Film vun der WochMAMMA MIA – HERE WE GO AGAIN vum Ol Parker

Et ass un der Zäit, datt ech Iech eppes beichten, an zwar eppes, wat vill virun allem méi jonk “Filmkritiker” wahrscheinlech als Gotteslästerung empfannen, well déi meescht vun hinne schonn d’Ae verdréien, wann een nëmme vun esou eppes schwätzt: Musicals! Ech gesi se sech vun hei aus schudderen, esou eppes ass dach sécher ënnert der Éier vun engem Mann oder eng Fra, déi den eedele Beruff vum Filmkritiker ergraff huet. Nun…ech beichten also hei an haut net nëmmen, datt ënner menge Liiblingsfilmer vun allen Zäiten eng Hickecht Musicals sinn (On the Town; Showboat; Singin’ in the Rain; The Band Wagon; The King and I; The Sound of Music), datt ech – all Kéier wann ech op London ginn – mer e puer Musicals (déi en A aus dem Kapp kaschten) eranzéien an – oh Grujel oh Grujel – datt d’Fortsetzung vu MAMMA MIA, déi des Woch ugelaf ass, mer nawell ganz gutt gefall huet, och wa MAMMA MIA – HERE WE GO AGAIN sécher net an d’Lëscht vu mengen Inselfilmer opgeholl gëtt! Ech war einfach der Meenung, datt de Film fir de Summer- a Vakanzenufank genee dat Richtegt war, fir d’schlecht Laun vun engem ale Granzert fortzeblosen. Mat der Musek vun ABBA hat ech och ni vill um Hutt, ma nodeems ech de Musical MAMMA MIA zu London live erlieft hat an duerno och d’Kinosadaptatioun vum Phyllida Lloyd genoss hat, muss ech zouginn, datt déi Dammen an Hären aus Schweden mech och schonn emol derzou bréngen, mam Kapp an de Been ze wackelen. An – lescht Beicht fir haut – wéi ech virun zwee Joer zu Stockholm war, hunn ech mer et och net huele gelooss, den ABBA-Musée kucken ze goen, deen net wäit vun der Wasa ewech ass. Sou, elo dierft der mat de faulen Tomate schéissen …

MAMMA MIA – HERE WE GO AGAIN vum Ol Parker ass net nëmmen eng Fortsetzung vum éischte Film, dee weltwäit e risegen Erfolleg hat, et ass zur gläicher Zäit och e Prequel, deen a Réckblenden erzielt, wéi d’Donna Sheridan (Meryl Streep/Lily James) viru laange Joren déi paradisesch griichesch Insel entdeckt a mat den dräi Männer ugebändelt huet, vun deenen een hirer Duechter Sophie (Amanda Seyfried) hire Papp sollt ginn. D’Donna ass schonn eng gewëssen Zäit dout an d’Sophie huet aus dem Haus e schicken Hotel gemaach, deen an e puer Deeg mat engem grousse Fest a villen illustere Gäscht soll seng Dieren opmaachen. Allerdéngs bléist een Dag virdrun e risege Stuerm iwwer déi griichesch Inselen, d’Preparatioune fir d’Party gi fortgeblosen a well keng Schëffer méi fueren, kënnen och d’Gäscht net op d’Insel kommen. Et schéngt also alles fir d’Kaz gewiescht ze sinn an d’Sophie ass schwéier depriméiert, obwuel seng bescht Frëndinne Rosie an Tanya et nach virum Stuerm op d’Insel gepackt haten …

ABBA hu jo net esou vill Lidder geschriwwen, datt een domat gläich zwee Filmer fëlle kann, mä iergendwéi ass den HERE WE GO AGAIN dat bescht Beispill fir clevere Recyclage an de Beweis, datt d’Musek vun der schwedescher Grupp fir all Liewenslag benotzt ka ginn, vun Drama iwwer Melodrama bis Romantik a Komedie – wann d’Schauspiller gutt sange kënnen, geet dat erof wéi Zitz! Ausser de Pierce Brosnan, dee kann nach ëmmer net sangen, dofir kritt hien dann och nëmmen e Lidd ze sangen, an dat grommelt en éischter wéi wann e géif sangen. D’Meryl Streep, dat sech jo mam éischte Film als Schauspillerin eng richteg Freed gemaach hat fir eemol “d’Sau erauszeloossen” trëtt hei nëmme kuerz op, als “guest star” hu mer dës Kéier d’Sängerin Cher, déi (mat blonden Hoer) eng ganz ongewinnte Versioun vum “Fernando” am Duett mam Andy Garcia séngt. Cher sings ABBA … dat muss ee sech mol op der Zong zergoe loossen. Déi jonk Donna gëtt gespillt vun der englescher Schauspillerin Lily James (Dir kënnt déi wonnerschéin Damm aus DOWNTON ABBEY), déi net nëmme fantastesch ausgesäit, mä déi och sange ka wéi eng Nuechtegailchen. Iwwerhaapt huet een d’Gefill, datt de ganze Cast (ausser dem Pierce Brosnan natierlech) besser séngt an danzt wéi am éischte Film. Op jidder Fall hunn ech a menger éischter Rei dat sou empfonnt. An déi Damm hannert mir huet sech och de ganze Film laang gutt ameséiert, obwuel se just ier de Film ugefaangen huet, hiert Gedrénks ëmgejummt hat.

MAMMA MIA – HERE WE GO AGAIN ass sécher kee grousse Film, et ass näischt dat als onvergänglecht Meeschterwierk an d’Filmgeschicht ageet, mä beim Box-Office dierft et an den nächste Wochen a Méint sécher fluppen. Och wann esou eng Ausso vum Kritiker verschiddene Leit suspekt ass, soll Kino och heiansdo Spaass maachen, ouni dat een sech muss dobäi d’Gehir zermarteren, wat de Cineast eis da soe wollt. Bei dësem Film ass et éischter “what you see is what you get”, net méi an net manner. U gudder Laun ass op jidder Fall nach ni e Mënsch futti gaangen! D’Granzerte sollen allerdéngs doheem bleiwen.

                                                                                               

Jemp Thilges