VIDEO - Film vun der Woch"Au poste !" vum Quentin Dupieux

Et gi Realisateuren, déi ee schwéier aklasséiere kann ...

Zu deene gehéiert ouni Zweiwel de Quentin Dupieux, an der Musekszeen och als M. Oizo (gëtt wéi "oiseau" ausgeschwat) bekannt, deen ëmmer nees mat absurde Filmer op sech opmierksam mécht. Säin neiste Wierk heescht "Au poste !" an ass e klenge Bijou – virausgesat, et stellt ee sech kee gängege Film vir ...

Eng typesch Situatioun aus dem Kino: e Polizist, deen e Verdächtege verhéiert a probéiert erauszefannen, ob dee schëlleg ass. E klasseschen Huis clos, meeschtens mat zwee gudde Schauspiller, déi weisen, wat se drop hunn. Just datt beim Quentin Dupieux näischt klassesch ass, hie mécht sech e Risespaass draus, déi Situatioun ze hannerfroen.

De Verdächtegen, gespillt vum Grégoire Ludig, muss akribesch erklären, firwat hie säin Appartement an der Mordnuecht 7 Mol verlooss huet. De Regisseur spillt mat den Erwaardunge vum Public, hieft déi gängeg Kinos-Realitéit op, léisst Vergaangenheet an Zukunft op eng spannend Manéier openeentreffen a bréngt et op déi Manéier a mat vill Sproochwitz fäerdeg, e komplett absurde Film ze dréinen.

"Au poste !" ass sécher net jiddwerengem säi Goût, mä all déi Zuschauer, déi Freed um Absurden an Decaléierten hunn, wäerten op hir Käschte kommen. Och well de Benoît Poelvoorde a seng Matspiller hire Metier verstinn an "Au poste !" mat sengen 73 Minutten total géint den haitegen Trend vun de vill ze laange Filmer leeft ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.