Filmer vun der WochHISTOIRE(S) DE FEMME(S) vum Anne Schroeder a PACHAMAMA vum Juan Antin

Och wa virun net all ze laanger Zäit eng Diskussioun iwwer Films made in Luxembourg vun enger (bei dem Thema) net besonnesch gutt informéierter Online-Zeitung ausgeléist gouf, geet et momentan eiser Filmzeen artistesch guer net sou schlecht, ofgesi vun de budgetäre Problemer, déi opkomm sinn, well ëmmer méi Produktiounsfirme sech e Stéck vum Kuch ofschneide wëllen, obwuel dee Kuch net méi grouss gëtt. BAD BANKS gewënnt Präisser drop an derwidder, MURER gëtt iwwerall vun der Kritik héich gelueft an de SUPERJHEMP RETÖRNS brécht all Rekorder, flitt mat Kachkéisgeschwindegkeet op 50.000 Entréeën zou an huet et souguer fäerdeg bruecht, de risege Kinoler zu Koler auszeverkafen. Thematesch Vilfalt ass eng vun de Stäerkte vun “eisem” Kino, wat och dës Woch nees bewise gëtt, well gläich zwee Filmer “made in Lëtzebuerg” an eise Kinoen ugelaf sinn, dem Anne Schroeder hiren Documentaire “HISTOIRE(S DE FEMME(S) an dem Juan Antin säin Animatiounsfilm PACHAMAMA, deen als Koproduktioun tëscht Frankräich, Lëtzebuerg a Kanada entstanen ass, an dee souwuel op Lëtzebuergesch wéi och op Franséisch am Kino ze gesinn ass.

HISTOIRE(S) DE FEMME(S)

Déi Lëtzebuergesch Produzentin an Dokumentarfilmerin Anne Schroeder war den 21. Januar mat hirer Kamera op Paräis gefuer, fir bei der “Women’s March” derbäi ze sinn, déi deen Dag an enger Hellewull Groussstied queesch duerch d’Welt organiséiert goufen, mat iwwer 5 Millioune Mënschen, déi fir d’Fraerechter agetruede sinn. D’Biller, déi d’Anne an de Stroosse vu Paräis gedréit huet, si souzesoen als Puffer an hirem Film agesat ginn, deen déi aktuell Situatioun vun de Fraen als Ausgangspunkt hëlt, fir ze kucken an ze dokumentéieren, wéi et dann an de leschte Joerzéngte bei eis am Land ëm d’Situatioun, d’Rechter an de Stellewäert vun der Fra bei eis am Land stoung a steet …a wat sech besonnesch zënter den 1960er Jore bei eis gedoen huet.

LINK: D'Anne Schroeder war en Donneschdeg Invitée am RTL-Studio.

Histoire(s) de femme(s) vum Anne Schroeder (03.12.2018)
1919 kruten d'Fraen zu Lëtzebuerg d'Walrecht.


Tëscht Interviewe vu Fraerechtlerinnen, engagéierten Hausfraen oder Mammen, deenen d’Liewen net ëmmer Cadeaue gemaach huet, gräift de Film op eng ganz Rëtsch vu rare Bilddokumenter zeréck, déi aus Lëtzebuerger Home-Movies an de Kollektioune vum Diddelenger CNA stamen.



Iwwer de reng historesche Wäert vun deene Biller eraus, weist de Film och zum Deel op eng ganz witzeg Manéier, wéi nach bis virun net all ze laanger Zäit bei eis am Land mat de Fraen ëmgespronge gouf – och vu Politiker wéi de Pierre Werner, deen d’Manifestatioun vun “deenen Dammen” virun der Chamber nawell “ganz sympathesch” fonnt huet.

Heiansdo bleift engem och d’Laachen am Hals stiechen an et wëllt een d’Fauscht benotzen, wann een zum Beispill héiert wat e stadbekannten an zimlech korpulenten Affekot enger Fra erzielt huet, déi sech wollt vun hirem ontreien Hausgespenst scheede loossen. Dat ass ganz grousse Kino!

De Film dauert eppes méi wéi eng Stonn an et gëtt een (besonnesch als Mann) nawell Villes gewuer, wat een net wousst … oder vläicht einfach net wollt wëssen.  

HISTOIRE(S) DE FEMME(S) wier iwwregens och nawell eng gutt Geschichtslektioun fir eis Politiker. Vun deene mengen der jo och e puer, datt Fraen an der Politik “ganz sympathesch” sinn.

PACHAMAMA

Peru, zur Zäit vun den Inkaen an de Konquistadoren. An engem klengen Duerf vun den Ande wunnen den Tepulpäi an d’Naïra mat hiren Elteren. D’Indios si Baueren a liewe vun de Buedemschätz, déi “d’Pachamama” (Mother Earth) hinne gëtt. Fir datt hir Felder hinnen och weider Iesse liwweren, veréiere se eng gëlle Statue, déi hinnen awer vun enger Band Inkaen, déi reegelméisseg am Duerf iesse klauen, ofgeholl a verschleeft gëtt. Déi zwee Kanner maachen sech doropshin op de Wee an d’Inka-Haaptstad Cuzco, fir d’Statue nees heemzebréngen. Just wéi se no enger laanger Rees zu Cuzco ukommen, gëtt d’Stad vun de spuenesche Konquistadoren ugegraff a belagert, wat d’Situatioun fir déi zwee kleng Abenteurer nach méi geféierlech mécht …

Den digitalen Animatiounsfilm PACHAMAMA vum Juan Antin ass als Koproduktioun tëscht Frankräich, dem Kanada an der Lëtzebuerger Firma Doghouse Films entstanen. Dëse ganz kannergerechte Film, deen och nëmme knapp 80 Minutten dauert, verbënnt eng abenteuerlech Geschicht, déi flott a spannend erzielt ass, mat enger ënnerhalsamer Geschichtslektioun iwwer dat, wat europäesch Abenteurer an Déif viru laanger Zäit mat der Bevëlkerung vun deene Länner gemaach hunn, déi se iwwerfall a kolonialiséiert hunn.

Fir Erwuessener, déi mat hirem Nowuess an de Kino ginn, ass de Film och alles anescht wéi eng Corvee, well d’Grafik vun de Biller net alldeeglech ausgefall ass an sech deemno och ganz agreabel vun de gängegen Disney – oder Pixarfilmer ofhieft.

Deemno ass PACHAMAMA alt nees eng Visittekaart fir déi Branche vu “Films made in Luxembourg”, déi eisen “Nation Branding” wäit iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg ewech an d’ganz Welt droen.



                                                                                                           

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.