Film vun der WochJOHNNY ENGLISH STRIKES AGAIN vum David Kerr

An engem Joer, wou et nach sou bal keen neien James-Bond-Film wäert ginn, well de Regisseur a leschter Minutt ofgesprongen ass – wéinst kreativen Differenze mat de Produzenten, heescht et – mussen d’Fans vun héichsophistiquéierten Actionfilmer mam zweete Choix a punkto “On Her Majesty’s Secret Service” an engem Film ofginn, dee sécher souguer dem schlechtste Film aus der 007-Serie net d’Waasser oder de Martini reeche kann.


Gottseidank (oder Spaghettismonster sei dank) gesäit de Rowan Mr.Bean Atkinson allerdéngs aus wéi eng Kräizung tëscht Sean Connery, George Lazenby, Timothy Dalton, Pierce Brosnan, Daniel Craig an engem Frettchen, woumat wéinstens fir de Glamour an de Sex-Appeal gesuergt dierft sinn. Dem David Kerr säin JOHNNY ENGLISH STRIKES AGAIN, den drëtte Film aus enger Serie, wou schonn deen éischten net besonnesch gutt war, ass deemno zu gläichen Deeler gerëselt a geréiert, mä wann näischt Besseres am Kino uleeft, dann hëlt een alt, wat ee kritt.

Verglach mat deem, wat am richtege Liewen der Theresa May momentan a punkto Brexit op d’Gladder fält (an trotzdeem danzt se nach), ass dat wat déi englesch Premierministesch (herrlech gespillt vum Emma Thompson, deem eenzege Liichtbléck am Film) hei matmaache muss, schlëmmer wéi zwou Woche Vakanz mam Donald Trump eleng op enger Insel.


En Hacker huet sech a sämtleche Computere vum Vereenegte Kinnekräich erageschlach a bréngt d’Liewen an England zum Stëllstand: Zu London stinn all Verkéiersluuchten op rout, sämtlech Zich fueren op déi selwecht Gare an d’Busse ginn alleguer op déi nämmlecht Haltestell dirigéiert – do géif mengem Frënd Benoît de Kolli platzen, obwuel et zu London kaum Zieharmonikasbusse gëtt. Am schlëmmsten ass allerdéngs, datt deen Hacker d’Nimm vun allen englesche Geheimagente public gemaach huet, déi dann elo net méi geheim sinn an och net méi schaffe kënnen. Also muss den Johnny English, dee mëttlerweil Schoulmeeschter ass, aus der Pensioun kommen, fir d’Madamm Prime Minister, England a wahrscheinlech souguer d’ganz Welt ze retten. En Agent, dee vu Computeren a Mobiltelefonen sou vill Anung huet wéi de Sean Connery vun Heekelen a Strécken, soll also deem gréissten Hacker vun allen Zäiten d’Handwierk leeën.


Vun deenen dräi Johnny-English-Filmer ass dëse gelungenerweis dee witzegsten, wat allerdéngs net ganz vill heesche wëll, well déi zwee Éischt waren net grad berauschend. Hei laacht ee virun allem an der éischter Halschent vum Film, wou d’Auteuren op Situatiounskomik setzen - d’Emma Thompson rett d’Miwwelen, mä och d’Zeen mam Virtual-Reality-Brëll an dem Johnny seng Danznummer ënner Drogen léisst ee schmunzen, mä am zweeten Deel geet et a Richtung Slapstick a Geblödels, wat da guer net méi sou witzeg ass. Mä bon, als Alternativ zu den Auszielunge fir d’Walen-Trauerspill op der Televisioun an um Radio ass den JOHNNY ENGLISH STRIKES AGAIN dann awer vläicht ze erdroen – an der Hoffnung, datt elo endlech Schluss domat ass a Plaz gemaach gëtt, fir de richtegen James Bond, deen iergendwéi am éischten Trimester 2020 opdauchen dierft. Hoffentlech dann net mam Mister Bean an der Haaptroll!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.