Film vun der WochBLACKkKLANSMAN vum Spike Lee

Amerika, an de fréie 70er Joren, zu enger Zäit, wou déi schwaarz Biergerrechtsbeweegung an den USA ëmmer méi Wand an d’Seegele kritt. Am Police Department vu Colorado Springs ass den éischten Aarbechtsdag vum schwaarzen Detektiv Ron Stallworth (gespillt vum John David Washington, Fils vum Denzel), deem seng Hautfaarf net onbedéngt wëllkomm am Kommissariat ass. Mä de Ron wëll senge “Kollege” weisen, wat e kann an e kënnt op eng besonnesch geckeg Iddi. Hie rifft beim Ku Klux Klan an deem hire Chef, den David Duke (Topher Grace) un, gëtt sech als wäisse Suprematist, Antisemit a Rassist vun der schlëmmster Zort aus a freet, fir Member beim Klan ze ginn an d’Organisatioun esou ze infiltréieren. Déi huelen en natierlech mat oppenen Äerm un, allerdéngs huet dat Ganzt en Hoken – dem Ron seng Hautfaarf. Also freet hie säi Kolleg, de Flip Zimmermann, e Judd (gespillt vum Adam Driver) sech beim  Klan als Ron Stallworth auszeginn, fir erauszefanne wat se wëlles hunn a fir eventuell en Attentat op d’Biergerrechtsbeweegung ze verhënneren…

Dir sot Iech elo sécherlech, dat déi Geschicht un de krauselegen Afro-Hoer erbäigezunn ass, mä se ass tatsächlech esou geschitt an de richtege Ron Stallworth huet souguer um Film als Conseiller matgeschafft. Den David Duke gëtt et och haut nach an hien huet souguer en (onfräiwëllegen) Optrëtt um Schluss vum Film!



Gedréit gouf de BLACKkKLANSMAN vum afroamerikanesche Cineast Spike Lee, e wëlle Mann, deen ni e Blat virun d’Kamera hëlt, wann et drëm geet, seng Bridder a Schwësteren ze ënnerstëtzen a géint de Rassismus an Amerika virzegoen. Et ass natierlech keen Zoufall, datt de Film grad elo entstanen ass, wou an den USA duerch d’Trump-Regierung de wäisse Suprematismus, de reliéise Wahn, de Ku Klux Klan an den Neonazismus nees décken Zoulaf kréien. De Film ass e reegelrechten Opruff zur Rebellioun (dat ass net nei beim Spike Lee) an hie gebraucht (verschiddener soe “mëssbraucht”) déi Affär aus de 70er Jore fir konkret an erschreckend Parallellen ze zéien zu deem, wat wéinst dem Trump an de Republikaner momentan an Amerika nees lass ass - an net nëmmen do, wëll souguer bei eis am klenge Lëtzebuerg sou rëffeg Tendenze bei verschiddene Politiker an och Awunner iwwerhand huelen.

Dem Spike Lee seng Argumenter ginn heiansdo mam décken Hummer virgedroen, Subtilitéit war nach ni säi Markenzeechen, an och wann hien dat Ganzt als Komedie verkafe wëllt, bleift engem méi wéi eng Kéier d’Laachen an der Strass stiechen, well een déi ganzen Zäit weess, wat tatsächlech derhannert stécht an datt et wichteg ass, datt och de Kino de Fanger an d’Wonne stécht, fir ze hëllefen, dee rassisteschen a faschistesche Kriibs, dee momentan d’Gesellschaft frësst, z'erkennen an en erauszeschneiden, ier et ze spéit ass. An Amerika an an Ostdäitschland marschéieren d’Stuermtruppe jo schonn nees, an dem Spike Lee säi Film ass eng aner, an nach vill méi vehement Form vum Asselbornsche “Merde alors”, déi een zwar kritiséiere kann, déi awer vum Fong hier nawell wëllkomm ass a gutt deet.

Dës Aart vu militantem Kino géint déi ultrariets geriichte Republikaner, déi gewëllt sinn, iwwer Läichen ze goen, fir hir Agenda duerchzeboxen, kritt momentan an Amerika nawell zimlech vill Wand an d’Seegelen, well och dem Michael Moore säin Dokumentarfilm FAHRENHEIT 11/9, deen ech zu Toronto gesinn hunn an deen haut an Amerika uleeft, schéisst mat ganz décke Kanoune – an dat net nëmmen op d’Republikaner mä och op den Obama, deen der schlussendlech och e puer fléie gelooss huet, déi dem Trump d’Dieren zum Wäissen Haus ganz grouss opgemaach hunn. Dem Moore säi Film, dee bei eis am Oktober uleeft, ass an deem Sënn méi effikass, wëll e wierklech weist, mat wat fir Methoden déi amerikanesch Politik (egal op rout oder blo) operéiert, fir hir Leit um Rudder ze halen. BLACKkKLANSMAN a FAHRENHEIT 11/9 – même combat! Hoffentlech hëllefen dës Filmer, bei de Mid Term Elections d’Rudder erëmzerappen, well soss an den DR STRANGELOVE méi séier do, wéi ee kucke kann.



                                                                        Jemp THILGES        

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.