Film vun der WochCOLETTE vum Wash Westmoreland

Fir hire Stot finanziell iwwer Waasser ze halen, schreift d'Colette hir eege Bicher, déi awer ënnert dem Numm vun hirem Mann publizéiert ginn.

Film vun der Woch: "Colette" vum Wash Westmoreland (20.01.2019)
Colette leit vu vir ran ënnert dem Stigma, datt et e Biopic ass iwwer eng franséisch Schrëftstellerin, deen zu Paräis spillt, ma an deem Englesch geschwat gëtt.

Schonn d’lescht Woch hunn ech Iech op dëser Plaz vun engem formidabele “Kostümfilm”, dem Yorhos Lanthimos sengem batterbéisen THE FAVOURITE, geschwat. Dëser Deeg lafen zwee weider aussergewéinlech “Biopics” an äre Kinoen, déi en plus quasi zur selwechter Zäit spille – den EDMOND vum Alexis Michalik (iwwer de franséischen Auteur vum “Cyrano”, den Edmond Rostand), e Film, deen zum Beschte gehéiert, wat d’Fransousen zënter Jore produzéiert hunn, an dem Wash Westmoreland seng Biografie vun der “skandaléiser” franséischer Schrëftstellerin Colette, vun deem ech Iech hei wëll eng Grimmel méi erzielen, vue datt och de COLETTE absolut derwäert ass, sech an de Kino ze bequemen. 2019 huet wierklech op de “Chapeaux de roue” ugefaangen an et kann een nëmmen hoffen, datt et och an den nächste Méint mat der nämmlechter Vitesse a Qualitéit weidergeet.



Am Film léiere mer dat bluttjonkt Sidonie-Gabrielle Colette kennen (hatt huet eréischt 16 Joer), dat um Land wunnt an do den 30 Joer alen an net grad brillante Schrëftsteller Henri Gauthier-Villars kënnen, mat deem hatt sech 4 Joer drop bestit, obwuel déi Zwee sech oft an den Hoer leien – well dee gudde Mann nawell d’Mënz zu de Fënsteren erausjummt, och een iwwer den Duuscht drénkt an nawell och gär mat aneren Dammen an d’Bett kraucht. Den Henri huet matkritt, datt seng Fra nawell vill besser schreiwe ka wéi hien. Mä déi Zäit war et net Usus, datt Frae Bicher publizéieren, also decidéieren déi zwee, dem Colette säin éischte Roman “Claudine à l’école” ënnert dem Henri sengem Pseudonym “Willy” ze publizéieren. D’Buch, an deem d’Sidonie hir Schoulerliefnisser erzielt, huet bei de jonke Meedercher an den Dammen e risege Succès, sou datt séier weider Bicher geschriwwe ginn. “D’Claudine” gëtt e richtege Markennumm a Frankräich, d’Sue fléissen an et gëtt souguer eng Aart “Merchandising” ronderëm dat Ganzt. Wëll et am Stot awer ëmmer méi kriselt, wärend den Henri weiderhin d’Suen zur Fënster erausgehäit a mat Jänni a Jänni pennt, entdeckt och d’Sidonie, dass d’Gras op anere Plaze méi gréng ass, an hatt fänkt un, mat Fraen ze schlofen. Donieft ass déi jonk Schrëftstellerin der Meenung, datt hir Bicher ënner hirem Numm sollten erschéngen. D’literaresch Welt soll wëssen, wie wierklech hannert de “Claudine”-Geschichte stécht…



Grad wéi am EDMOND goufen och vill Exterieurszeene vum COLETTE an Ungarn gedréit, well et zu Paräis net méi vill Ecke ginn, déi ausgesi wéi den Ufank vum 20. Joerhonnert, dowéinst mussen déi Ex-Ostblocklänner dacks mat hiren Originaldekoren aushëllefen. A béide Filmer ass d’Illusioun perfekt, an do wou näischt méi existéiert, kann haut d’Digitaltechnik nohëllefen. Et ass een also am Wash Westmoreland sengem Biopic vun Ufank un an der deemoleger Zäit agedaucht, well och d’Kostümer an d’Dekore mat vill Léift recherchéiert goufen. De Westmoreland huet de Film mat sengem kierzlech verstuerwene Liewenspartner Richard Glatzer an der polnescher Autorin Rebecca Lenkiewicz (Ida) geschriwwen. Et kéint ee jo mengen, datt e Film iwwer gläich zwee Schrëftsteller zimlech literaresch a gespréicheg géif ausfalen, mä dat ass wéinst der Dynamik vun der Inzenéierung an dem groussen Talent vun de Schauspiller Keira Knightley (Sidonie/Colette) an Dominic West (Henri/Willy) zu kengem Moment de Fall. Well déi zwee sech konstant an den Hoer leien, spillen och déi brillant geschriwwen Dialogen eng grouss Roll, an et vergësst ee souguer zimlech séier, datt de Film (iwwer franséisch Schrëftsteller) eigentlech op Englesch gedréit gouf.



Et kéint een och mengen, datt d’Liewe vum Colette, dat räich u Skandaler war, och e Skandal-Film géif ginn, mä dat ass net de Fall, obwuel eigentlech alles gesot a gewise gëtt, wat muss sinn. Eben duerch d’Qualitéit vun den Acteuren, dem Dréibuch, den Dekoren, der Fotografie an der Regie geet COLETTE erof wéi Waasser…mat engem gudde Schotz Absinth, wann der wësst wat ech mengen.

Vill Leit sinn a leschter Zäit net méi an de Kino gaang, well do ëmmer méi Filmer fir e jonkt Publikum gewise ginn, mat deenen eeler Generatiounen näischt ufänke kënnen. Mä Bijoue wéi THE FAVOURITE, den EDMOND an och de COLETTE hu verdéngt, datt een iwwer säin eegene Schiet spréngt a sech mol nees eng Kéier an de Kino beméit. Well d’Chance bei dëse Filmer och ganz grouss sinn, datt de Popcorn-knaende Publikum am Sall niewendru sëtzt, do wou ee wéinst dem Dolby Tamtam vun de Superhelden dat Geknätschs a Geraschels souwisou net héiert.





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.