk Fra verléift sech Hals iwwer Kapp an den attraktiven Outsider. Eng Passioun, där och de Verdacht, näischt kann undoen, hie kéint de Seriemäerder sinn, deen eng etlech jonk Fraen um Gewëssen huet. Ganz am Géigendeel.



"Beast" ass en atmosphäresche Psycho- Thriller, perfekt vum Michael Pearce an Zeen gesat a geschriwwen. Nieft de beandrockende Landschaftsopnamen, sinn et natierlech déi 2 Haaptpersonnagen, déi de Film esou spannend maachen. De Johnny Flynn, als marginale Pascal, ass excellent besat, mä d’Revelatioun vu "Beast" ass ouni Zweiwel d’Jessie Buckley, wat esou zaart a fragil, wéi et am éischte Moment wierkt, guer net ass. Eng beandrockend schauspilleresch Leeschtung. Si spillt den ambiguë Personnage bis zum Schluss iwwerzeegend.

"Beast " ass, wann ee vun e puer klengen Ongereimtheeten a Längten emol ofgesäit, e spannende gutt gemaachte Psychothriller, deen ee net lass léist. Ween d’Beast ass, däerf da schlussendlech och jiddwereen fir sech selwer entscheeden.



 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.