LuxFilmFest-Blog"NEU am KINO" - 9. Dag

De Claude Neu suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

Da gees Du der dee leschte Film vun der LuxFilmFest-Competitioun ukucken an denks d'Bier wier ewell geschielt, well eng Aart Horror-Film, wou eng Vegetarierin op eemol immens Loscht op Mënschefleesch kritt, esou eppes géing dech jo net vum Stull rappen. Ma du has iwwersinn, dass "Grave" um Festival vu Gérardmer ewell e Präis agesäckelt hat. An da geet dat Déngen do un an du kënns op eemol aus dem Staunen net mi eraus. D'Regisseurin Julia Ducournau leet eng zolidd Portioun Perversitéit an d'Woo, gekoppelt mat enger grad esou kräfteger Prise Humor. Visuell kann ee soen, dass si meeschterhaft geschafft huet, well wann se sech do an de Bak oder an d'Been bäissen, da gesäit dat net gekünstelt aus. Atmosphäresch bleift een och ëmmer um Ball well, wéi et sech gehéiert kritt een eréischt um Enn de Firwat erkläert. An et feelt deem och net un eegener Logik. Do dernieft ass eng ganz Serie vun Zeene mat gesonder Sozialkritik versinn. Wéi zum Beispill déi wou d'Antiheldin sech am Schoulhaff mat hirer Schwëster bluddeg klappt. Kee Mënsch hëlleft ma jidderee riicht säin Handy op Video fir dat ganzt ze filmen. Et kann ee scho behaapten, dass di jonk Realisatrice mat hirem éischte Wierk, dem fantastesche Film eng nei Richtung geet. E Wierk dat esouguer mir gefall huet, dee kee groussen Amateur vum Genre sinn.

As d'Julia Ducournau e Freideg den Owend dobäi wann d'Präisser iwwerreecht ginn? Alles ass dran. Summa summarum ass dëse Festival fläicht net dee beschten, ma aacht vun zéng Filmer an der Selektioun hu mech, jiddereen op seng Manéier, iwwerzeegt. Alle virop natierlech dem Aki Kaurismaki säin "The other side of hope", deen zwar schonn den Haaptpräis zu Berlin krut an dofir ee Jury kéint dozou féieren och aneren eng Chance ze ginn.  Wéi dem flotte bulgareschen "Glory", deen dann erëm de Nodeel kéint hunn, dass seng Realisateure scho mol hei de Festival mat engem Präis fir hiren éischte Film verlooss hunn. Oder de méi hermeteschen, an awer qualitativ staarken "Dark Night", deen, wann en e Präis kritt, dësen doudsécher net mat der Unanimitéit vun der Jury kritt. Filmer wéi "I am not Madame Bovary" oder "House of others" si fir mech ganz originell Inzenéierungen, mee mat der Story happert et deels wéinst Feele vu Kredibilitéit. De schwedesche "Sami Blood" leit do nach eppes méi, ma seng Haapt-Actrice ass bestiechend. An um Enn war den amerikaneschen "Transpecos" fir mech mat voll gepaakter Spannung an intressanter Evolutioun, dee publikumsfrëndlechste Film an hätt e grousse Succès verdéngt, wann en hei eraus kënnt. Nëmmen "The lost city of Z" a "Nelly" ware fir mech zimlech schwaach an e Präis un ee vun hinne géing mech houschten dinn.

Ma mir lossen deene sechs geschoulte Jury-Memberen e Freideg den Owend hire fräie Choix an hier Begrënnung wäerte mer dann och gewuer ginn.

Vergiesse mer net, dass de Festival nach zwee Deeg weider undauert, dass Net-Vegetarier e Samschdeg nach eemol d'Geleeënheet hunn "Grave" um 19 Auer am Utopia ze kucken (a sécherlech méi wei eemol ewech ze kucken). E Samschdeg den Owend ass dann och déi vun der Rockhal a Rocklab organiséiert Video-Clip Awards Night, di lescht Feierlechkeet am Camp de Base bei der gëlle Fra.

An da ganz um Enn nach de gudde Rot virun e Sonnden den Owend de Casino opzesichen. Net nëmmen, well de Kaffi an d'Taarten am Ca(fe)sino exzellent sinn an d'Brasserie di ideal Plaz ass fir ze meditéieren oder ze liesen, ma och a besonnesch well do nach zwee Deeg laang vun 11 bis 19 Auer di Virtual Reality - Deeg sinn, déi engem en Abléck ginn, wat de Kino vu muer wäert sinn. Dir sicht Iech do ee vun 10 Mini-Documentairen eraus, kritt dann eng iwwerdimensional-Brëll-Spektiv op d'Nues gesat, déi mat engem Handy gefiddert gëtt. An da kënnt der Iech ronderëm d'Achs dréien an Dir gesitt alles vun uewen, vun ënnen, vu vir, vun hannen a vun de Säiten, jee nodeem wou der hikucke wëllt. D'Schwindelgefill ass schonn emol garantéiert, wann der uewen op engem Schëffsmast sëtzt, ma d'Erfahrung ass derwäert, och wann all Filmer éischter deprimant, well ëmweltbewosst Themen traitéieren. Ma domadder ass den Organisateuren hiert Uleies zur Sensibiliséierung dann och zefridde gestalt. D'Entrée ass hei iwwregens fräi

Nächste Rendez-vous ginn ech Iech dann e Samschdeg mat mengen Iwwerleeungen zu de frësch gekréinte Wierker.

DOSSIER: Blog, News, Gewënnspiller a villes méi iwwert de Luxfilmfest 2017.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.