Filmer vun der WochTHE CHILDREN ACT vum Richard Eyre a CHRISTOPHER ROBIN vum Marc Forster

Béis Zonge behaapten, et géif Leit ginn, déi am Summer just an de Kino ginn, well et do gutt kill ass, de Film wier hinnen egal. Vläicht kënnt Dir dës Woch an deem Fall jo dat Nëtzlecht mam Agreabele verbannen, well et lafe gläich e puer gutt Filmer, déi een net verpasse soll. Ech hunn Iech der haut zwee erausgesicht, déi zwar komplett verschidden Theme behandelen, déi awer Allenzwee an hirem Genre aussergewéinlech sinn.



The Children Act

D'Fiona Maye (Oscarräif gespillt vum Emma Thompson) ass Riichterin um ieweschten englesche Geriichtshaff. Si hëlt hire Beruff extrem seriö, ass seelen doheem oder schafft bis spéit an d’Nuecht eran an hirem Büro. Hire Mann fillt sech vernoléissegt a kënnegt un, datt hie wëlles huet, friem ze goen. Doropshin setzt d’Riichterin hirem Mann ganz einfach de Koffer virun d’Dier a geet, méi oder wéineger, zur Dagesuerdnung iwwer. Well déi ass momentan zimlech ustrengend: D’Riichterin soll nämlech en Uerteel spriechen an engem Fall, wou e jonke Mënsch vu 17 Joer, deen am Gaang ass u Leukemie ze stierwen, eng Blutttransfusioun refuséiert, déi him d’Liewe rette géif, well hien a seng Eltere “Zeugen Jehovas” sinn, an hir Relioun sou eng Transfusioun net erlaabt. De Fall geet der Riichterin ganz no - si selwer huet keng Kanner - an ier se hir Decisioun am Fall hëlt, wëll se mam jonke Mënsch am Spidol schwätzen. Natierlech gëtt et an der Londoner Press an an der englescher Ëffentlechkeet extrem vill Gedäisch ëm dee Fall, well et ëm Reliounsfräiheet geet, awer och ëm de Schutz vu Mënscheliewen…

THE CHILDREN ACT vum Regisseur Richard Eyre berout op engem Dréibuch an engem Buch vum Schrëftsteller Ian McEwan, deen nawell dofir bekannt ass, relevant gesellschaftspolitesch Themen a senge Bicher ze verschaffen. Wat un dësem Film sou gelongen ass, ass de Fait, datt hir Konflikter am Privatliewen an hirem Mann sech mam Beruffsliewe vun der Riichterin vermëschen an datt déi staark Fra doduerch an en emotionale Gewëssenskonflikt geréit, dee se un de Bord vun der Verzweiwlung dreift. De Film lieft deemno net nëmme vun der Intelligenz vu sengem Dréibuch, vun der quasi onléisbar Affär an deier d’Riichterin hin an hier gerappt gëtt a vum mënschleche Schicksal vu gläich e puer Leit, mä och vun der aussergewéinlecher Schauspillleeschtung vum Emma Thompson, déi hei ouni Zweiwel déi intensiivst Roll vun hirer Carrière spillt. Hire Mann gëtt gespillt vum Stanley Tucci, de jonke Patient vum Fionn Whitehead. Wat hätt kënnen zu engem onappetitleche Melodrama verkommen, ass schlussendlech ee vun den intelligentsten an emotionaalste Filmer vum Joer ginn. E mënschlechen Drama deen un Iech geet.

Christopher Robin

Emotional, mënschlech a vläicht eng Grimmel kannereg sinn och Wierder, déi ee fir eisen zweete Film vun der Woch gebrauche kann, der Disney-Produktioun CHRISTOPHER ROBIN vum Marc Forster. Disney si jo reegelrecht Meeschter am Recycléiere vun hire Franchisen, dat heescht datt oft Remake vu Klassiker gemaach ginn. An de leschte Joren hu se jo ëmmer méi oft hir klassesch Zeechentrickfilmer mat Schauspiller an digitale Spezialeffekter neigedréit, mat oft erstaunlech gudde Resultater. Beim “Christopher Robin” (gespillt vum Ewan McGregor) geet et am Fong geholl ëm de Bier Winnie the Pooh a seng Frënn, déi allerdéngs net d’Haaptroll spillen. De Christopher war dee klenge Bouf, deen a senger Kandheet eng Hickecht Abenteuer mat Pooh, Tigger a Co erlieft huet. Mä wéi all Kand, ass de Christopher erwuesse ginn, en huet e Beruff an huet och eng Famill gegrënnt. Mä de Beruff hëlt vill ze vill Zäit an Usproch, sou dass hien seng Famill a virun allem seng kleng Duechter komplett vernoléissegt. Enges Daags daucht de Winnie Pooh zu London op, wëll en Hëllef brauch – dem Pooh seng Frënn sinn nämlech alleguer am Zauberbësch verschwonnen. De Christopher soll dem Bier hëllefen, se ze fannen…

 

Wa mer un dësem lëschtege Mäerchefilm sou gutt gefall huet, ass de Fait, datt eis gesot gëtt, mir sollen och am Alter net vergiessen, datt mer emol Kanner waren, well dat war – am Prinzip – déi schéinsten Zäit vun eisem Liewen. A vu, datt ech jo tatsächlech e grousst Kand sinn, kann ech mech natierlech mam Pooh a senge Frënn identifizéieren. Technesch ass de Film brillant – d’Déieren aus der Geschicht, déi hei optrieden, sinn nämlech keng Zeechentrickfigure, mä et si Stoftdéieren (Peluchen), déi mat der Hëllef vun de modernsten Digitaltechnike lieweg goufen. De CHRISTOPHER ROBIN ass deemno kee Film fir al Granzerten oder opgeblose Filmkritiker, déi ni jonk waren, mä fir all déi, déi hir Kandheet vermëssen an och mat imaginäre Frënn duerch d’Weltgeschicht gegondelt sinn. A fir d’Kanner natierlech, déi sech hei ganz sécher ameséiere wéi e Kichelchen. Oder e Faass mat Hunneg.

                                                                                                       Jemp Thilges

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.